Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Biodiversitéit ass eis Liewensgrondlag, dofir muss sech agesat ginn, och politesch
International Neiegkeeten

Biodiversitéit ass eis Liewensgrondlag, dofir muss sech agesat ginn, och politesch

Gëschter huet d‘Asbl natur&ëmwelt en zolitte Fuerderungskatalog virgeluecht, deen si

dislikesurprise
D‘CSJ verlaangt zéng Lëschteplaze bei de Chamberwahlen
International Neiegkeeten

D‘CSJ verlaangt zéng Lëschteplaze bei de Chamberwahlen

Wéi gesäit et aus mam Generatiounekontrakt? Dat ass d‘Fro déi

SC Beetebuerg: Mir hu bei den Dammen de Bols gefillt
International Neiegkeeten

SC Beetebuerg: Mir hu bei den Dammen de Bols gefillt

Um Freidegowend, no enger flotter Fussball-Woch – Dir konnt bei

Venedeg gesinn a stierwen?

Mat engem Croisièresschëff an d‘Verdierwen

Venedeg gesinn a stierwen?

Risegt Croisièresschëff knuppt a Touristeboot a géint de Quai. Eng Rei Mënschen si beim Accident blesséiert ginn an hu missen a Spidäler behandelt ginn. Nom Ongléck ass d‘Diskussioun iwwert de Massentourismus zu Venedeg nees thematiséiert ginn.

Um Kanal vu Giudecca, dee matten duerch Venedeg fléisst, huet e Croisièresschëff ongebremst de Quai ugesteiert, knuppt mat voller Wucht dergéint an erwëscht heibäi e klengt Touristeboot, dat do festgemaach hat, a bis op déi lescht Plaz besat war. Aenzeie beriichten, datt d‘Croisièresschëff nach getut huet, du géint dat kléngt Schëff geknuppt ass an dëst quasi zerluecht huet.

Mënsche sinn a Panik fortgerannt an et sinn esouguer Leit an d‘Waasser gesprongen, esou aner Zeie vum Virfall, déi sech zum Zäitpunkt vum Accident um Quai opgehalen hunn. De Buergermeeschter vu Venedeg, Luigi Brugnaro, huet sech nom Virfall de Medie gestallt: „Mir haten en Accident an haut ass et nach emol gutt gaangen. (…) Ech wëll alle Rettungsequippe fir hiren Asaz Merci soen“.

Venedeg

© Vigili del Fuoco /Venezia

Wéi et zu dësem Virfall kommen? Éischten Erkenntnisser no, soll d‘Croisièresschëff e Problem mat der Maschinn gehat hunn. Esou soll de Moteur beim uleeë beschleunegt, statt gebremst hunn. Bei esou risege Schëffer huet dat direkt Konsequenzen. Esou eppes wéi e „Bremswee“ gëtt einfach net a wann dausenden Tonne Stol (Mass mol Geschwindegkeet) bis a Beweegung sinn…

Elo war et gëschter spréchwiertlech „Gléck am Ongléck“, datt et bei Verletzunge bliwwen ass. Säit Jore streiden sech Aktivisten an Awunner iwwert d‘Sënnhaftegkeet an d‘Gefore vun all deene Croisièresschëffer déi „duerch“ Venedeg fueren. Déi sécherlech bescht Léisung wier e Verbuet, mee dat huet och wirtschaftlech Konsequenzen. Woubäi, muss een d‘Marcus-Plaz vum Boot aus gesinn?

Fakt ass datt d‘Awunner vu Venedeg zanter Joerzéngten ënnert dem Tourismus leiden an dësen net méi am Grëff hunn. Millioune Mënschen „iwwerfalen“ all Joer déi italienesch Küstestad an déi Touristen op déi se zu Venedeg gäre verzichte géifen, sinn „Touriste fir een Dag“ an eben déi wou mat de Croisièresschëffer kommen. Dat allerdéngs an éischter Linn aus wirtschaftleche Grënn.

Venedeg

© Vigili del Fuoco /Venezia

Ëmweltaktivisten hunn e méi verständlecht an novollzéibart Argument: D‘Schëffer sinn eng Gefor fir den Ökosystem vun der Lagun. Jo esouguer d‘UNESCO huet sech ewell ageschalt an domatter gedreet der Stad den Titel „Weltkulturierwen“ nees ze entzéien. De Verkéiersminister Danilo Toninelli ass souwisou der Meenung, datt ee Venedeg besser Schütze muss, a sollt elo handelen.

Fir de Buergermeeschter gëtt et keng Auswiel un Optiounen. D‘Mooss wier elo voll an et misst ophéieren, datt esou riseg Schëffer matten duerch d‘Lagun fueren. Zudeem gëtt et eng Alternativ, déi awer féiert d‘Schëffer an eng industriell Zon, déi natierlech fir d‘Touriste manner interessant ass, firwat sech d‘Bedreiwer vun de Croisièresschëffer aus finanziellem Interesse zu wier setzen.

Nom Accident awer, erwaarden sech d‘Leit aus der Stad un der Lagun, datt d‘Politik sech endlech deem ganzen Unhëlt a legiferéiert. E schwierege Balance-Akt, bei deem et drëms geet esouwuel d‘Sécherheet vun den Awunner an der Stad selwer ze garantéieren, wéi eben och den Tourismus, ëmmerhin e gewiichtege Wirtschaftsfaktor an der Regioun.

mat indymedia/rom/cal

Foto: © Vigili del Fuoco /Venezia

Ähnlech Sujeten Danilo Toninelli, Italien, Luigi Brugnaro, Schëffsongléck, Venedeg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel