Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Trump erweidert d‘Douanestaxe géint China a randaléiert virum NATO-Sommet
International Neiegkeeten

Den Trump erweidert d‘Douanestaxe géint China a randaléiert virum NATO-Sommet

D‘Trump-Administratioun hëlt den Handelskrich mat China eescht, an no der

Kal a naass, d’Escher Kulturnuecht war awer Spaass
International Neiegkeeten

Kal a naass, d’Escher Kulturnuecht war awer Spaass

Dat haten sech d’Organisateure mat Sécherheet anescht geduecht, mee d’Wieder

Metalfestival zu Koplescht – méi wéi just Musek!
International Neiegkeeten

Metalfestival zu Koplescht – méi wéi just Musek!

Vergaangene Samschdeg war zu Koplescht am Centre Wirtspesch eng méi lass:

Kënnt et am Venezuela zum Biergerkrich?

Kënnt et am Venezuela zum Biergerkrich?

D‘Situatioun tëscht Regierung an Oppositioun am Venezuela ass ugespaant, an d‘Méiglechkeet vun engem Biergerkrich ass net méi vun der Hand ze weisen. Als Mediateuren hunn sech Mexiko an Uruguay ugebueden, wat vum President Nicolas Maduro begréisst gëtt. De Juan Guaido, dee sech selwer zum Interimspresident proklaméiert huet, huet dem Maduro schonn d‘Amnestie ugebueden.

Interessanterweis, sinn et d‘USA, déi d‘Oppositioun am Venezuela ënnerstëtzt, déi hir Diplomaten aus dem mëttelamerikanesche Land ofzéien. Si begrënnen dat mat Sécherheetsbedenken, hunn awer wësse gelooss, datt si d‘Ambassade zu Caracas net schléisse wäerten. D‘Regierung hat allerdéngs den Amerikaner notifiéiert datt si 72 Stonnen Zäit hunn hir Saachen zesummenzepaken an ze goen.

Washington streckt dem Nicolas Maduro de Mëttelfanger entgéint, an erkläert dësem, datt d‘USA hien net als legitimme President unerkennen, also hie guer entscheede ka wien d‘Land muss, oder net muss verloossen. Dem Jeremy Hunt, Ausseminister vu Groussbritannien, gefält dat. Och hie steet hannert dem Juan Guaido. Et wier kloer datt de Maduro net de legitimme President ass.

Europa spillt mat de Fixspéin

An Däitschland schéngt ee mat der Kausa Venezuela eng Geleeënheet erkannt ze hunn, nees op der internationaler op sech opmierksam ze maachen. Berlin fuerdert – et kascht näischt, léisst awer den Androck vun „Aktioun“ entstoen – fräi Wahlen. De Regierungsspriecher Steffen Seibert äussert op Twitter: „D‘Bevëlkerung vu Venezuela setzt sech couragéiert fir eng Fräi Zukunft vum Land an“.

Zu Bréissel geet een net esou „direkt“ vir. D‘EU-Kommissioun huet bis ewell d‘Kéier nach kritt an de Juan Guaido – nach net – als President vum Venezuela unerkannt. Neutralitéit signaliséieren a Partei ergräifen, esou kann de Schratt vun der EU-Aussendiplomatin Frederica Mogherini erklären. Si huet däitlech gemaach, datt d‘Europäer d‘Nationalversammlung vum Juan Guaido ënnerstëtzen.

Venezuela

An domatter huet Washington seng Ziler erreecht: d‘Destabiliséiere vum Venezuela, d‘Allianz mat an d‘Boot huele fir den Drock ze erhéijen, a méiglecherweis Sanktiounen ze verhänken. Eng Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot ass schonn aberuff ginn, wat en däitlecht Zeechen dofir ass, datt mindestens eng vun de Parteie gewëllt ass d‘Situatioun eskaléieren ze doen. Ass datt schonn d‘Enn?

Réckhalt fir de Maduro

Elo ass et natierlech net esou, datt déi gesamt Weltcommunautéit sech géint de Nicolas Maduro verschwuer huet. D‘Welt besteet aus politesche Lager an Ideologien, déi ëmmer dann, wann se d‘Méiglecht erkennen sech op Käschte vun engem „Drëtten“ ze bekämpfen alles u politesche Mëttel asetze wat geet, fir dem Géigner ze schueden. Mënscheliewe ginn net berécksiichtegt.

Logesch och datt sech direkt Kuba a Russland, déi traditionell Alliéiert vun de venezuelanesche Sozialisten, zum aktuelle President a senger Regierung bekannt hunn. Moskau kritiséiert d‘Aart a Weis vun de „westleche“ Länner. Si géifen sech bewosst an déi innepolitesch Ugeleeënheete vun engem Land amëschen, well si wirtschaftlech Interessen un engem Muechtwiessel hunn.

Och den tierkesche President, Recep Tayyip Erdogan – deem et anscheinend ëmmer geleeë kënnt wann et den amerikanesche Milliardär stéiert – huet „sengem Frënd Maduro“ telefonesch Réckhalt zougeséchert. De Poopst, deen zu Panama beim Weltjugenddag ass, huet der Bevëlkerung vum Venezuela seng Gebieter zougeséchert, an d‘Politiker opgeruff weidert Leed am Land ze vermeiden.

D‘Arméi sollt ee bei all deem net vergiessen

Sollt et haart op haart kommen – also eng méiglech Bewaffnung vun den Oppositionellen duerch d‘USA – wieren d‘Ingredienten zesummen, fir en handfeste Biergerkrich vum Zonk ze briechen. De Verdeedegungsminister Vladimir Padrino, huet an dësem Kontext schonn emol däitlech gemaach, datt d‘Arméi hannert der Regierung an sengem President Nicolas Maduro zesummesteet.

„Krich ass net eise Choix. Krich ass d‘Instrument vun heemechtslose Gesellen, déi keng Virstellung vun deem Leed hunn, deen domatter zwangsleefeg verbonnen ass“, esou de Vladimir Padrino, deen nach drop hiweist: „E Biergerkrich wäert d‘Problemer vum Venezuela net léisen“. An et ass genee dat wourëms et de Strategen zu Washington geet: Problemer schafen, net Problemer léisen…

Venezuela

Zu Washington huet den Ausseminister Mike Pompeo, den Etat-Major vun der venezuelanescher Arméi gewarnt an zugläich opgefuerdert, sech fir de Schutz vum Juan Guaido anzesetzen. „Mir betruechten all d‘Erklärungen an Handlunge vum Maduro als illegitim an ongülteg“, esou de Mike Pompeo, dee mat dësem Saz däitlech mécht, wien iwwer Venezuela ze entscheeden huet.

Et geet den Amerikaner net ëm d‘Mënschen

Mat „geléiste Problemer“ léisst sech kee Geld verdéngen, an e Biergerkrich dréit zumindest derzou bäi déi eege Militärindustrie bei Laun ze halen, an Aarbechtsplaze schaaft et och. Venezuela huet Pëtrolsreserven, kéint wirtschaftlech wäitgoend onofhängeg sinn, mee eng sozialistesch Regierung, déi iwwerzeegt ass, datt d‘Ressource vum Land de Bierger an net den US-Konzerner gehéieren.

Dat kann – egal wie President vun den USA ass – Amerika net akzeptéieren. Et geet hinnen och net duer „nëmmen Zougank zu bëllegem Pëtrol“ ze erhalen, nee d‘Gestioun muss vun US-Konzerner iwwerholl ginn, wat automatesch derzou féiert, datt Washington Kontroll iwwert d‘Ressourcen am Venezuela erhale géif. An eigentlech ass genee dat d‘Zil dat d‘USA verfollegen, d‘Kontroll hunn.

Et geet den Donald Trump net ëm d‘Mënschen am Venezuela. Hie betruecht dës Mënschen, grad wéi allgemeng d‘Mënschen aus Mëttel- a Südamerika, als héich kriminell Individuen, déi eenzeg eng Bedreeung fir d‘USA duerstellen. Datt et Biergerkrich zu weidere Flüchtlinge féiert, déi mat Sécherheet och Richtung USA marschéiere kéinten, erkläert och firwat si eng „Mauer“ brauchen.

Foto: De President vun der venezuelanescher Nationalversammlung, Juan Guaido, huet sech selwer – mat der Erlaabnes an Ënnerstëtzung vun den USA an der OAS – zum Interimspresident erkläert. © Miguel Gutierrez/EPA-EFE

Ähnlech Sujeten Biergerkrich, Juan Guaido, Nationalversammlung, Nicolas Maduro, Petrol, Russland, Tierkei, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel