Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Oktober 2020
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 11. Oktober 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Konventioun vun Istanbul: Méi Gerechtegkeet fir d’Fraen an d’Meedercher
Neiegkeeten

Konventioun vun Istanbul: Méi Gerechtegkeet fir d’Fraen an d’Meedercher

Um Freideg hunn d’Ministesch Lydia Mutsch (Chancëgläichheet) an de Minister

Ab e Méindeg dierf een dem Groussherzog Jean am Palais eng lescht Éier erweisen
Neiegkeeten

Ab e Méindeg dierf een dem Groussherzog Jean am Palais eng lescht Éier erweisen

De Marechalat vum Haff huet an engem Communiqué doriwwer informéiert,

Stad Lëtzebuerg: Verkafsoppene Sonndeg a Floumaart

Stad Lëtzebuerg: Verkafsoppene Sonndeg a Floumaart

D’Stad Lëtzebuerg kënnegt déi éischt Editioun vum Floumaart um Knuedler fir dëse Sonndeg, de 6. September 2020 un. Wärend een hei ënnert dem strikte Respekt vun de sanitäre Mesuren déi eng oder aner Pärel fannen a vun super Schnäppercher profitéiere kann, lackelen d’Geschäfter an der Uewerstad an am Garer Quartier d’Clientèle um verkafsoppene Sonndeg bei sech.

Fir dem Stress no enger Parkplaz ze sichen entgoe wëll, sollt un dësem Dag op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen. Donieft stinn de Parking um Glacis mam City Shopping Bus, de Parking Schuman, de Parking Stade, de P+R Houwald an de P+R Bouillon zu Ärer Verfügung.

An dësem Kader erënnere mir op eegen Initiative hin un de Konscht am Gronn, deen och um kommende Sonndeg stattfënnt. Lauter kleng Galerien ënnert fräiem Himmel iwwerzeegen duerch artistesch Meeschterwierker, kreativ Objeten mat Léift zum Detail an opgeschlosse Kënschtler, déi Iech bei Froe weiderhëllefen.

Weider Informatiounen ginn et op www.vdl.lu, wéi och op www.cityshopping.lu an op busgratuits.vdl.lu.

Opmaacherbild © Artificial Photography

Related topics Bus, Ëffentlechen Transport, Floumaart, Knuedler, Konscht am Gronn, Parking, Place Guillaume II, Stad Lëtzebuerg, Verkafsoppene Sonndeg
Next post Previous post