Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 51. Doudesdag vum Che Guevara
Neiegkeeten

What the Fakt – 51. Doudesdag vum Che Guevara

An den 1960er Joer gouf den Ernesto „Che“ Guevara als

What the Fakt – Dem Spielberg säin E.T. kënnt op d’Äerd!
Neiegkeeten

What the Fakt – Dem Spielberg säin E.T. kënnt op d’Äerd!

E koum eleng a mat vill Angscht op eise Planéit,

Eng besonnesch Auszeechnung vu London fir d’Tessy de Nassau
Neiegkeeten

Eng besonnesch Auszeechnung vu London fir d’Tessy de Nassau

D’Tessy de Nassau krut e Freideg de „Freedom of the

Wéinst enger Rei „Problemer“ ass de Service Vel’oH bis op Weideres gratis

D‘Ëmstellung op „elektresch“ hat ee sech am Schäfferot eppes méi einfach virgestallt

Wéinst enger Rei „Problemer“ ass de Service Vel’oH bis op Weideres gratis

Et ass eigentlech e geniale Service, deen d‘Stad Lëtzebuerg mam „Vel‘oH“ sengen Awunner a Gäscht aus dem In- an Ausland ubitt, mee den Ament stécht de Wuerm dran. D‘Ëmstellung op elektresch Drotieselen, déi eigentlech scho fir de leschte Summer sollten disponibel sinn, wëll einfach net geléngen…

Fir unzefänken huet de Gestionnaire JCDecaux d‘Batterie fir d‘Gefierer net erbäi kritt, a wéi se bis do waren, hunn se hiren Déngscht net wéi virgesi geleescht. Do kanns de als Verkéiersschäffen de Latz kréien, besonnesch wa festzestellen ass, datt d‘Zuel vun den Abonnenten ëm 11% an d‘Zuel vun de Locatiounen ëm 40% geklomme sinn. Wou ee sech eigentlech sollt freeën, muss een sech elo bei de Leit entschëllegen.

Nieft dem Problem mat der Elektronik, sinn nach weider Mëssel opgetaucht, wann och net am selwechten Ausmooss. Reklaméiert goufe Luuchten déi net liichten, an Bornen déi de Vel‘oH partout net erkenne wollten. Wann dann elo déi „sëlleche“ kleng Problemer vum Gestionnaire konnte geléist ginn, esou hapert et och weiderhi mat der Elektronik. Tatsächlech ass et esou, dat masseg Drotieselen no 15 Minutten hiren „Assistent“ verléieren.

Zum aktuelle Stand

E Freideg huet d‘Buergermeeschtesch, Lydie Polfer (DP) zesumme mam Verkéiersschäffe, Patrick Goldschmidt (DP) an dem Vertrieder vu JCDecaux, Jérôme Blanchevoye, déi aktuell Situatioun ëm d‘Problematik „Vel‘Oh“ géintiwwer de Medien erläutert. Wat d‘Elektronik betrëfft, déi jo u sech dat haapt Element ass, op dat sech de Client verloosse muss kënnen, esou sinn d‘Problemer erkannt ginn. Et ass d‘Steierung déi sech queesch stellt, an déi muss elo op alle Vëloen ausgetosch ginn.

Vel'oH

(v.l.n.r.) Jérôme Blanchevoye, JCDecaux; Lydie Polfer, Buergermeeschtesch; Patrick Goldschmidt, Verkéiersschäffen. Glécklech ass d‘Situatioun ronderëm de Vel‘oH fir kee vun den Acteuren, an d‘Lydie Polfer huet dem Gestionnaire och zolidd d‘Lewitte gelies. Bis alles esou funktionéiert wéi dat virgesinn ass, gëtt de Service gratis. © Charles Soubry/Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerger

Dem Gestionnaire sinn dës Virfäll peinlech, an hien huet seng Entschëllegung ugebueden. Wéi et de Jérôme Blanchevoye erkläert, soll de „Lëtzebuerger System“ zur Referenz fir JCDecaux ginn, an do kann esou eppes wéi dat wat den Ament passéiert net hëllefräich sinn. Säitens dem Schäfferot ass ee rosen, well een dovunner ausgaangen ass, datt de Gestionnaire säi Produkt am Grëff huet, an dat gouf dem Representant vu JCDecaux e Freideg nach emol wiertlech zougedroen.

Elo emol bis op Weideres gratis

Beim Gestionnaire huet ee Versteesdemech fir d‘Doleance vun de Clienten an dem Schäfferot. Et léich am eegenen Interessi, engersäits de Problem séier – gerechent gëtt den Ament mat 8 Wochen – Här ginn, an anersäits, de Benotzer mat engem „Geste“ entgéint ze kommen. Esou gouf entscheet, datt de Vel‘oH bis op Weideres gratis ass. Fir d‘Abonnente bedeit dat, datt hiren Abo, esoubal wéi de System feelerfräi funktionéiert, ëm e ganzt Joer verlängert gëtt.

Et sollt een dann och e kille Kapp behalen, och wann et natierlech eppes méi liicht ass ze kregéilen. De System ass wéi gesot nei, an et dierft kee ginn dee sech dës „Kannerkrankheeten“ gewënscht huet. Mee déi hu sech onopgefuerdert agemëscht, a mat Meckeren eleng léisst sech de Problem bekanntlech net. D‘Gratuitéit vum Service ass déi richteg Konsequenz, an dat soll een dann och respektéieren. Bis zum Fréijoer misst en dann awer wéi versprach klappen…

Foto: © David Laurent/Stad Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Gratuitéit, JCDecaux, Lydie Polfer, Patrick Goldschmidt, Vël‘oh
Nächsten Artikel Virrechten Artikel