Brexit: Déi britesch Propose fir den Ëmgang no der Scheedung
Déi britesch Regierung huet um Freideg seng Propose, zu den
Déi britesch Regierung huet um Freideg seng Propose, zu den
Déi amerikanesch Weltraumentreprise SpaceX huet e Freideg seng nei Rakéitegeneratioun
E Sonndeg stoung Veianen ganz am Zeeche vun der Noss.
Leschte Freideg huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg d’Schaarschtechbotzer an d’Uewesetzer vun der Federatioun vun den Installateure vun de Sanitär- a Klimariichtungen (FIESC) am Gemengenhaus empfaangen.
Generell gi Schaarschtechbotzer als Glécksbrénger ugesinn. An dësem Kader hu si dovu profitéiert fir der Stad Lëtzebuerg déi bescht Wënsch fir dat neit Joer 2019 auszedrécken.
Apropos Glécksbrénger
Hutt Dir Iech net och schonn ëmmer gefrot, wisou d’Persounen, déi dëse Beruff ausüben, als Glécksbrénger ugesi ginn? Dëse Fait huet eng laang Geschicht, déi bis an d’Mëttelalter zeréck geet. Deemools gouf virgeschriwwen, datt d’Bierger op mannst zwee Mol am Joer hire Kamäin sollte botze loossen, schonn eleng fir ee Brand auszeschléissen. Wien dëser Flicht net nokoum, an d’Ongléck ass geschitt, huet missen eng Strof bezuelen.
Mat senger Aarbecht huet de Schaarschtechbotzer d’Onheel verdriwwen an d’Bierger viru Verloscht a Bestrofung geschützt. Aus dësem Grond war säin Handwierk gäre gesinn. Donieft goung et awer och ëm déi traditionell schwaarz Kleedung an d’Haut vum Schaarschtechbotzer déi oft knaschteg war duerch de Rouscht. Doduerch hunn d’Bierger sech mystesch Geschichten a Spekulatiounen ausgeduecht.
Ee Mythos ass et, datt de Schaarschtechbotzer ee Gesell vum Däiwel war a selwer beis Geeschter, sou wéi säi Meeschter selwer, bekämpfe konnt – eng praktesch Qualifikatioun am Mëttelalter.
Opmaacherbild: © Charles Soubry