Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Israel: Juristescht Koméidistéck mam Premierminister an der Haaptroll
International Money https://moien.lu/cryptocurrency-dating-site/

trinidad hook up

Et wier eng Première an der Geschicht vun Israel, mee

dating site in south african
International Money https://moien.lu/cryptocurrency-dating-site/

D’Linn 26 fiert nees ab dem 7. Januar 2019!

D’Stad Lëtzebuerg informéiert de Publique doriwwer, datt ab dem 7.

Kënnt et am Venezuela zum Biergerkrich?
International Money https://moien.lu/cryptocurrency-dating-site/

Kënnt et am Venezuela zum Biergerkrich?

D‘Situatioun tëscht Regierung an Oppositioun am Venezuela ass ugespaant, an

money

Huet d‘Kierch déi Äermst beduckst?

Vatikan keeft zu London Luxusimmobilie mat Spendegelder an de Poopst bedauert dat

Huet d‘Kierch déi Äermst beduckst?

Wien sech – grad zu dëser Joreszäit – besënnt an sengem Nächsten eppes guddes Undoe wëll, dee mécht dat oft mat enger Spend. Geld dat Bedierftege soll zerguttst kommen. Traditionell vertraut een do op Institutioune wéi déi kathoulesch Kierch, d‘Rout Kräiz an och nach UNICEF. Déi gëtt et schonn éiweg an hunn och entspriechend Erfolleger Opweises, mee wou fléisst d‘Geld hinn?

Elo dann den Eclat an et kann ee betounen, datt sech bis ewell nach ni e Poopst esou däitlech zu den dubiéise Geschäftspraktike vum Vatikan geäussert huet. Et war op der Réckrees vu Japan, wou den hellege Papp zu den Ermëttlunge géint Kuriemataarbechter befrot ginn ass. Déi sollen eng luxuriéis Immobilie zu London kaf hunn, an um Verdacht, datt eng gedréit ginn ass, schéngt eng drun ze sinn.

Et wier ee Skandal an hei hätten se eppes gemaach, dat net propper ass, esou de Poopst Francis, deen op anerer Plaz an dësem Kontext ganz kloer vu Korruptioun geschwat huet. Géint déi net ganz esou éierlech Mataarbechter gëtt ermëttelt – et handelt sech heibäi ëm héichrangeg Employéeë vum Staatsekretariat an der Finanzopsiicht vum Vatikan – an et ass rieds vun ee puer honnert Milliounen.

Gel dat fir eng Luxusimmobilie zu London opgewannt ginn ass, allerdéngs aus dem Spendendëppen ofgezweigt ginn ass. Et géif heibäi ëm de sougenannte „Peterpfennig“ handelen. Am Fliger huet de Poopst erkläert, datt hie perséinlech d‘Enquête fir Korruptioun ofgeseent huet, nodeems den interne Wirschaftspréiwer him erzielt hat, datt eppes Schlëmmes geschitt wier an net wéist wat maachen.

Et muss ee sech och eppes vergënnen

De Poopst hätt sech d‘Affär erläutere gelooss an dem Préiwer gesot. „Et gëtt eng vatikanesch Justiz. Géi dohinner an deposéier eng Plainte beim Promoter vun der Justiz (esou nennen déi de Procureur) dee weess wat ze maachen ass“. Dat huet de Mann dann och gemaach an déi vum vatikanesche Procureur ugeuerdent Ermëttlungen hunn éischt zolidd Folgen, fir déi betraffe Vatikan-Beamten.

VatikanAlle fënnef si vun hiren Ämter suspendéiert ginn an dierfen, bis d‘Virwërf ofschléissend gekläert goufen, de Vatikan net méi betrieden. An de Poopst Francis dierft besonnesch iergeren, datt de Kaf vun engem Haus am Nobelquartier „Chelsea“ mat Suen aus dem peepstleche Spendefonds soll getätegt gi sinn. De „Peterpfennig“ ass ee Fonds, aus deem de Poopst seng Projete finanzéiert.

Et ass allerdéngs och richteg, déi Suen déi am Fonds stiechen ze investéieren. Et ass jo net, well dat Geld grondsätzlech fir déi aarm Leit geduecht ass, datt een et net vervillfältege soll. Dat weess och de Poopst, deen der Usiicht ass, datt een Eegentum kafen, et verlounen an dann nees verkafe kann, wat zu gudder Lescht jo och den Aarmen zerguttst géif kommen. Dofir muss hei alles gekläert ginn.

Et soll kee virveruerteelt ginn

Wann een dem hellege Mann zoustëmme kann, datt een hautdesdaags säi Goss net méi einfach esou an e Spuerschwäi stieche kann, well datt näischt bréngt a kengem notzt, esou sollt déi kathoulesch Kierch sécher a virun allem moralesch vertrietbar Investitioune gënnen. Esou sollte keng Spenden an eng Waffefabrick investéiert ginn, well dann d‘Spend keng Spend méi ass, esou de Poopst.

Hie leet allerdéngs grousse Wäert drop, datt bis d‘Enquête net ofgeschloss an déi Verdächtegt net veruerteelt goufen, een hinnen d‘Onscholdsvermuddung muss zougestoen. De Fall hätt zur Stonn och nëmme bewisen, datt déi vum Vatikan agefouert Kontrollmechanissem och tatsächlech Sënn maachen an d‘Funktioun erfëllen. Dat wier sécherlech belaaschtend awer wéi ee gesäit noutwenneg.

Interessant och, datt de Virfall net vu bausse gemellt an opgerullt gëtt, mee intern bekannt gemaach gouf. Et war schonn eng gutt Saach, datt de pensionéierte Benedikt dat alles agefouert huet an et och „Beamte“ gëtt, déi dës Instruktioune wuertwiertlech geholl hunn. Wien awer ëmmer gäre säi Geld der Kierch gespend huet, well et den Aarmen zoukënnt, deen dierft hei zolidd enttäuscht sinn.

mat indymedia/rom/lon/gva

Foto: © Vatican Media

Ähnlech Sujeten Chelsea, Investitiounen, London, Luxus, Peterpfennig, Poopst Francis, Spenden, Vatikan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel