Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU: Den europäesche Grenzschutz dierf och a Mazedonien intervenéieren
dating rules for young adults

EU: Den europäesche Grenzschutz dierf och a Mazedonien intervenéieren

D‘EU-Kommissioun an déi fréier jugoslawesch Republik Mazedonien (ARYM) hunn e

speed dating norfolk uk
dating rules for young adults

online dating lame

Et brauch um een um Handy nëmmen e puer Klicks

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech
dating rules for young adults

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt de Stroossebelag op der Autobunn A1

Verréckt oder Genial? De Vëlo ouni Ketten

Verréckt oder Genial? De Vëlo ouni Ketten

Op mat oder ouni elektreschem Hëllefsmotor, Vëlo fueren ass gesond an der Ëmwelt mécht een och nach e Gefalen. Fir op d‘Schaff oder einfach nëmmen an der Fräizäit, de Vëlo huet vill Avantagen, an dat besonnesch am urbane Beräich. A mir hunn hei ee fonnt, deen ass vläicht eppes fir iech…

De „must have“ 2018 kënnt aus Dänemark, heescht „CeramicSpeed DrivEn“ an iwwerrascht duerch säi revolutionären Antrib. Dëse Vëlo huet nämlech keng Ketten, mee gëtt mëttels engem Kardan ugedriwwen. Interessant heibäi, vun der opgewannter Kraaft erreechen 99% direkt den Radantrib.

VëloWéi esou eppes méiglech ass? Fir d‘Kraaftiwwerdroung si ganzer 21 Kugellager aus Keramik an eng Kardanwell zoustänneg. A wat net onwichteg ass, et huet ee jo nach aner Saachen ze dinn, wéi ëmmer nom Vëlo ze kucken, dëse System brauch keen Entretien, a Reiwungsverloscht gëtt et net.

Wëssenschaftlech hëllef

Dëse revolutionären Antrib huet déi dänesch Entreprise „CeramicSpeed DrivEn“ zesumme mat de Studente vun der „University of Colorado“ entwéckelt. An datt si mat hirer „Erfindung“ richteg leien, léisst sech beleeën: Fir dëse Vëlo konnt et nëmmen den „Eurobike Award 2018“ ginn.

Elo huet een e gesinn an deen een oder anere seet sech: „dee muss et sinn“. Do muss een sech dann awer nach eppes gedëllegen, eng Serieproduktioun ass net virun 2019 virgesinn. Och wat esou eng Maschinn um Enn wäert kaschten ass nach net gewosst, mee „bëlleg“ ass hei ausgeschloss.

VëloLeider loossen sech Al „Drotieselen“ net mat dëser Technik norëschten. Déi eenzel technesch Systemer sinn einfach ze vill verschidden. Den Hiersteller versprécht dofir e Vëlo deen en Liewe laang hale soll. An et gëtt tatsächlech och driwwer nogeduecht, eng City-Bike Versioun ze bauen.

mam Laure Schlesser

Fotoen: © CeramicSpeed/dk

Ähnlech Sujeten CeramicSpeed DrivEn, Lifestyle, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel