Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Meenung Neiegkeeten

namibian online dating chat

Et huet nëmme Minutte gebraucht, mee dat schrecklecht Onwieder dat

online dating how quickly to reply
Meenung Neiegkeeten

Benelux – méi wéi just eng europäesch Entscheedung vun 1958

D’Unioun vun der Belsch, Holland a Lëtzebuerg, och Benelux genannt,

Eng nei Broschür vum ULC: Den A an O beim Autokaf
Meenung Neiegkeeten

Eng nei Broschür vum ULC: Den A an O beim Autokaf

Voller Freed presentéiert de Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) elo seng nei

Editorial: Vël‘Ok als sozial a solidaresch Demarche?

Editorial: Vël‘Ok als sozial a solidaresch Demarche?

Et gëtt Saachen déi sollten ee rose maache mussen, mee se ginn oft esou gutt verpaakt, datt ee scho ganz genee hikucke muss fir de Feeler ze entdecken. Esou de CIGL-Projet Vël‘Ok deen de Süden eruewert an un a fir sech Begeeschterung ausléise sollt. Dat, wëll et en nohaltege Projet ass – an och wann ee kee Fan vun Elektroschrott ass – an déi douce Mobilitéit fërdert.

Sech méi fir d‘Natur an de Klimaschutz anzesetzen ass jo och ganz kloer eng gutt Saach. Zudeem soen d‘Politiker an d‘Gewerkschaften eis ëmmer wei imminent wichteg Klimaschutz ass, a firwat een déi sozial Komponent bei esou klimafrëndleche Projeten net dierf aus den Ae verléieren. Mee wat genee mengen si domatter? Lauschtere mir dofir engem no deen dat wësse misst.

Laut der Ausso vum Dan Kersch (LSAP) Aarbechtsminister ass de Projet Vël‘Ok – deen et jo och schonn eng Rei Jore gëtt, sech am Süden ausgebreet huet an elo elektriséiert ginn ass – de Beweis, datt ee Klimaschutz a sozial Aktioune verbanne kann. Richteg, et sinn 20 Aarbechtsplaze mat der Erweiderung an der Ëmstellung op elektresch geschafe ginn, woubäi „Plaz“ net ganz stëmmt.

Véier vun den Aarbechtsverträg sinn onbefrist, an 16 sinn eng ganz kloer Beschäftegungsmoossnam mat där Leit solle resozialiséiert an/oder fit fir den éischten Aarbechtsmaart gemaach ginn. 16 Leit mat engem op 24 Méint (maximal) befristete Vertrag an dem Mindestloun. D‘Leit kënnen dann och während hirer Aarbechtszäit u Formatiounen deel huelen – also zumindest an der Theorie.

Eigentlech e gudde Gedanken, woubäi et ursprénglech ee Projet vum OGBL (1997) war, deen duerch eng brutal schlecht Verwaltung huet misse gestoppt ginn an haut de Gemengen ënnerstallt ass. Scho sengerzäit ënnert dem OGBL hunn d‘Leit déi beim OPE „beschäftegt goufen“ sech no der Frist nees beim Aarbechtsamt ageschriwwen. Zuelen zu de Leit déi dank CIGL en Job fonnt hunn, gëtt et keng, zumindest net fir d‘Press.

Wier awer den Taux vun de Beschäftegten déi eng „Schaff“ um éischten Aarbechtsmaart fonnt hunn héich, géif een dës mindestens 4 mol d‘Joer ëm d‘Ouere geschloe kréien. Zudeem ass et immens gewot eng Beschäftegungsmoossnam als „sozial Aktioun“ ze verklären, besonnesch dann, wann dat wat hei als Formatioun ernimmt gëtt, net dem Besoin vun den Entreprisen entsprécht.

Elo kann een hei gutt halen, datt wann de Projet hei vun de 16 befristete Schaffplazen, och nëmmen eng eenzeg Persoun op dem éischten Aarbechtsmaart vermëttelt kritt, dann ass dat eng gutt Saach. Mee de CIGL „vermëttelt“ net, hie „beschäftegt“ a wann d‘Zäit ofgelaf ass, muss dee Betraffenen nees selwer kucke wou hie bleift. An esou gëtt et Leit déi ganz vill „Moossnamen“ duerchlafen.

Sozial ass anescht, zumindest wann een de Projet – deen absolut sënnvoll a wei scho gesot gutt fir de Klima ass – ee reelle sozialen Output sollt opweisen. Dofir geet et net duer ze „behaapten“ an et wier elo héich Zäit d‘Transparenz spillen ze loossen, an d‘Zuelen op den Dësch ze leeën: wéi vill Leit sinn duerch dës Moossnam passéiert a wéi vill vun hinnen hunn tatsächlech doduerch en Job kritt?

Beim CIGL jiddefalls wëll een op esou Froen net Äntwerten, firwat ee sech just op Temoignage beruffe kann. Aus dëse geet ervir, datt d‘Leit „encadréiert“ ginn, d‘Formatiounen zwar ugebuede ginn, déi awer entweder wéineg bréngen oder wéinst der Aarbecht – déi och muss gemaach ginn – oft guer net genotzt géifen. A wann de Vertrag ausleeft, ass ee jo net méi dem CIGL säi Problem.

Dat sollt net heeschen, datt hei de Geck – eng Kéier mat de Betraffene selwer, an eis, déi d‘Info un d‘Vollek solle weiderreechen – gemaach gëtt, mee dat ganz no engem Instrument ausgesäit, mat deem d‘Isabelle Schlesser, Cheffin vun der ADEM, hir Zuele schéi schwätze kann. Et geet jo net eleng ëm de CIGL-Esch, well där „Haiser“ (zu deenen och d‘CIGRe gehéieren) gëtt et masseg.

Bëlleg Aarbechtskräften, déi och nach jee nodeem méi oder manner „ofhängeg“ oder „tributär“ sinn an deenen een Hoffnungen opdëscht déi ouni Bestand sinn. Dat ass „Kaviar-Sozialismus“ a vum Dan Kersch, e Mënsch vun deem gewosst ass, datt soziaalt Engagement eng vu senge beschten Dugenden ass, sollt een erwaarden, vun engem subventionéierte Projet och Resultater ze fuerderen.

Am Fall vum Vël‘Ok a bis zur Virlag vun de Zuelen, déi erkenne loossen, datt de Projet net – wéi mir et behaapten – nëmmen en exzellente Beitrag fir Natur an Ëmwelt ass, mee och wierklech a ganz reell de Mënschen eng Zukunftsperspektiv gëtt, muss een de Volet „sozial Aktioun“ ausser uecht loossen. Wien matmécht an uschléissend kee Job huet, deem ass alles wei net gehollef ginn.

Foto: De CIGL ass keen ekonomeschen Acteur wéi all déi aner, a behaapt vu sech och eng ganz gutt sozial Komponent ze hunn. Leider ass net alles Gëlle wat do blénkt. © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten CIGL, Dan Kersch, Georges Mischo, klimafrëndlech, solidaresch, sozial, Vël'OK
Nächsten Artikel Virrechten Artikel