Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Et ass jo elo gutt, mir hunn et verstanen
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Et ass jo elo gutt, mir hunn et verstanen

Och a Krisenzäite muss een eis Regierung luewen, wëll si

Eng noutwenneg Reaktioun op de Verkéierschaos zu Walfer
Kultur Neiegkeeten

Eng noutwenneg Reaktioun op de Verkéierschaos zu Walfer

Zanter dësem Méindeg ass zu Walfer Verkéierschaos well d’Stroossen (CR125

money
Fondatioun IDEA: Masseg Urgencen!
Kultur Neiegkeeten

Fondatioun IDEA: Masseg Urgencen!

Gëschter huet IDEA scho säi 6. „Avis Annuel“ presentéiert. Am

Am Interview mam Veit Etzold – Vu Sonnemëllech an dem Dram vum Fléien

Deel 2

Am Interview mam Veit Etzold – Vu Sonnemëllech an dem Dram vum Fléien

Den Dr. Veit Etzold ass net nëmmen e begaabten Thrillerauteur – hien ass och Beroder. Storytelling nennt sech dat Ganzt. Op senger Facebooksäit gëtt hien eis e gudden Abléck a seng Aarbecht. Ech si frou, dass hien sech Zäit geholl huet, mir dës Froen ze beäntwerten!

EBooks oder Pabeierbicher?

Ganz kloer Pabeier, ech schaffe mat Bicher, ech muss do draschreiwe kënnen, ech muss se upake kënnen. EBooks maache mech geckeg, ech kann d’Säiten net wiesselen, mä heiansdo benotzen ech de Kindle oder den Tolino – wa meng Fra scho schléift an ech nach liese wëll. Da geet et net aneschter. Wann een am Donkele liese wëll ass et ganz praktesch. Oder an der Sonn ass et ganz gutt, mä fir mech ass et keen Ersatz fir Bicher.

Wat haalt Dir vun Ieselsoueren a Bicher?

Ech benotze Post-its, mä ech schreiwen och dran. Se sinn zerknautert, menger Fra Saskia gëtt et ëmmer ze vill, wann hatt gesäit ewéi ech domat ëmginn, mä fir mech sinn et Aarbechtsmaterialien a keng Museumsstécker.

Huelt Dir Iech d’Kritiken zu Häerz?

Et gëtt bestëmmt keen Auteur, de sech net iwwert gutt Kritike freet a sech iwwer schlecht Kriticken iergert, all Lieser huet aner Virléiften. Wat mech deelweis iergert ass, wa Leit mengen, si misste Fakten a Fro stellen – zum Beispill, dass Seriemäerder an der Kandheet zum deem gemaach ginn, wat se dono sinn. Dat ass esou. Jo, d’Realitéit ass dacks méi schlëmm ewéi d’Fiktioun. An méi onlogesch. Sou ass et eben.

Och dass et Gesetzeslücke gëtt, dass Kanner ënner 14 Joer eigentlech stroffräi handele kënnen, dat ass esou. Wann da Leit behaapten, dat stëmmt net – ech hunn et juristesch recherchéiert. Do kann een Affekoten, Riichter an Ermëttler froen. D’Fakte leien um Dësch. An déi Ausso, dass et eigentlech klischeehaft ass, dass e Seriemäerder fréier vu senger Mamm mëssbraucht ginn ass, reegt mech op. Jo, et ass villäicht e Klischee, et ass awer och e Fakt. Fakte si keng Klischeeën, Fakte si Fakten an déi muss een zur Kenntnis huelen.

Hutt Dir e Liblingsbuch?

Herr der Ringe, Buddenbrooks vum Thomas Mann, dat ass jo éischter héich Literatur a Schweigen der Lämmer vum Thomas Harris – dat ass e richtege Klassiker.

Liblingszitat?

Do ginn et der méi. Eent ass op Englesch:
If you’re not at the table, you’re on the menu.
(Wenn du nicht am Tisch sitzt, bist du auf der Speisekarte.)
Schéin ass och:
In God We Trust, All Others Pay Cash – zemools an der kënschtlerescher Zeen, Editioun, Buch, Film kritt een dacks komesch Verspriechungen ze héieren, déi net ëmgesat ginn. Vun dohier:
Seeing is believing, et soll een et eréischt gleewe wann et ze gesinn ass.

A vum Kardinal de Retz:
Es ist gefährlicher etwas Dummes zu sagen, als etwas Dummes zu tun. Dat trëfft nawell dacks zou.

Wéi géift Dir Iech an dräi Wierder beschreiwen?

Kreativ, zilorientéiert, humorvoll – Ob et stëmmt, sollen aneren entscheeden …

Wat ass de Geroch/d‘Geräisch aus Ärer Kandheet?

Ech menge frësch geméitent Gras a Sonnemëllech, et ginn der vill. Ech fannen, dat huet eppes Entspanendes.

Wéi e Kandheetsdram hutt Dir Iech nach net erfëllt?

Fléien ze kënnen. Selwer fléie kann de Mënsch jo net, mä de Piloteschäin maachen. Oder den Helikopterschäin, wat och ëmmer. Do hunn ech fréier dervu gedreemt, ech sinn awer nach net dozou komm.

Wann Dir mat engem Fangerschnëpsen eppes an Ärem Liewen ännere kéint – wat wär dat? A firwat?

Wahrscheinlech géif ech gesond bleiwen, dat ass dat Wichtegst iwwerhaapt, dogéint ass alles aneschter e Luxusproblem. Ech sinn zum Gléck bal ëmmer gesond, mä wann een dat méi vereinfache kéint, wär et super.

Wann Dir eng Figur aus engem Roman oder Film treffe kéint – wien wier dat? Wat géift Dir hier soen?

D’Clara natierlech – an de MacDeath ass jo en Alter Ego vu mir, sou eng Aart Kopie, mat him kéint ech vill iwwer Horrorfilmer schwätzen.

Wat bedeit Famill fir Iech?

Famill gëtt engem Halt an ass Heemecht. Ech sinn net nëmmen e Familljemënsch, ech kann och fir mech eleng sinn. Gutt Frënn, Kooperatiounspartner, Leit am Verlag, Agente mat deenen e gutt Projete mécht sinn och eng Aart Famill fir een. Dowéinst wéilt ech dat net sou enk faassen.

Wat ass Iech wichteg am Dag gemaach ze hunn?

Dat ze packen, wat ech mir virgeholl hunn. Well et mécht e sech ëmmer eng To Do-Lëscht. Ech sinn frou wann ech et hannert mir hunn, d‘Saache fäerdeg sinn an dann d’Fräizäit genéisse kann.
Do sinn ech paranoid, wann Saachen net fäerdeg ginn an ech Rendezvouse muss anhalen, ob déi ech kee Bock hunn an déi iwwerflësseg sinn. Da ginn ech séier schlecht gelaunt.

Déi beschten Entscheedung vun Ärem Liewe war?

Tatsächlech war dat mäin eegent Déng ze maachen, Schrëftsteller an Expert fir Storytelling sinn an net an iergendenger „Angestelltentretmillen“ ze versaueren. Dat kann ech jidderengem roden – maacht Äert eegent Déng! Et ass schwéier an haart Aarbecht, mä wann Dir dat duerchzitt ass et e super Schratt.

Wéini kënnen d’Lieser mat dem nächste Buch rechnen?

Ma schonn am Hierscht erschéngt Final Control, e Politthriller. Et kann een d’Buch schonn op diverse Plattforme virbestellen. Et geet ëm China an Iwwerwaachungstechnologie, passt eigentlech gutt zur Coronapandemie, mä ech hunn et virdru geschriwwen. D’Inspiratioun war eng China-Rees mat Global Bridges am Joer 2018. Ech war virdrun och scho méi dacks a China, ech fannen et extrem faszinéierend. Den nächste Clara Vidalis (Band 8) kënnt am Joer 2021, do konzipéieren ech grad drun.

Villmools Merci fir déi schéi Froen a Merci fir d’Liese vum Interview a vun de Bicher!

Opmaacherbild: © Veit Etzold

Ähnlech Sujeten Auteur, Blutgott, Buch, ebooks, Famill, Gesondheet, Herr der Ringe, Ieselsouer, Interview, Literatur, MacDeath, Schrëftsteller, Schweigen der Lämmer, Thriller, Veit Etzold
Nächsten Artikel Virrechten Artikel