Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gesondheetskeess: Méi no beim Bierger?
Kultur Neiegkeeten Sport

Gesondheetskeess: Méi no beim Bierger?

D‘Verwaltung zu Lëtzebuerg huet net de beschte Ruff. An awer

SpaceX start Erfollegräich seng stäerkste Rakéit: d‘Falcon 9 Block 5
Kultur Neiegkeeten Sport

SpaceX start Erfollegräich seng stäerkste Rakéit: d‘Falcon 9 Block 5

Déi amerikanesch Weltraumentreprise SpaceX huet e Freideg seng nei Rakéitegeneratioun

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt
Kultur Neiegkeeten Sport

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt

Hie war Offizéier an der Arméi an huet vun enger

Vëlosweeër zu Lëtzebuerg – Den neie Kaarteset ass do!

Vëlosweeër zu Lëtzebuerg – Den neie Kaarteset ass do!

Mat Ënnerstëtzung vun der Katasterverwaltung huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) eng nei Versioun vun der Kaart „Luxembourg by cycle“ erausbruecht.

De Set besteet aus zwee Deeler (Norden a Süden) a bitt eng Iwwersiicht iwwert déi national a regional Vëlosweeër mam Moossstaf 1:50.000. Esou gëtt all Vëlosfuerer iwwert d’Beschafenheet, d’Steigungen, Streckendistanzen, sou wéi och Statioune fir Vëloen ze lounen informéiert.

Mat den Donnéeë vum CFL kann een eng bequem Verbindung tëscht Bunn a Vëlo schafen. Domat ass et awer nach net gedoen! Natierlech fënnt een hei och d’Informatiounen zu de Bed+Bike zertifiéierten Herbergen. Déi Vëlofrëndlech Iwwernuechtungsméiglechkeete bidden. D’Erklärunge sinn dobäi op Däitsch, Franséisch an Englesch uginn.

Wéi, wat a wou?

De Verkafspräis läit bei 9€ an et kann een de Set souwuel an alle Librairien, wéi och bei LVI bestellen, andeems een 11€ (+Porto op Lëtzebuerg), respektiv 12,50€ (+Porto an Europa) op folgende Konto iwwerweist:

  • IBAN: LU40 1111 0825 6417 0000
  • BIC: CCPLLULL
  • Vermierk: Luxembourg by cycle 2019/20

D’Kaarte vum Joer 2017/2018 am Moossstaf 1:100.000 sinn nach ëmmer erhältlech, an dat zum Präis vu 5€ (6e mat Porto op Lëtzebuerg, 7€ mat Porto an Europa).

Ähnlech Sujeten Kaarteset, Luxembourg by cycle, LVI, Vëlospisten, Vëlosweeër
Nächsten Artikel Virrechten Artikel