Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du d’Our gutt genuch, fir hei all Fro richteg ze beäntweren?
who is tate from american horror story dating Neiegkeeten

dating na hrvatski

Och d’Our gehéiert zu de wichtegste Flëss vum Land a

dating syrian girl
who is tate from american horror story dating Neiegkeeten

Beim Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Sprooch kéinten 20 Joer ze laang ugesat sinn

Wat d’Lëscht vun den Avisen zum Gesetz zur Promotioun vun

US-Mëttelstreckerakéite fir Asien
who is tate from american horror story dating Neiegkeeten

US-Mëttelstreckerakéite fir Asien

Ass et nëmmen eng „Warnung“ u Peking oder schonn Deel

Venezuela: Wat een vun der Constituante weess oder och net weess

Venezuela: Wat een vun der Constituante weess oder och net weess

D‘Land a Mëttelamerika steet virum Biergerkrich. Trotz allem ass dem venezuelanesche President Nicolas Maduro gelongen, d‘Wahl vun enger konstitutioneller Assemblée duerchzesetzen. Dat bei engem totale Refus vun der Oppositioun an dem Asproch vun der internationaler Communautéit. Wat awer weess een iwwer dës kontroverséiert Initiative?

Gewosst ass

D‘Constituante wier eng super Muecht, an se géif iwwert allen konstituéierte Pouvoire stoen, och dem Parlament, dee vun der Oppositioun dominéiert gëtt. „Si kann alles erneieren, alles schafen, si ass d‘Muecht vun der Muecht“ esou de Nicolas Maduro, dee versprécht datt dës Assemblée „de Fridde“ bréngt géintiwwer de Manifestatiounen déi säin Depart fuerderen. Manifestatioune, déi bis ewell 120 Mënschen d‘Liewe kascht hunn.

De „Manktem u Limitten“ vun der Constituante setzt zwar d‘Demokratie a Schach, mee „d‘Resistenz vun der Gesellschaft, de Coût vun der Repressioun fir d‘Regierung an den internationalen Drock“ kéinten déi imposéieren, erkläert d‘Analystin Colette Capriles vun der Simon Bolivar Universitéit.

Déi nei Constitutioun gëtt vu 545 Leit redigéiert. Dorënner 364 gewielte Persounen no territoriale Regelen an 181 Leit no soziale Secteuren. D‘Oppositioun, déi sech geweigert huet deelzehuelen, kritiséiert dësen „korporatistesche Vote“. Vis à vis de Beschëllegungen eng Diktatur ze installéieren, erkläert d‘Regierung de Wee fir eng „direkt Demokratie“ op ze maachen.

D‘Constituante gëtt nächste Mëttwoch am legislative Palais installéiert, wou se parallel zum Parlament siegéiere soll. De Maduro huet och verséchert, dat déi nei Verfassung – wou déi 1999 vum verstuerwene President Hugo Chavez agefouerten – ersetze soll, duerch ee Referendum soll bestätegt ginn.

D‘Colette Capriles ënnersträicht, datt d‘Constituante Entscheedunge kann huelen, déi esouwuel vun der Exekutive, wéi och der Legislativer zoustinn. Dat hunn de Staatschef an héich Beamten esou annoncéiert. Erënnere mer dann och, datt dës Initiative ouni Consultatioun op de Wee bruecht ginn ass.

Verschidde vun de mächtegste Personalitéite vum aktuelle Pouvoir sëtzen dann och an der Constituante. Esou d‘Nummer zwee vun der regéierender sozialistescher Partei (PSUV), Diosdado Cabello. Mee och déi fréier Ausseministesch Delcy Rodriguez an d‘Première Dame Cilia Flores sëtzen an der Constituante.

Net gewosst ass

Datt d‘Dauer vun der Sessioun vun der Assemblée vun der Constituante festgeluecht gëtt. Datt, wann se eng „Supermuecht“ ass, se Institutioune wéi d‘Parlament oder de Parquet kann opléisen. Domadder hate jiddefalls héich Responsabel aus dem Presidentekrees gedréit.

Datt d‘Luisa Ortega, Procureure General a Chavistin mam President gebrach huet, a probéiert huet de Projet ze bremsen. Hier Recourse sinn vum ieweschte Geriichtshaff (dee beschëllegt gëtt der Regierung no ze stoen) zeréckgewise ginn. Si huet dann och virum Risk vun engem totalitäre Regime gewarnt.

Falls et Wale gëtt: Eng vun de verantwortlech vum Wahl-Pouvoir, Socorro Hernandez huet deklaréiert, datt d‘Gouverneurswahlen – virgesi fir 2016 mee op Dezember 2017 verluecht – vun der Entscheedung vun der Assemblée ofhänken. D‘Oppositioun fäert iwwerdeems, datt d‘Presidentielle vun 2018 kéint suspendéiert ginn.

D‘Constituante wier iwwerdeems eng verzweiwelt Mesure vun enger Regierung, déi sech bewosst wier, datt se keng Wahle kann ofhalen, well se déi verléiere géif. Esou den Avis vum Diego Moya-Ocampos, Analyst vun IHS Markit Country Risk zu London. Och de Sondage-Institut Datanalisis vertrëtt d‘Usicht, datt d‘Gestioun vum Maduro an der Constituante vun 80% vun de Venezuelaner ofgeleent ginn.

Gefaart gëtt och, datt dës Assemblée kéint eng Hexejuegd provozéieren, wat d‘Zuel vun de politesche Prisonéier géif an d‘Luucht dreiwen. Déi gi mëttlerweil op 500 geschat, esou d‘ONG Foro Penal. D‘Ex-Ministesch Delcy Rodriguez verséchert, datt d‘Constituante net d‘Absicht hätt, de Géigner ze vernichten.

Laut dem Maduro, ass den Objektiv den Dialog nees hierzestelle fir d‘Kris ze iwwerwannen. Mee hien huet awer och gewarnt datt d‘Verbrieche vun de Rietse während de Manifestatioune bestrooft ginn. De President vertrëtt dann och d‘Meenung, datt d‘Constituante nees fir déi noutwenneg wirtschaftlech Stabilitéit wëll suergen. D‘Mesuren dofir sinn awer net matgedeelt ginn.

Der Berodungsfirma Ecoanalatica no, falls d‘Manifestatioune bis Enn dës Joers unhalen, belaascht et de PIB 2017 mat 9%. D‘Previsioune waren ugangs mat -4,3% virgeluecht ginn, wat eng unhalend Chute iwwer véier Joer provozéiert huet. „Mam zouhuele vum Konflikt, dem Ofbau vun Investitiounen an den (internationale) Sanktiounen, ass d‘Kris déi ee gesäit, just d‘Spëtzt vum Äisbierg“, esou den Luis Vicente, President vun Datanalisis.

mam Esteban Rojas/AFP

Foto: De President Nicolas Maduro hält de venezuelanesche Fändel beim Ofschloss vun der Campagne fir d‘Assemblée Constituante. Déi soll d‘Verfassung nei schreiwen (© Frederico Parra/AFP)

Ähnlech Sujeten Constituante, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel