Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nationalarchiv: den Depot um Helleggeescht-Plateau ënner Waasser
https://moien.lu/what-is-the-purpose-of-radioactive-dating/

Nationalarchiv: den Depot um Helleggeescht-Plateau ënner Waasser

Dobausse brécht d‘Wieder all Temperaturrekorder an et herrscht Dréchent. Do

https://moien.lu/dating-my-niece-memes/
https://moien.lu/what-is-the-purpose-of-radioactive-dating/

alpha dating app

Haut ass de Weltwaasserdag, an déi gesamt Weltgemeinschaft ass sech

money
Editorial: Stell der vir et si Solden a kee geet hin
https://moien.lu/what-is-the-purpose-of-radioactive-dating/

Editorial: Stell der vir et si Solden a kee geet hin

Et steet ee kuerz virum Summer, e Fakt see sech

Vëlos-Schoul fir Kanner an der Summervakanz

Sécher op zwee Rieder ënnerwee mat der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ

Vëlos-Schoul fir Kanner an der Summervakanz

Fir Kanner, déi nach kee Vëlo kënne fueren a fir déi, déi sech nach liicht onsécher um Drotiesel spieren: Fir si gëtt et d’Méiglechkeet, an der Summervakanz an d’Vëlos-Schoul ze goen. Organiséiert gëtt dës Zort Training vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ an Zesummenaarbecht mam President vum däitsche “Radfahrlehrerverband moveo ergo sum” Christian Burmeister. Wärend enger Woch sollen d’Kanner stänneg méi sécher op zwee Rieder ënnerwee sinn.

Beim Cours – deen op Spiller, Aufgaben an Training um Vëlo setzt – kënne Kanner ab aacht Joer matmaachen. Trottinette sinn iwwregens och zougelooss. Et ass dann och kee geréngere wéi de Christian Burmeister, deen dëse Cours leede wäert. Hie gëllt als Pionéier, wann et drëms geet, Kanner awer och Erwuessenen de Spaass um Vëlo bäizebréngen. Säi Programm baut ënner anerem op Psychologie, Didaktik a Sportwëssenschaften op.

Am Schoulhaff vum Lycée des Arts et Métiers fënnt an der Woch vum 29. Juli bis den 2. August 2019 dës Vëlos-Schoul fir jeeweils zwou an hallef Stonne statt. Dobäi sief gesot, datt alles ronderëm ofgeséchert wäert sinn an de Cours dofir suerge soll, op spilleresch Aart a Weis ze léieren, Fest am Suedel ze bleiwen. D’Verkéierssprooch wäert zwar Däitsch sinn, ma et befënnt sech zu all Moment eng Persoun op der Plaz, déi souwuel Lëtzebuergesch wéi och Franséisch kann.

Fir matzemaache muss ee sech bei der Vëlos-Initiativ umellen. Den Onkäschtebäitrag beleeft sech op 120 Euro. Et soll ee säin eegene Vëlo mathuelen, ma et sinn der awer och e puer op Ersatz do.

Praktesch Informatiounen

Wat? Vëlos-Schoul fir Kanner ab 8 Joer
Wou? Um Lampertsbierg am Schoulhaff vum Lycée des Arts et Métiers
Wéini? Vum 29. Juli bis den 2. August 2019
Jeeweils vun 09:00 bis 11:30 Auer
Präis: 120 Euro

Weider Informatioune fannt Dir hei oder op der Startsäit vun der LVI.

Opmaacherfoto: © Pixabay: Sylwia Aptacy

Ähnlech Sujeten Christian Burmeister, Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, LVI, Vëlo, Vëlos-Schoul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel