Dës Petitioun wëll de gratis ëffentlechen Transport aféieren a liwwert Iddien, wéi dëst bezuelt ka ginn
Nach bis den 23. Abrëll kann een eng Petitioun ënnerschreiwen,
Leider gehéiert kierperlech oder sexuell Gewalt, souwéi Diskriminéierung zu deenen
E Schlag an d‘Gesiicht, esou an net anescht muss ee
Et soll elo endlech nees zu Gespréicher tëscht der venezuelanescher Oppositioun an der Regierung kommen. Wéi sënnvoll dat ass, wann de Juan Guaido schonn am Virfeld vun engem falschen Dialog schwätzt, léisst sech net mat Sécherheet soen, woubäi et net déi beschte Viraussetzung ass.
Verständlech ass et, datt d‘Oppositioun d‘Verhandlungen, déi an Norwegen mat der Regierung vum Nicolas Maduro gefouert ginn, kritesch begleet. Si hunn d‘USA op hirer Säit an och vill EU-Länner stäipen de selwer proklaméierten Iwwergangspresident Juan Guaido. Virun honnerten Unhänger huet dësen zu Carora (am Nordweste vu Venezuela) virun engem falschen Dialog gewarnt.
Elo ass et dann awer éischter esou, datt den Dialog duerch den amerikaneschen „Afloss“ dreet verfälscht ze ginn. Dovunner auszegoen, datt d‘Verhandlung nëmmen erfollegräich ofgeschloss ka ginn, wann et zum Récktrëtt vum Nicolas Maduro a senger Regierung kënnt, léisst net erkennen, datt et esou eppes wéi Verhandlungsbereetschaft säitens der Oppositioun géif ginn. An elo?
Schonn déi nächst Woch sollen zu Oslo d‘Gespréicher nees opgeholl ginn, och wann den Dissident dat a senger Interventioun zu Carora net erwähnt huet. Dat huet e gudde Grond: de Juan Guaido an d‘Amerikaner behaapten, datt sech den Nicolas Maduro nëmmen op esou Gespréicher aléisst, well et him erméiglecht Zäit ze schënnen. Wann deem esou ass, firwat loossen se sech drop an?
Ma den Amerikaner ass et immens wichteg datt – zumindest – d‘Prinzipie bäibehale ginn, fir dat am Fall vun engem bewaffente Konflikt, wéinstens behaapt ka ginn, et hätt een all diplomatesch Mëttel erschëpft. Um grondsätzlechen, also de Maduro aus dem Amt ze joen, noutfalls mat Waffegewalt, huet sech zu Washington näischt geännert. Am Géigesaz. Et fänkt een un ongedëlleg ze ginn…
mat indymedia/ccs/nyc/mia
Foto: D‘USA verdeedegen am Venezuela net d‘Demokratie, mee déi Ressourcen déi si gären notze wëllen, an zwar duerch US-Entreprisen. D‘Land huet dann och den Ament ënnert de Sanktiounen ze leiden an Bedreeung vun enger militärescher Interventioun hänkt och nach an der Loft. © North Carolina (US) Green Party