Vill Affer bei Äerdbiewen an Indonesien
Déi indonesesch Autoritéiten hunn e Méindeg matgedeelt, datt no engem
Déi indonesesch Autoritéiten hunn e Méindeg matgedeelt, datt no engem
Vum Samschdeg, den 23. Mee bis Méindes, de 25. Mee
Zu Dausende sinn se opgebrach mam Zil „déi vereenegt Staate
Am Venezuela huet sech den Sträit ëm de Virsëtz vum Parlament nach eppes weider zougespëtzt. De Leader vun der Oppositioun a selbsternannte Staatschef Juan Guaido, war vun der Police um Zoutrëtt zum Parlament gehënnert ginn. Hien ass ausserhalb den „hellege Maueren“ vun der Oppositioun zum Parlamentsvirsëtzende gewielt ginn.
Wëll et dem Juan Guaido och net gelonge war sech iwwert Barrikaden an d‘Parlament zu Caracas ze schläichen, huet d‘Sëtzung vun der Oppositioun am Gebai vun der regierungskritescher Zeitung „El Nacional“ stattfonnt. Hei ass de Juan Guaido mat de Stëmme vun 100 Oppositiounsdeputéierte gewielt an uschléissend och direkt vereedegt ginn. Dat entsprécht zwar net ganz de Regelen…
Am Parlament ass selbstverständlech och „gewielt“ ginn, an do huet sech de Luis Parra zum Virsëtzende vum Parlament erkläert. Den amtéierende Staatschef Nicolas Maduro, huet dësem direkt seng Ënnerstëtzung zougesot, wat vun der Oppositioun als „parlamentaresche Staatsstreech“ bezeechent huet. Washington huet dann och erwaardungsgeméiss den Juan Guaido unerkannt.
Dozou de Mike Pompeo: „De Juan Guaido ass de legitimme Leader vun der Nationalversammlung an domatter de legitimmen Iwwergangspresident vum Venezuela“. Dat gesinn och déi 50 Länner, déi den Juan Guaido – no deem dësen sech zum Iwwergangspresident proklaméiert hat – als Leader vum Venezuela unerkannt hunn, ähnlech. Un der politescher Situatioun ännert et awer näischt.
mat indymedia/ccs
Foto: De Juan Guaido wollt d‘Ofspärung duerchbriechen, ass awer net duerchkomm. Hie gouf uschléissend an de Gemaier vun der regierungskritescher Zeitung „El Nacional“ zum Virsëtzende vun der Nationalversammlung gewielt. © Telesur (via Twitter)