Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Festival vun de Migratiounen 2019: „Mäin Numm ass…“
Neiegkeeten Sport

Festival vun de Migratiounen 2019: „Mäin Numm ass…“

Dëst Joer fënnt de Festival vun de Migratiounen, der Citoyennetéit

EU a Mercosur-Länner eenege sech op Handelsvertrag
Neiegkeeten Sport

EU a Mercosur-Länner eenege sech op Handelsvertrag

D’Verhandlungen zum Ofkommes tëschent der EU an de Mercosur-Länner, dat

surprise
De John Oliver zerleet Impfgéigner
Neiegkeeten Sport

De John Oliver zerleet Impfgéigner

De John Oliver hëlt sech verschiddensten Themen an senger Last

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt

Ufank Juni hunn den Transportminister an den Tourismusminister d’Initiative „Vëlosummer 2020“ presentéiert. Heibäi gouf ugekënnegt, datt am August 16 Strecken fir d’Autoe gespaart, an eleng fir Cyclisten, Awunner an RGTR-Busser reservéiert ginn.

Esou ginn de Cyclisten, nieft den 1.000 Kilometer Vëlospisten, weider Weeër zur Verfügung gestallt, fir d’Land op zwee Rieder kennenzeléieren. Heizou gehéieren elo folgend regional an national Strecken:

  • Steebrécken- Leideleng, vum 1. bis den 31. August 2020: Dës Streck gëtt een éischte Virgeschmaach op de „Vëloexpresswee“ tëscht Esch-Uelzecht a Lëtzebuerg;
  • Alzeng-Sir, Sir-Mutfert an Uewersir-Menster vum 1. bis den 31. August 2020: Hei gëtt d’Stad Lëtzebuerg mam Sirdall verbonnen, vu wou aus een einfach un d’Musel zu Réimech, Wuermer oder Mäertert kënnt;
  • Munneref-Elleng vum 1. bis den 31. August 2020: Esou gëtt Munneref um Niveau Elleng un d’PC7 a Richtung Réimech an d’PC11 a Richtung Stad Lëtzebuerg gebonnen;
  • Mamer-Koplescht vum 1. bis den 31. August, sou wéi Koplescht-Schëndels all Samschdes a Sonndeg am August: Weekends kann een am Dräieck 40 Kilometer zeréckleeën, woubäi d’Stad Lëtzebuerg duerch d’PC15 mat Gousseldeng verbonne gëtt. Weider geet et laanscht de Mamer Lycée iwwert déi gespaarte Stroossen a Richtung Schëndels a Koplescht iwwert de Mamerdall, fir dann iwwert d’PC13 an d’Stad ze fueren, Bartreng a Stroossen ze passéieren. Eng weider Variant duerch d’Gemeng Kielen gëtt grad ausgeschafft;
  • Dummeldeng (Bréck iwwert d’Schinnen)-Beggen, vum 1. bis den 31. August: D’Verbuet fir de motoriséierte Verkéier garantéiert e séchere Wee tëscht der Stad Lëtzebuerg a Miersch;
  • Sandweiler-Militärkierfecht, keng Datumer bekannt: Mat Upassunge fir Cyclisten op der Kräizung „Scheedhaff“ kréien d’Cyclisten d’Méiglechkeet, wa si vu Sandweiler kommen verschidde Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg anzebezéien, sou wéi d’PC1 vum Uelzechtdall;
  • Géidgen-Wäisswampech-Klierf-Äischer, just Samschdes, den 1. August a Sonndes, den 2. August 2020: D’Streck vu 27 Kilometer féiert laanscht e puer CFL-Garen, wouduerch een de Wäisswampecher Séi a Klierf duerch d’Vennbahn einfach erreeche kann, sou wéi och Wëlwerwolz, Kautebaach oder de Park Housen.
Vëlosummer 2020

(v.l.n.r.) François Bausch, Transportminister; Lex Delles, Tourismusminister © MMTP

Detailléiert Kaarten mat de Strecken, verschidde gastronomeschen Offeren (falls een ënnerwee mol Honger oder Duuscht verspiere géif), wéi och touristesch interessante Punkten ginn nach vum Tourismusministère a Wirtschaftsministère erstallt an uschléissend verëffentlecht.

D’Ministere François Bausch a Lex Delles soen de Gemenge Merci fir hir Mataarbecht. Et erënnert een awer nach emol drun, datt d’Cycliste sech un de Code de la Route hale mussen, Schliisslech kënnen nach ëmmer RGTR-Busser an Awunner d’Stroossen notzen.

Vëlosummer

@yhellers / Twitter

Eng super Moossnam, fannen d’Cyclisten an d’Touristen. Bei den Automobilisten an dem ACL hält sech d’Freed awer bedeckt. Si kritiséieren d’Ëmweeër, déi gefuer musse ginn, wouduerch net nëmmen d’Kilometeren, déi zeréckgeluecht musse ginn, klammen mee och d’Zäit, déi ee fir den Trajet zeréckleeë muss.

Ähnlech Sujeten Cyclist, Douce Mobilitéit, Ëmwee, François Bausch, Kritik, Lex Delles, Nohaltegkeet, Spärung, Strecken, Tourismus, Vëlospist, Vëlosummer 2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel