Search

You may also like

„Nord Stream 2“ stéisst beim Tusk op Widderstand
Neiegkeeten

„Nord Stream 2“ stéisst beim Tusk op Widderstand

Den Donald Tusk, President vum Europarot, huet Bedenke géintiwwer dem

De Sig fir d’EcoBox an der internationaler Competitioun!
Neiegkeeten

De Sig fir d’EcoBox an der internationaler Competitioun!

De Projet „EcoBox – méi laang genéissen“ begeeschtert duerch d’Dëppche,

money
EU-Kommissioun als Spillverdierwer bei geplangter Hochzäit vu Siemens-Alstom
Neiegkeeten

EU-Kommissioun als Spillverdierwer bei geplangter Hochzäit vu Siemens-Alstom

Wéi gëschter zu Bréissel d‘EU-Kommissioun säi Veto zur Industriehochzäit tëscht

Vëlospist PC1: Deviatioun vum 13. bis den 18. Januar 2020

Vëlospist PC1: Deviatioun vum 13. bis den 18. Januar 2020

Duerch Holzfällaarbechten vun der Natur- a Bëschverwaltung (ANF) um Bisserwee wäert d’Vëlospist PC1, déi d’Quartiere Gronn a Polvermillen verbënnt, vum 13. bis den 18. Januar gespaart sinn.

Eng Deviatioun gëtt fir d’Foussgänger a Cyclisten ageriicht a verleeft ab der Jonctioun vun der Rue du Fort Dumoulin mam Boulevard Général Patton, bis op den Niveau vun der Kräizung, op der Héicht vun der Hausnummer 102, respektiv dem Busarrêt Général Patton. Hei gëtt d’Verbindung zum Bisserwee nees méiglech.

Den Zirkulatiounsservice vun der Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm eng adequat Signalisatioun vun der Ëmleedung. D’Stad seet alle Bierger Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Stéierungen.

Related topics Boulevard General Patton, Deviatioun, Ëmleedung, PC1, Quartier Gronn, Quartier Polvermillen, Spärung, Stad Lëtzebuerg, VDL, Vëlospist
Next post Previous post