Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Dir bréngt mech a Verleeënheet
International Neiegkeeten

Editorial: Dir bréngt mech a Verleeënheet

Ech wëll meng al Regierung zréck, déi war gutt… si

Reunioun „Circular Economy 2.0“ zu Espoo
International Neiegkeeten

Reunioun „Circular Economy 2.0“ zu Espoo

Op Invitatioun vum finlänneschen Homolog Kimmo Tilikainen huet d’Carole Dieschbourg,

Guardian/Luxguard – Et gëllt de Sozialplang ze verhënneren
International Neiegkeeten

Guardian/Luxguard – Et gëllt de Sozialplang ze verhënneren

Um Mëttwoch sinn d‘Personaldelegatioune vun de Luxguard Standuerter Diddeleng a

Venezuela: De Kampf ëm d‘Muecht geet weider

Immunitéit vum selwer ernannten Interimspresident Juan Guaido soll opgehuewe ginn

Venezuela: De Kampf ëm d‘Muecht geet weider

E Méindeg ass et am venezuelanesche Muechtkampf, deen de selwer ernannten Interimspresident Juan Guaido mat der Ënnerstëtzung vu Washington féiert, zu engem Revirement komm. Den ieweschte Riichter Maikel Moreno huet d‘Deputéiert opgefuerdert dem Parlamentspresident seng politesch Immunitéit opzehiewen.

Hannergrond fir dës Fuerderung, ass ënnert anerem dem Juan Guaido säi verstouss géint déi him operluechten Ausreesspär. Weider „Virwërf“ sinn d‘Ustëftung vu Gewalt an de Fait datt hie Geld aus „illegale Quellen“ ugeholl huet. De Maikel Moreno, deen dem President Nicolas Maduro nosteet, huet seng Demande un d‘Constituante, déi verfassungsgebend Versammlung geriicht.

De Juan Guaido, als Parlamentspresident, genéisst Immunitéit an schéngt gewëllt ze sinn déi och ze behalen. Hien huet erwaardungsgeméiss d‘Interventioun vum ieweschte Geriicht zréckgewisen an als „Farce“ veruerteelt. Hie weess datt déi international Communautéit him de Réck stäipt, an et net esou „einfach“ ass sech u senger Persoun ze vergräifen. Mee och dofir gëtt et Grenzen…

Venezuela

Et muss een an dësem Kontext och drun erënneren, datt am Hannergrond d‘USA d‘Ficellen an der Hand hunn. Washington huet eng 50 Länner – dorënner och Lëtzebuerg – iwwerzeegt kritt, sech fir d‘Ressource an déi profitabel Geschäfter ze interesséieren. Ënnert dem Virwand vun „Demokratie“ a „Fräiheet“ (no US Virbild) wëll Washington e Regimewiessel erbäiféieren oder erzwéngen.

Wien den längeren Otem huet gewënnt?

Mat ëmmer méi Acteure gëtt d‘Lag a Venezuela esou lues oniwwersiichtlech. Zudeem huet sech no der „politescher Kris“ och e weidere Phenomen agelueden: „Sabotage“. Esou kënnt et zanter dem 7. Mäerz esou gutt wéi all Dag zu Stroumausfall, et gëtt Problemer bei der Waasserversuergung, och den Unterrecht huet fir eng Woch missen ënnerbrach ginn… An dat alles ass keen Zoufall.

De Nicolas Maduro huet misse reagéieren, an esou säin Energieminister, de Generol Luis Motta Dominguez, ersetzen. Hei soll elo den Ingenieur Igor Gavidia Leon, zur Léisung bäidroen. De Mann dee 25 Joer Beruffserfarung matbréngt, soll dann och d‘Direktioun vun der CorpoElec, dem staatleche Stroumkonzern (Corporacion Electrica National), iwwerhuelen.

Venezuela

Mëttlerweil sinn och dem Maduro seng Géigner net méi ganz iwwerzeegt, dat déi Problemer bei der Versuergung mat Stroum a Waasser bestinn, eng „natierlech“ Ursaach hunn. De „Verdacht“ datt et heibäi ëm Sabotage geet huet sech an der tëscht och bei de Regimegéigner breet gemaach. Ëmmerhi sollt ee sech Froe wien den Notze vun enger Rationéierung vu Stroum a Waasser huet.

mat indymedia global

Foto: Hien huet sech selwer zum Interimspresident ernannt, a gëtt vu vill Länner als deen eenzeg legitimme President vum Venezuela unerkannt. Elo soll seng Immunitéit – déi hien als President vum Parlament genéisst – entzu ginn. © dlvr.it

Ähnlech Sujeten Amëschung, Juan Guaido, Nicolas Maduro, Regimewiessel, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel