CoPil Mamer-Äischdall-Gréngewald: Fir d’Natur an eis Zukunft
Gëschter hunn am fréien Nomëtteg nees zuelräich Gemengen d’Charta zur
Gëschter hunn am fréien Nomëtteg nees zuelräich Gemengen d’Charta zur
Mat der eenzeger an sécherlech och eenzegaarteger Trainingspiste fir VTT
Virun enger Woch hat Südkorea schonn den Ofschoss vun zwou
Nodeems de Projet 2004 an der Stad Esch gebuer ginn ass, konnt de Süden als Pionéier an der doucer Mobilitéit ervir stiechen. Mat de Joren huet een un Erfarung gewonnen, Feeler verbessert a Kritik ëmgesat, sou datt de Vëlo als Verkéiersmëttel ëmmer méi Uklang fënnt. Zënter November 2015, wou de Vël’OK dann och endlech genotzt konnt ginn, ass d’Zuel un Notzer staark geklommen: Um leschten Dag vun 2019 konnt een 6.127 Abonnente virweisen. Leschte September ass mat 16.000 Notzungen, also ëm 550 Notzunge pro Dag, ee reegelrechte Pic verzeechent ginn.
Wéi de Francis Remackel, President vum CIGL Esch, erkläert huet, war et einfach un der Zäit déi elektresch Variant vum Vëlo am Süden anzeféieren an esou de Bierger um Wee op d’Schaff, an de Supermarché oder Ähnleches méi Undriff schenkt. Fir de Süden erweist sech dat neit Konzept vum Vël’OK als immense Qualitéitssprong, wou ee sech natierlech am viraus enger neier Komplexitéit huet misse stellen. Dobäi huet de Francis Remackel besonnesch dem Félix Braz een décke Luef an häerzleche Merci ausgeschwat, dee sech ëm all Detail vun der Realisatioun gekëmmert huet.
© Shari Pleimelding/moien.lu
Gesond vun A no B kommen ass och dem Geroges Mischo, Buergermeeschter vun der Stad Esch-Uelzecht, besonnesch wichteg. Bei der Presentatioun vum Vël’OK huet hien ervir gehuewen, datt den Drotiesel ëmmer weider u Succès gewënnt an als Deel vum Süden net méi ewech ze denken ass. Elo kënnt een dann endlech och liicht iwwert d’Koppe gefuer.
Als Minister fir Aarbecht a Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft, weist sech och den Dan Kersch besonnesch houfreg iwwert d’Initiativ. A senger Tâche kann een eng seriéis Sozial- a Klimapolitik net méi vuneneen trennen, woubäi all Impakt op de Klima duerch ee sozialen Aspekt – Negatifzënsen – kompenséiert muss ginn.
(v.l.n.r.) Dan Kersch, Minister fir Aarbecht a Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft; Georges Mischo, Buergermeeschter vun der Stad Esch © Shari Pleimelding/moien.lu
Den neie Vëlo mat elektrescher Assistenz ass vum CESANO Group entwéckelt ginn, besteet aus engem Aluminiumskader an ass mat Rieder vu 24“ liicht méi grouss, wéi de Virgänger-Modell. Mat sengen 250 Watt erméiglecht de Motor eng Vitesse vu bis zu 25 km/h. Am Ganzen ass den Zweerieder 28 kg schwéier, huet 3 Gäng a kann – wa voll gelueden – 55 Kilometer fueren.
Aus de Problemer vun der Vergaangenheet huet ee geléiert. A 70% vun de Fäll hu Reperaturen un de Rieder gemaach misse ginn. Doduerch, datt elo hanne kee Schlauch méi ass, kann och kee Platte méi provozéiert ginn, wouduerch och d’Reparaturaarbechten erofginn. Dobäi kënnt, datt een GPS-System agebaut ass, fir de Vëlo no enger Dauer vun 2 Stonnen ze lokaliséieren an eventuell als vermësst ze mellen. Den LED-Bildschierm um Guidon erméiglecht et zudeem, direkt de Stand vum Akku ze préiwen.
De System iwwerzeegt duerch seng Simplicitéit: Bei der Umeldung gëtt eng Kopie vun der Carte d’Identité, d’Kopie vun enger Bankkaart an eng mKaart gebraucht. Ass de Formular ausgefëllt an d’Autorisatioun ënnerschriwwen, datt 150 € Kautioun vum Konto gezu ginn an am Fall vum Vol weider Fraisen op een zoukommen (de Vëlo kascht schliisslech ëm 2.000 €), kann et scho lassgoen. Mam automatiséierten, einfache Prinzip kann een sech zu all Zäit zerwéieren. Souwuel zu Esch-Uelzecht, wéi och zu Déifferdeng, Suessem, Schëffleng, Beetebuerg, Diddeleng, Rëmeleng a Keel verdeelen sech déi 462 E-Vëloen an Zukunft op 103 Statiounen. Méi wéi 130.000 Persoune kënnen esou vum Vël’OK profitéieren.
Ee weidere positiven Nieweneffekt ass d’Kreatioun vun 20 Aarbechtsplazen. Ganzer 4 Persoune (CDI) këmmeren sech ëm den Encadrement, wärend 16 Persounen (CDD op max. 24 Méint) fir d’Reinsertioun vun de Vëloen zoustänneg sinn. No de 24 Méint kënnen dës 16 Persounen, zesumme mat der ADEM, no enger neier Plaz sichen.
Ier op dëse Fortschrëtt geprost konnt ginn, hu sech de Minister Dan Kersch, de Buergermeeschter Georges Mischo a weider interesséiert Persounen ee perséinlecht Bild vum E-Vëlo gemaach. Et rullt!