De Chef-Ekonomist vun der Handelskummer zum Staatsbudget
Et ass ni einfach fir eng Regierung e Budget op
Et ass ni einfach fir eng Regierung e Budget op
De Méindeg ass déi bekannten a beléiften Applikatioun „Grindr“, eng
D‘Conseillere vun déi Gréng aus dem Stater Gemengerot, halen un hiren ale Fuerderungen aus Koalitiounszäite fest, bei där et ëm den Ausbau an d‘Verbesserung vun der sougenannter „Mobilité Douce“ geet. Si leeën dann och e Schwéierpunkt op den Ausbau an d‘Sécherheet vun de Vëlospisten an eiser Haaptstad. E Wonsch deen och déi lénk ausgedréckt hunn.
De Stater Sektiounspresident betount dann och: „déi gutt Mobilitéit ass, déi douce Mobilitéit“. Fir de Paul Zens geet et bei de Fuerderungen, déi leschte Freideg zum Ausdrock komm sinn, dann och an éischter Linn ëm de Vëlo. E Gefier dat grad an der Stad Lëtzebuerg wuel immens praktesch ass, awer vu ville Leit net genotzt géif ginn, well et hinnen net sécher genuch ass.
Esou läit an der Logik vun déi Gréng, datt een esouwuel den Accès zu den ënnerschiddleche Quartiere muss verbesseren, an och fir d‘Sécherheet vun de Cycliste muss suergen. An datt de Gedanken u sech net nei ass, ergëtt sech dann och aus der Ausso vum Conseiller François Benoy. Hien erënnert drun, datt vun Ufank un, Vëlospistë laanscht de ganzen Tracé vum Tram virgesi sinn.
Dorops haten si, wéi si nach Koalitiounspartner waren och Afloss. Elo muss et hinne vun der Oppositiounsbänk aus geléngen, de Schäfferot an d‘Majoritéit vun der Ëmsetzung ze iwwerzeegen. Allerdéngs weess och den DP-CSV Schäfferot wéi d‘Situatioun ausgesäit, an et dierft och net de Patrick Goldschmidt (DP) sinn, deen sech hinnen do an de Wee wäert stellen.
Och d‘Awunner hätten – wéi um Beispill vun de Fuerderunge vum Lampertsbierger Syndikat ze gesinn ass – gären eng „Infrastruktur“ déi hirem Opdrag gerecht gëtt. An esou hunn déi Gréng dann och konkret Virschléi. Si hunn op de Projet vun der Avenue Pasteur (Lampertsbierg) higewisen, deen esou séier wéi méiglech misst realiséiert ginn.
Esou kéint séchergestallt ginn, datt d‘Cyclisten direkt en Uschloss un d‘Vëlospiste laanscht den Tracé vum Tram erhalen, wann de Chantier um Glacis fäerdeggestallt ass. Mee et geet net nëmmen ëm de Lampertsbierg. Och den Zougang vun de Quartiere Märel a Belair zum Stadzentrum, muss esou gestalt ginn, datt de Bierger och gewëllt ass, op de Vëlo ze klammen.
Gefuerdert gëtt, an och dat ass net nei, datt mat der Verännerung vum Garer Quartier, endlech Neel mat Käpp gemaach ginn. Datt hei nach ëmmer keen definitive Projet am Gemengerot virgestallt ginn ass, an zwar een an deem och Vëlospisten enthale sinn, kënnen si esou net novollzéien. Et dierft allerdéngs schwiereg ginn, hei jiddereen zefriddenzestellen.
An déi fréier Schäffin Sam Tanson, freet sech wou de Projet vun der Bréck, deen den Cents un de Kierchbierg ubanne soll, verluer gaangen ass? Doriwwer gëtt dann elo scho gutt 10 Joer diskutéiert an deels och hefteg gestridden. Bleiwe mir éierlech: dee Problem ass wäit dovunner ewech geléist ze ginn. Wann och vill Leit dës Bréck wënschen, iwwert de Standuert wëll ee sech net eens ginn.
Et ass dann och gewosst, datt d‘Fuerderunge vun de Conseillere vun déi Gréng haut bei der Gemengerotssëtzung an den Debat afléisse wäerten. De Verkéiersschäffe Patrick Goldschmidt ass eegenen Aussoen no dann awer gutt virbereet. An him kann elo och net nogesot ginn, datt hien sech de Virschléi vun der grénger Oppositioun verschléisst.
Hie kann awer och nëmmen drop hiweisen, datt et keen einfache Sujet ass, an datt komplex Froen net mat einfache Fuerderunge beäntwert kënne ginn. An de neie Quartiere wier et och wiesentlech méi einfach, well en hei d‘Vëlospisten direkt bei der Planifikatioun kann integréieren. Bei de bestoende Quartieren, misst sech och mat den Awunner ofstëmmen.
Ëmmerhi gëtt jo och eng „Participativ Politik“ gefuerdert, wat bedeit, datt een eng Léisung muss fannen, mat där jiddereen averstanen ass. Bestätege konnt de Verkéiersschäffen awer, datt laanscht de ganzen Tracé vum Tram, eng bidirektional Vëlospist entsteet. Dat wier dann och ee Punkt, bei deem ee sech mat der Oppositioun misst eens sinn.
Zu der Bréck „Cents-Kierchbierg“, esou si mir gewuer ginn, datt de Patrick Goldschmidt an de nächste Wochen dem Schäfferot e finaliséierte Projet wëll virleeën. Hie leet awer vill Wäert drop, datt een d‘Mobilitéit a senger Globalitéit muss betruechten. Fir deem gerecht ze gi wier et d‘Intentioun vum Schäfferot, Experte mat enger Etüd ze beoptragen.