Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chômage: Réckgang vun 8,7 % an engem Joer
dating slogans

Chômage: Réckgang vun 8,7 % an engem Joer

D’ADEM huet elo Zuelen zum Chômage an den Aarbechtssichende verëffentlecht,

https://moien.lu/free-online-dating-websites-for-50-/
dating slogans

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Méindeg

No enger drëtter Visitt vun der Inneministesch Taina Bofferding an

Hollerecher Bierger fuerderen ee Park
dating slogans

Hollerecher Bierger fuerderen ee Park

Méi Gréngs amplaz Beton fir Büro’en De Blo-Gringen Schäfferot vun

Vel‘oH: 100% elektresch sollen se ginn, mee et muss een nach Gedold hunn

Vel‘oH: 100% elektresch sollen se ginn, mee et muss een nach Gedold hunn

Dat haten se sech am Stater Schäfferot anescht virgestallt. D‘lescht Joer gouf jo entscheet, de Vëlo Locatiounssystem ëmzegestalten. Manner Publicitéit, dofir méi elektresch. Et gouf eng nei Ausschreiwung, bei där den ale Gestionnaire och den Zouschlag fir de neie System erhalen.

JC Decaux hat awer drop opmierksam gemaach, datt esou eng grouss Unzuel un e-Bikes net aus dem Aarm ze rësele sinn, an de System fréistens am Summer 2018 operationell kéint sinn. Et ass diskutéiert ginn, an et huet ee sech drop gëeenegt, datt fir f‘Woch vun der Mobilitéit alles stoe géif.

An elo? De Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt (DP) ass „veriergert“, fir et emol diplomatesch auszedrécken. Wann dat esou weider geet, kéint et gutt sinn, datt him de Kolli platzt. Hien hat eng Zouso, dat de Service zum 1. Juli voll operationell wier, wat, wéi ee feststelle muss, net de Fall ass.

Wéi et ausgesäit, an dat kann och e Verkéiersschäffen ëm de Schlof bréngen, soll et och bis de 15. September nach keng e-Bikes am Locatiounsservice „Vel‘oH“ ginn. Rieds ass bei dësem Projet vu ronn 1.000 elektresch bedriwwenen e-Bikes, mee de Fournisseur kann d‘Batterien net liwweren.

Mobilitéitswoch ouni Vel‘oH?

De Patrick Goldschmidt huet eis bestätegt, datt d‘Batterien elo eigentlech do sinn, JC Decaux awer net an der Lag wier sécherzestellen, datt d‘Vëloe bis de 15. September den Abonnenten zur Verfügung gestallt kënne ginn. Dat ass fir de Verkéiersschäffe schlicht an ergräifend net akzeptabel.

Hie gëtt ze bedenken, datt de 17. September d‘Mobilitéitswoch ufänkt, an d‘Stad Lëtzebuerg hir Campagne op den neien „100% elektresche Vel‘oH“ ausgeluecht huet. Fir de Patrick Goldschmidt géif der Stad e Prejudice entstoen, wann déi Vëloen net wéi zougesot, zur Dispositioun wieren.

Leschten Informatiounen, huet et haut eng Entrevue tëscht dem Schäffen a Vertrieder vu JC Decaux ginn. Eng Entrevue bei där den Drock op de Gestionnaire dierft zolidd erhéicht gi sinn. Op dat elo duer geet fir bis de 15. September all déi Drotieselen un d‘Rullen ze kréien, ass leider net gewosst.

mam Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten JC Decaux, Patrick Goldschmidt, Stad Lëtzebuerg, Vël‘oh
Nächsten Artikel Virrechten Artikel