Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Moskau: Internet nach just iwwer russesch Server?
International Neiegkeeten

Moskau: Internet nach just iwwer russesch Server?

An der russescher Duma (Parlament) soll e Gesetzprojet ugeholl ginn,

Chantier um CR226 op der Itzegerstee bis Enn Juni
International Neiegkeeten

Chantier um CR226 op der Itzegerstee bis Enn Juni

D’Stroossebauverwaltung informéiert, datt um Méindeg den 18. Mee de Chantier

Galerie: Dag vun der aler Karosserie am Fonds de Gras
International Neiegkeeten

Galerie: Dag vun der aler Karosserie am Fonds de Gras

Um Sonndeg huet um Site vum Train 1900 am Fonds

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)

Vëlkermord am Jemen: D‘Roll vun de Vereenten Natiounen (erkläert)

Wann et zoutrëfft datt kee Mënsch fräi ass vu Feeler, esou gëllt dat och fir Institutiounen déi vum Mënsch erriicht gi sinn. Traureg ass dës Feststellung dann, wann se op eng vun deene beschten zoutrëfft: d‘Vereenten Natiounen (UNO). Si ass um virsätzleche Vëlkermord am Jemen bedeelegt.

E schwéiere Virworf deen ze beleeën ass. Esou huet den UN-Sécherheetsrot de 14. Abrëll ouni Géigestëmm d‘Resolutioun 2216 ugeholl, mat där e Waffenembargo a Sanktioune géint d‘Houthi-Rebelle verhaange goufen. Allerdéngs nëmme géint d‘Houthi-Rebellen. D‘Dokteren ouni Grenzen (MSF) huet d‘Folge vun dëser Resolutioun emol duergestallt.

MSF stellt fest: „De SAC (déi saudesch gefouert Koalitioun)huet mat dëser Resolutioun e Blanko-Scheck ausgestallt kritt, déi et hir erlaabt déi gesamt Infrastruktur déi de Rebellen e militäresche Virdeel bidde kéinten – wéi Stroossen, Fluchhäfen, Häfen an/oder Tankstellen – ze bombardéieren“. Den „Import“ ze beschränken, géif zudeem derzou féieren, datt d‘Land vun der Welt isoléiert gëtt.

An domatter ass och schonn ee vun de grousser Problemer ernimmt ginn. Well de Jemen nu emol bal vollstänneg op den Import vu Wueren ugewisen ass, ergëtt sech aus dëser UN-Resolutioun d‘Legitimatioun vun enger Versuergungsblokad, déi mat sech bréngt, datt net emol méi dat noutwennegst fir ze iwwerliewen ukënnt. Wéi beispillsweis Liewensmëttel oder Medezin.

Entgéint déi eege Reegelen

Bezitt ee sech op dat vun de Vereenten Natiounen ausgeschaffte „Vëlkerrecht“, dann erfëllt esou eng Blokad de Bestand vun engem Krichsverbriechen. Et kann een also folgerichteg behaapten, datt d‘Resolutioun 2216 e Vëlkermord legitiméiert. Et ass dann och dëse Widdersproch deen een als eigentleche Skandal am jemenitesche Biergerkrich muss denoncéieren.

Richteg eekelerregend gëtt dat ganzt, wann déi ganz Welt deem dräi Joer laang stëllschweigend nogekuckt huet. Et wäert ee sech geduecht hunn, do gëtt et eng Un-Resolutioun, also ass dat ganzt esou wéi et leeft gerechtfäerdegt. Bis op emol. Do ass d‘Weltcommunautéit erwächt, wéi zu Istanbul de Jamal Khashoggi, an der saudescher Ambassade ëmbruecht ginn ass.

Vun engem Ament op deen aneren, war Saudiarabien net méi ganz dee Partner, mat deem ee sech op der Bühn vun der Weltpolitik weise wollt. Jo esouguer Washington huet, wuel ganz zaart, mee betount mat der Fauscht op den Dësch geschloen. An op emol hunn och déi „grouss“ Medie vum Krich am Jemen bericht, a misse feststellen, datt déi meescht Leit net duerch Waffe stierwen.

Indirekt Krichsféierung

Am Jemen stierwen an erhéngere Mënschen duerch déi sougenannten indirekt Krichsféierung. Et gëtt d‘Wirtschaft op Null gesat, et gi keng Paie méi ausbezuelt, d‘Währung gëtt bewosst entwäert. Zur Entlaaschtung vun der UNO, muss een fairerweis soen, datt wat si ënnerhëlt wéinstens besser ass wéi dat wat de Rescht vun der Welt bis ewell Opweises huet, och wann et eng Blamage ass.

Esou hunn se sech op de Vereenten Natiounen zumindest selwer zougestanen, datt d‘Situatioun am Jemen, nëmmen nach als „déi schlëmmsten humanitär Kris op der Welt“ ze ëmschreiwen ass. Hei si Millioune Mënschen, dorënner bis zu 14 Millioune Kanner, direkt vun enger Hongersnout bedreet. Net ze vergiessen datt de Jemen och ewell vun enger kritescher Cholera-Epidemie betraff ass.

Op d‘Friddensgespréicher déi am Dezember zu Stockholm ugefaangen hunn, eng nohalteg Léisung fir d‘Land a virun allen fir d‘Mënsche mat sech bréngt, bleift ofzewaarden. D‘Konfliktparteie schénge jiddefalls net presséiert ze sinn eng Eenegung ze fannen. An egal wéi d‘Gespréicher verlafen, hei muss sech d‘UNO selwer a Fro stellen, wa se als Friddensstëfter wëll kredibel sinn.

Ähnlech Sujeten Hongersnout, Houthi, Jemen, Saudiarabien, UN-Resolutioun, Vëlkermord
Nächsten Artikel Virrechten Artikel