Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Handelskrich: Den Trump stellt seng Fuerderungen un d’EU
Neiegkeeten

lazy dating cream

Um Samschdeg huet den Donald Trump vun der EU verlaangt,

half time hook up
Neiegkeeten

ULC: D’Präiserhéijung vum SNCT ass onverschimt!

Vergaangene Freideg gouf bekannt gemaach, datt déi technesch Kontrollstatiounen am

Kal oder waarm? Hollännesch Streeween an Aktioun!
Neiegkeeten

Kal oder waarm? Hollännesch Streeween an Aktioun!

Wou a ganz Europa d’Leit mam Gesiicht virum Ventilator hänken

Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg

Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg
Veillée de Noël um Härebierg. © Laurent Mehlen/moien.lu
Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg
D'Riede kënne lass goen. © Laurent Mehlen/moien.lu
Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg
Auszeechnung vun de beschte Sportler. © Laurent Mehlen/moien.lu
Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg
De François Bausch wärend senger Ried. © Laurent Mehlen/moien.lu
Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg
Iwwerreechung vum Don fir "Special Olympics" mam Här Pierrot Feltgen© Laurent Mehlen/moien.lu
Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg
Iwwerreechung vum Don fir "Mathëllef Absl." © 1 SgtCh Pljakic Aldin
Besënnlecht Zësummesinn um Härebierg
An der éischter Rei: d'Éieregäscht vun der Feier. © 1 SgtCh Pljakic Aldin

Gëschter war um Härebierg déi alljäerlech traditionell Veillée de Noël. Präsent waren hei Leit aus de verschiddenste Räng vum Bierg, Zivilpersounen aus verschidde Fondatiounen, wéi och den Här Minister Bausch.

De Programm huet um 14 Auer mat enger klenger Ried vum engem Offizéier ugefaangen. Fir di besënnlech Atmosphär huet d’Militär Musek, nieft der Dekoratioun, ee klenge Stennchen gehalen. Dono ass et mat enger Ried vum Generol Alain Duschène weidergaangen, wou hien iwwert d’Missioune vun der Lëtzerbuerger Arméi geschwat huet. Hai goufen déi aktuell, wéi och déi vergaange Missiounen, déi zu Litauen, an Norwegen, a Mali a sou weider ausgefouert goufen, an och nach an Zukunft wäerte sinn. Esou soll de Fridden an der Welt oprecht erhale ginn.

Mee net nëmmen Aktivitéiten am Ausland goufe betount. Och d’Missiounen hei am Land, déi fir Lëtzebuerger Zivilgesellschaft vu groussem Wäert sinn, wéi beispillsweis d’Hëllef bei den staarken Iwwerschwemmungen, goufen ernimmt. Dernieft goufen déi nei Gesetzer, déi eis Lëtzebuerger Arméi concernéieren, wéi och Ännerungen ënnerhalb vun der Arméi opgezielt. Zum Beispill waren, an sinn dëst Renovatiounen um Bierg.

Ofgeschloss gouf d’Ried mat engem grousse Merci un all d’Zaldoten, déi bei der Organisatioun gehollef hunn. Zousätzlech goufen natierlech schéi Feierdeeg gewënscht. Als kleng Ofwiesslung tëschent den Riede gouf et allkéiers ee musikaleschen Optrëtt vun der Militär Musek.

Als nächst goufe Präisser fir déi sportlechst Zaldoten, fir hier Leeschtungen an de verschiddenste Sportaarten iwwerreecht. Dëst goung vum Schwammen iwwer d’Lafe, bis hin zum Sportschéissen, aus den internen, wéi externe militäresche Kompetitiounen, an och extern militäresche sportleche Leeschtungen.

Um Uschloss sinn Donatiounen iwwerreecht ginn, déi vun der Arméi, fir verschidde Fondatioune gesammelt goufen. Heizou gehéiert beispillsweis:

  • Fondation EME-Écouter pour Mieux s’Entendre“, déi den Leit, déi an hirem Liewen ageschränkt sinn, d’Chance ze ginn,, sech iwwert Musek a Kultur an d’Liewe mat eran ze bréngen
  • Special Olympics“, déi sech reng de sportlechen Aktivitéite widmen, an dat fir déi Leit, déi enger geeschteger Aschränkung ënnerleeë sinn, mam But, hinnen e soziale gestäerkten Zesummenhalt iwwert den Sport ze erméiglechen
  • Mathëllef Asbl.“, déi sech de Leit mat psychesch Problemer verschriwwen hunn a mam Don therapeutesch gehollef solle kréien
  • Association des anciens combattants des forces“, déi de Veteranen, wéi aktive Leit aus der Lëtzebuerger Arméi mat Hänn an Féiss zur Säit stinn

Dono koum d’Ried vun eisem neie Verdeedegungsminister François Bausch. An senger Ried goufe Projeten, déi an der Arméi fir eng Moderniséierung ugefaange ginn, ugeschwat. Ënner anerem gouf präzis de Wandhaff, den leider an enger Ëmweltzon läit, an domat net ëmweltgerecht wier gemengt. Hei wier et vu grousser Bedeitung een Effort, am Bezuch ob Ëmweltfrëndlechkeet ze maachen.

Och huet den Här Bausch betount, datt d’Arméi elo d’Chance hätt, hien als Verdeedegungsminister, wéi och als responsabel Persoun an der Infrastruktur ze hunn. Domat wier et méiglech eng Erweiderung, wéi och den Ausbau vun der bestoender Infrastruktur nohalteg ze gestalten.

Zum Schluss vu senger Ried gouf et dann och, vu senger Säit ee grousse Merci un d’Arméi an et goufe schéi Feierdeeg gewënscht. No enger klenger Presentatioun vu Fotoen, vun den Zaldoten an hiren Aktivitéiten, kruten d’Gäscht ee Patt zum Beschten.

Ähnlech Sujeten Association des anciens combattants des forces, Fondatioun EME, Härebierg, Lëtzebuerger Arméi, Mathëllef Asbl, Special Olympics, Veillée de Noel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel