Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den neien nationale Fussball- a Rugbystadion hëlt Form un
Meenung Neiegkeeten

Den neien nationale Fussball- a Rugbystadion hëlt Form un

Tëscht der Cloche d‘Or an de Kockelscheier geleeën, kann ee

Analys: Eng kloer politesch Linn
Meenung Neiegkeeten

Analys: Eng kloer politesch Linn

Ass d‘Kand bis an de Bur gefall, sollt ee mengen

money
D‘Pëtrolspräisser klammen, de Marché optimistesch
Meenung Neiegkeeten

D‘Pëtrolspräisser klammen, de Marché optimistesch

Nodeems um Donneschdeg de Cours vum Pëtrol op der Bourse

Fräigab vu Vëlospiste fir Speed-Pedelecs

Manner streng Virgabe sollen der doucer Mobilitéit zu Lëtzebuerg zum Duerchbroch verhëllefen

Fräigab vu Vëlospiste fir Speed-Pedelecs

Speed-Pedelecs (S-Pedelecs) sinn Elektro-Vëloen, déi mat Motorënnerstëtzung bis zu 45 Km/h séier fuere kënnen an deemno wesentlech méi séier wier hierkëmmlech Pedelecs sinn, dären hire Moteur sech iwwer 25 Km/h ofschalt (Pedelec25). Zu Lëtzebuerg gëlle S-Pedelecs laut Code de la Route als Klengkraaftrieder an sinn esou de Mobylette gläichgestallt.

Si dierfen aus dësem Grond keng Vëlospiste benotzen, mussen ugemellt a verséchert ginn. Den Notze muss zudeem ee Motorradshelm undoen a mindestens en AM-Führerschäi besëtzen. De Pedelec25 ass dogéint dem net motorënnerstëtzte Vëlo gläichgestallt. Mat hirer Vitesse vu 45 Km/h stellen S-Pedelecs esouwuel am urbane wéi och am ländleche Raum ee gewëssent Hindernis fir Automobilisten duer.

Den Ënnerscheet tëscht engem Vëlo an engem S-Pedelec ass, mat Ausnam vum wënzegen Nummereschëld nëmme schwéier ze erkennen. Deementspriechend grouss ass d‘Onverständnis vun den Automobilisten am Beruffsverkéier, wa Cyclisten op „hirer“ Spur fueren, obwuel direkt dernieft eng Vëlospist verleeft. Dat féiert derzou, datt Automobiliste manner Récksiicht huelen, an sech d‘Onfallgefor fir d‘Cyclisten um S-Pedelec erhéicht.

Well S-Pedelecs weder Vëloen nach Mobylette sinn, hunn eis Belsch Noperen eng separat Kategorie fir S-Pedelecs agefouert, fir op déi besonnesch Ufuerderunge vun dëser Gefier-Klass agoen ze kënnen (Kategorie P). Vëlosweeër sinn an der Reegel fir Gefierer vun der Kategorie P fräiginn. Och „Sens-Unique“ kënnen a béid Richtunge befuer ginn, wann dat fir Vëloen erlaabt ass. An der Schwäiz muss de Cyclist mat S-Pedelec esouguer d‘Vëlospist benotzen, wann esou eng do ass.

Duerch déi méi liberal Reegelen si S-Pedelecs an dëse Länner besonnesch beléift. An der Schwäiz beispillsweis, ass all véierten Elektro-Vëlo en S-Pedelec.

Fir de Verkéiersproblem ze léisen, plangt déi Lëtzebuerger Regierung de Vëlospistereseau mëttelfristeg vun aktuell ronn 630 Kilometer op iwwer 1.100 Kilometer auszebauen. Esou soll beispillsweis eng Vëlo-Autobunn tëscht Esch-Uelzecht an der Haaptstad gebaut ginn, fir et de Beruffspendler aus dem Süden eppes méi attraktiv ze maachen, vum Auto op de Vëlo ze wiesselen.

Wann allerdéngs och an Zukunft nëmme mam klassesche Vëlo oder Pedelec25 dierf op der Vëlospist gefuer ginn, wäert den ausgebaute Vëlospistereseau nëmmen eng Minoritéit vu Pendler derzou beweegen, vum Auto op de Vëlo ëmzesteigen. Mat engem S-Pedelec kéint een déi ronn 20 Kilometer tëscht der Minettemetropol an der Haaptstad an manner wéi 30 Minutte bewältegen.

Fir déi selwecht Streck mat engem Pedelec25, brauch de Cyclist dogéint gutt 50 Minutten. Zum verglach: am alldeegleche Beruffsverkéier, kann et bis zu enger Stonn daueren, dës Streck hannert sech ze bréngen. Déi Jonk Demokrate fuerderen dann och, datt de Cycliste mat engem S-Pedelec grondsätzlech erlaabt gëtt d‘Vëlosweeër ze notzen an och de Sens-Unique a béid Richtungen dierf befuer ginn, wann dëst och fir Vëloen erlaabt ass.

Zousätzlech soll am Code de la Route eng separat Kategorie fir S-Pedelecs agefouert ginn, fir datt dës net méi mat der Mobylette gläichgestallt ginn. Ze enk a vill befuere Vëlospiste sollten net fir S-Pedelecs zougelooss ginn. Fir d‘Sécherheet vun den S-Pedelecs, esou wéi déi vun allen aneren déi um Verkéier deelhuelen, weiderhin ze assuréieren, solle Führerschäi-, Helm-, Zouloossung- a Versécherungsflicht fir S-Pedelecs bestoe bleiwen. Woubäi beim Helm just en normale Vëloshelm sollt virgeschriwwe ginn. Et sollt een och analyséieren, ob sech de S-Pedelec net nieft dem Vel‘Oh an dem Carloh am Kader vun engem Locatiounssystem ubitt.

Matgedeelt vun de Jonk Demokraten, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser. D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen

Annex: Zesummestellung vun de wichtegste Virschrëften an der Schwäiz

Foto: De S-Pedelec erfreet sech enger ëmmer gréisser Begeeschterung, besonnesch fir Pendler, déi länger Strecken ze bewältegen hunn. © Hans-Dieter Seufert / DEKRA

Ähnlech Sujeten Douce Mobilitéit, e-Bike, Express-Vëlospisten, Jonk Demokraten, Pedelec, Pedelec25, S-Pedelec, Vëlo, Vëlo-Autobunn, Vëlospist
Nächsten Artikel Virrechten Artikel