Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken
International dating a man who isn't divorced

flirty dating service

Déi franséisch Insele Saint-Barthélémy a Saint-Martin sinn op Alarm „Mof“

Si hunn e bessert Aarbechtsgesetz gestëmmt
International dating a man who isn't divorced

Si hunn e bessert Aarbechtsgesetz gestëmmt

Mat 57 Stëmmen dofir an zwou Enthalungen ass dat neit

Wéi gutt kenns du de Kanton Klierf?
International dating a man who isn't divorced

Wéi gutt kenns du de Kanton Klierf?

Lëtzebuerg ass an 12 Kantonen agedeelt. An eiser Quiz-Serie gi

Venezuela: de Kampf ëm d‘Muecht

Landeswäit Protester mat internationaler Ënnerstëtzung

Venezuela: de Kampf ëm d‘Muecht

Dat latäinamerikanescht Land, dat et gewot huet den USA d‘Stir ze weisen, geréit alt nees an eng Spiral vun der Gewalt, nodeems d‘Oppositioun ënnert der Leedung vum Juan Guaido, zum Protest am ganze Land opgeruff huet. De Mouvement gëtt massiv vun den USA gestëtzt.

Eleng an der Haaptstad Caracas sinn d‘Géigner vum venezuelanesche President, Nicolas Maduro, zu dausenden op d‘Strooss gaangen, an hu massiv de Récktrëtt vum Staatschef verlaangt, deen aus hirer Siicht net demokratesch legitiméiert ass, dëst Mandat auszefëllen. Interessant d‘Feststellung, datt et sech heibäi net ëm déi gewinnt „biergerlech“ Oppositioun handelt, mee sech elo och d‘Leit aus den Aarmutsquartieren an iwwerzeegt Hugo Chavez Unhänger, dem Protest ugeschloss hunn.

Venezuela

Vill Unhänger vum 2013 verstuerwene „Revolutionär“ Hugo Chavez, sinn es der Politik vum Nicolas Maduro midd. „Ech kommen aus engem Quartier an deem d‘Aarmut d‘Fundament duerstellt. Laang sinn ech op der Säit vun der Revolutioun gestanen, mee elo si mir d‘Aen opgaangen an ech wëll e Wandel fir Venezuela“, esou eng jonk Demonstrantin déi nach betount: „Ech wëll Meenungsfräiheet. D‘Herrschaft vum Maduro ass eriwwer. Mir wëllen d‘Fräiheet!“.

Et gëtt nees gestuerwen

Iwwert déi lescht zwee Deeg, wou et natierlech och zur Konfrontatioun mat der Police komm ass, sinn den Autoritéiten no, 13 Mënschen ëm d‘Liewe komm. „An de meeschte Fäll stierwen d‘Leit duerch Schosswaffegebrauch“, esou de Marco Ponce vun der ONG „Observatorio Venezolano de Conflictividad Social“ OVCS. D‘Oppositioun wëll hirersäits eng Iwwergangsregierung ënnert dem Virsëtzende vun der 2017 entmuechten Nationalversammlung asetzen a Neiwahlen organiséieren.

Dofir huet de Juan Guaido – deen eréischt zanter Ufank vum Joer dat neit Gesiicht vun der Oppositioun ass – gëschter d‘Provokatioun nach emol eppes weidergedriwwen, an sech viru jubiléierende Masse selwer zum Interimspresident erkläert: „Haut um 23. Januar 2019, schwieren ech a menger Funktioun als President vun der Nationalversammlung, d‘Zoustännegkeet an d‘Verantwortung vun der Exekutivgewalt ze iwwerhuelen“. An den USA gëtt dat begréisst…

Un de Ficellen zitt… den Donald Trump

Nach während d‘Demonstratiounen op vollen Toure gelaf sinn, Mënschen an de Stroossen sech mat de Sécherheetskräfte gemooss hunn, huet den US-President Donald Trump den Juan Guaido als President vum Venezuela unerkannt. E bewosste Schachzuch vum Milliardär, deem d‘Reaktivitéit vum Nicolas Maduro net onbekannt ass. An deen huet reagéiert: „Ech hunn ugeuerdent, datt eis Bezéiungen zur Regierung vun den USA enger totaler an absoluter Revisioun muss ënnerzu ginn“.

Venezuela

Schonn iert nees op de Stroossen zu Ausenanersetzung vun Oppositionellen a Unhänger vum Maduro komm war, hat d‘Regierung d‘USA beschëllegt, d‘Oppositioun ze stëtzen an et op en Ëmstuerz ofgesinn ze hunn. E valabelt Argument, dat vum Donald Trump net emol usazweis dementéiert gëtt. Et huet awer d‘Pro-Maduro Fraktioun ermontert sech virun an hannert hire President ze stellen, an si waren zu dausende virum Presidentepalais Miraflores ugetrueden.

Wann d‘Raten d‘Käpp aus de Lächer strecken

International betruecht, zitt den Donald Trump méi Sympathien op sech wéi den Nicolas Maduro. Woubäi déi „Interessegesteiert“ sinn, wéi am Fall vum President vun der Organisatioun vun den amerikanesche Staaten (OAS), Luis Almagro, deen e Regimewiessel noutfalls och mat Gewalt erzwénge wëll. Deem geet et allerdéngs net ëm d‘Wuel vum venezuelanesche Vollek, nee säin Interessi ass de natierleche Ressourcen, an éischter Linn dem Pëtrol, geschëlt.

Venezuela

Allerdéngs steet an der Kausa „Maduro“ déi international Communautéit net eestëmmeg op der Säit vun de Regimegéigner. Klassesch, wann et ëm den ideologesche Konflikt méi Meenunge gëtt, da kënnen sech China a Russland net eraushalen. Peking a Moskau ënnerstëtzen och weiderhin déi aus hirer Siicht legitiméiert venezuelanesch Regierung an den Nicolas Maduro. Dee steet mat dëser neier Protestwell, nees mam Réck zur Wand, an eng Eskalatioun vun der Gewalt muss gefaart ginn.

Foto: © pnr24 (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Juan Guaido, Luis Almagro, Nicolas Maduro, OAS, Protest, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel