Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Zukunft vun der Zousazversécherung CMCM
Sport

D‘Zukunft vun der Zousazversécherung CMCM

Vum demographesche Wandel profitéieren an den Affiliéierte méi Servicer ubidden,

Volleyball D1: D‘Minettsdäpp vun de Stater kuerzerhand ofgefäerdegt
Sport

Volleyball D1: D‘Minettsdäpp vun de Stater kuerzerhand ofgefäerdegt

An der Sportshal zu Esch stoung fir déi Escher e

Schueberfouer: Zefridde Gesiichter wou een hikuckt
Sport

Schueberfouer: Zefridde Gesiichter wou een hikuckt

Hie kann och schonn emol eppes méi granzeg drakucken. Riets

VC Belair och beim Nodrosmatch feelerfräi

VC Belair och beim Nodrosmatch feelerfräi
D‘Drëtt Equippe vum Volley Belair huet sech gutt presentéiert, konnt dem VC Belair awer zu kengem Moment wierklech geféierlech ginn. Trotz allem Respekt fir dee ganz flotte Match deen se gebueden hunn.

Dem Michael Begemann seng Jonge vum VC Belair waren um Dënschdeg gutt virbereet aus dem Weekend komm. Fir déi drëtt Equippe vu vum Volley Bartreng, déi scho vun de Kollegen erzielt krute wéi staark Belair opgestallt ass, kee ganz liichten Owend.

Mee et kann ee soe wat e wëll, de Volley Bartreng huet war net ugetrueden de Jonge vum Belair et einfach ze maachen. An et war dann och eng vun deene Renconteren déi richteg Freet gemaach huet. Zäitweis huet ganz interessant a virun allem länger „Echange“ ginn, an op der Säit vum VC Belair huet een sech dann och schonn emol missen no deem engen oder anere Ball „strecken“.

Trotzdeem war fir déi Bartrenger no dräi Sätz d‘Kamell gelutscht. Emol ze sécher d‘Equippe ronderëm de Kapitän Christophe Lazzarin, och wann ee muss drop hiweisen, dat hei an do liichtfankeg Feeler sech ageschlach haten. Eng iwwerzeegend Leeschtung, déi dann hoffentlech och beim Coupe-Match e Samschdegowend kann ofgeruff ginn.

Mat engem Match Retard, bleift de VC Belair dann awer op Aenhéicht mat den direkte Géigner VC Fenteng an VBC Esch Uelzecht. An och wann d‘Saison nach net wierklech Vitesse opgeholl huet, esou lues awer Sécher, sollt de President Fred Grainsson sech Gedanken iwwert den Opstig an d‘Nationaldivisioun dierfe maachen.

D‘Tabell

VC Belair

All d‘Fotoen © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten VC Belair, Volley Bartreng, Volleyball, Volleyball 1. Divisioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel