Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du mengs, däin Internet wier ze lues? Mat dëser App kanns du et selwer kontrolléieren!
Neiegkeeten

Du mengs, däin Internet wier ze lues? Mat dëser App kanns du et selwer kontrolléieren!

Et gëtt näischt Schlëmmeres, wéi e Video op Youtube oder

money
Wat eng Aarbechtsstonn kascht: en Erklärungsversuch vum STATEC
Neiegkeeten

Wat eng Aarbechtsstonn kascht: en Erklärungsversuch vum STATEC

Laut eiser STATEC, kascht e Patron eng Aarbechtsstonn vu sengem

„Der Tote in der Staumauer“ vum Edmond Schmitt
Neiegkeeten

„Der Tote in der Staumauer“ vum Edmond Schmitt

Et ass de Summer 1945. Um Enn vu senge Kräft

Vel‘oH: Wann den Akku net wëll, drécks de der en Eck ewech!

D‘Stad Lëtzebuerg huet op neits Problemer mat JC Decaux

Vel‘oH: Wann den Akku net wëll, drécks de der en Eck ewech!

Wann anzwousch bis de Wuerm dran ass, da gëss de deem net esou séier lass. Eng Erfarung déi sech de Patrick Goldschmidt (DP), Mobilitéitsschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, gäre gespuert hätt. Mee elo wou – mat enger zolitter Verspéidung – de Vel’oH endlech „elektresch“ ass, all d‘Statiounen ëmgerëscht gi sinn, an eigentlech d‘Welt nees sollt an der Rei sinn…

Et dierft keen op der Stater Gemeng ginn, deen den Ament mam Patrick Goldschmidt wëll den Job Tauschen. Zwar ass et net dem engagéierte Schäffen seng Schold, datt JC Decaux de Service vum Vel‘oH esou hikritt, wéi datt eigentlech vertraglech gereegelt ass, mee hien dréit d‘Verantwortung. An do geréit een dann och séier an d‘Kritik, egal ob d‘Zuel vun den Abonnente klëmmt.

Nodeems also iwwert de Summer – wou se jo eigentlech scho sollten an den Asaz kommen – déi elektresch Locatioun-Vëloen net konnte geliwwert ginn, well et bei de Batterien zu Enkpäss komm war, schéngt et sech ze erweisen, datt déi „eppes schwaach op der Broscht sinn“. Zumindest vergeet kaum en Dag, ouni datt et Reklamatioune gëtt, bei där den Akku platt ass, oder d‘Assistenz ausfält.

Esouvill Gedold ze hunn ass Luewenswäert

Fir de Mobilitéitsschäffen, deem all dës Problemer zougedroe ginn, sinn déi mëttlerweil sëlleche Problemer am Dossier Vel‘oH/JC Decaux all Dag en „Topic“ op deen hien dankend gäre verzichte géif. Als „Client“ kann hien awer nëmme JC Decaux „ermonteren“ déi gemellte Problemer ze léisen, och wann een hei als Stad Lëtzebuerg an enger eppes besser Verhandlungspositioun ass.

Beim Bedreiwer kennt een d‘Suergen allerdéngs och, an et dierf een dësem gleewen, wann hien eis géinteniwwer behaapt, datt mat Héichtouren un enger Léisung geschafft gëtt. Laut JC Decaux, gëtt et zwee Problemer déi ei musse geléist ginn. Zum engen d‘Programmatioun vun den Drotieselen, an de Sécherheetsmodus, deen ze „streng“ agestallt ass, an net déi Kraaft fräistellt déi gebraucht gëtt.

Et sollt ee fairerweis awer och berécksiichtegen, datt de System – zumindest fir Lëtzebuerg – nach ganz nei ass, a wéi dat esou mat de neie Saachen ass, et brauch eppes Zäit bis all d‘Zännrieder anenaner gräifen. Dofir kann ee JC Decaux zougestoen, datt si déi ënnerschiddlech Reklamatiounen emol mussen analyséieren. Et wëll een net „pléischteren“, an et gëtt och net geträntelt, heescht et.

Foto: © Stad Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Akku, Batterie, JC Decaux, Patrick Goldschmidt, Sécherheet, Stad Lëtzebuerg, Vël‘oh
Nächsten Artikel Virrechten Artikel