Frankräich: Ekotax op Fligerticketen ab 2020
Ëmmer méi Politiker schéngen sech der Klimakris bewosst ze sinn
Ëmmer méi Politiker schéngen sech der Klimakris bewosst ze sinn
Den Individualverkéier reduzéieren, ass ugesicht dem wirtschaftleche Wuesstem an den
Fir vun der Vakanz Doheem ze profitéieren bitt den Tourismusministère säit kuerzem de Service MoveWeCarry un, bei deem Äert Gepäck – an dësem Joer nach gratis – un Är Destinatioun bruecht gëtt. Mam 50 € Iwwernuechtungs-Bong kann de motivéierte Cyclist beispillsweis vum Hebergement mam bed+bike Label profitéieren. Dës Hoteller, Pensiounen, Campingsplazen, Jugendherbergen a privat Ënnerkënft si speziell op d’Bedierfnisser vum Vëlosfuerer ugepasst.
Net vergiessen dierf een déi sechs Strecken, déi fir den normalen Trafic gespaart gi sinn, sou datt d’Cyclisten sécher d’Land entdecke kënnen. Nieft de Leit um Drotiesel dierfe just Awunner an RGTR-Busser un den entspriechenden Deeg am August d’Strooss notzen. Heizou ginn et elo méi Detailer:
Fir datt sech de Lëtzebuerger an/oder Tourist och gutt am Land zu Recht fënnt, goufen a Kooperatioun mat ProVelo detailléiert Kaarte mat de sechs Weeër, de Stroossespärungen, interessanten touristesche Punkten an den Horesca-Offeren entwéckelt, déi ënnert anerem op www.velosummer.lu ze fanne sinn an och un all touristeschen Standpunkte verdeelt ginn.
Fir all Persoun, déi net esou motivéiert ass mam Vëlo duerch Lëtzebuerg ze rullen, erënnert den Tourismusministère un d’Säit 100thingstodo.lu, wou – wéi den Numm et scho seet – 100 Aktivitéiten, touristesch Attraktiounen, inspiréierend Plazen an aner spannend Virschléi proposéiert ginn.