Echter’Jazz am Trifolion (Ausverkaaft)
D’Gebridder Julian a Roman Wasserfuhr bilden als Duo mat Trompett
D’Gebridder Julian a Roman Wasserfuhr bilden als Duo mat Trompett
Säit dem Méindeg hunn sech d‘Reegele fir d‘Obtentioun vum Congé
Um Donneschdeg, de 7. November 2019 organiséiert d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI),
Zënter laange Joren ass de Veiner Nëssmoort eng fest Gréisst am Manifestatiounskalenner vu Veianen. Ob Veréierer vun der Noss, Stammclient, Tourist oder einfache Virwëtz, fir all Goût wäert ee leckere Produit oder eng spannend Attraktioun gebuede ginn.
Scho laang ass déi beléift Stad mat der Buerg déi heemlech Haaptstad vun der Noss. Am Joer 1902 koumen nämlech ronn 20 % vun allen Nëss am ganze Land vun do. Fir déi aussergewéinlech vill Nëss ënnert d’Leit ze kréien, huet ee schliisslech 1935 een éischte Versuch gewot an ee Maart organiséiert.
Am Laf vun de Joren huet sech genau dës Iddi zu engem risege Volleksfest entwéckelt. Wärend dem Krich, sou wéi tëscht 1952 an 1969 huet ee missen eng Paus maachen. Allerdéngs ass d’Léift zum natierleche Produit, dee voller ongesättegt Fettsaieren a positiv Eegenschafte stécht, ni verluer gaangen. Soubal et nees méiglech war – an dat sollt 1970 sinn – huet ee sech nees un d’Organisatioun gesat, woumat d’Veiner Nëssmoort Asbl mat Stolz matdeele kann, datt si säit bal 50 Joer ouni Ënnerbriechung d’Evenement nees organiséiert huet.
Déi grad genannt Asbl, eng Entente vun 13 lokale Veräiner an 2 Geschäftsleit, mat Ënnerstëtzung vum Wirtschaftsministère an der Veianer Gemeng freet sech dofir ëmsou méi, d’Editioun 2019 ze presentéieren: lokal Veräiner a Geschäfter proposéieren Iech all méiglech fest a flësseg Spezialitéite ronderëm d’Noss. An de Gaassen an op weidere verschiddene Plaze fënnt een zudeem DJen, Orchesteren a Museken, sou wéi Animatioun fir d’Kanner.
„Dat alles zesomen mischt dee ganz spezielle Charme vuam Veiner Nëssmoort ous“, sou d’Asbl. Wie sech dem Verkéierschaos an der Sich no enger Parkplaz entzéie wëll, dee sollt am beschten op eng vun den Navetten zeréck gräifen. Extra fir dësen Dag bréngt ee Bus Iech vum Auto bis bei d’Fest. Hei fannt Dir de Plang:
De Veiner Nëssmoort 2019 fënnt um Sonndeg, den 13. Oktober zu Veianen statt. Vun 10:00 bis 19:00 Auer gitt Dir an eng nosseg Stëmmung bruecht.