Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fotogallerie: Autocross zu Helleng
International Neiegkeeten

Fotogallerie: Autocross zu Helleng

Zero Waste Konferenz – Um Wee zu enger Plastik-fräier Gesellschaft?
International Neiegkeeten

Zero Waste Konferenz – Um Wee zu enger Plastik-fräier Gesellschaft?

Den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Écologique hu geruff, Dir

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta
International Neiegkeeten

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta

Déi tierkesch Arméi huet Afrine eruewert an eng Kurdemiliz verdriwwen.

Venezuela: Dem Juan Guaido seng Mäzenen zécken hiert Arsenal

Venezuela: Dem Juan Guaido seng Mäzenen zécken hiert Arsenal

Et ass net verwonnerlech, datt sech ëmmer méi Länner hannert de jonken Dissident Juan Guaido stellen, dee sech virun enger Woch als President vum Venezuela proklaméiert huet. De President vun der nationaler Assemblée, eng politesch Geschirkëscht déi an amerikaneschen Hannerzëmmer zesummegestallt ginn ass, kann awer nëmmen zum Handlaanger gi wann d‘Welt matmécht.

An dat schéngt d‘Weltgemeinschaft dann och wëlles ze hunn. An der éischter Rei déi exemplaresch Demokratien aus der „Lima-Grupp“, engem Zesummeschloss vu 14 latäinamerikanesche Länner, déi säit August 2017, ënnert dem Virwand d‘Kris am Venezuela ze beendegen, aktiv géint de President Nicolas Maduro virgeet. Dat ganzt am Averständnes an der Kooperatioun mat den USA.

De Grupp hat sech elo zu Ottawa mat der kanadescher Regierung getraff, an d‘Welt-Gemeinschaft opgeruff, alles an d‘Wee ze leeden, wat et dem Regimm onméiglech mécht, Geschäfter am Ausland ze maachen. De Lima-Grupp, deen am Tosch géint US-Waffen och bereet ass eng militäresch Operatioun ze ënnerstëtzen, huet d‘Arméi opgefuerdert sech hannert de Juan Guaido ze stellen.

Hei huet déi kanadesch Ausseministesch, Chrystia Freeland, dann och e puer Saache misse kloer stellen. Si betount a bekräftegt, datt et sech bei der Aktioun géint de Maduro-Regimm, ëm d‘Ënnerstëtzung vum engem „friddleche Muechtwiessel“ handelt, an dat eenzegt Zil dat hei verfollegt gëtt, d‘Aféierung vun der Demokratie, esou wéi si se versteet, sécherzestellen…

Zesumme mat siwen EU-Länner huet de Lima-Grupp, Kanada an d‘USA de Juan Guaido als de rechtméissege President vum Venezuela unerkannt. Kanada huet esouguer eng „Starthëllef“ vun 53 Milliounen US-Dollar an Aussicht gestallt. E Méindeg huet de franséische President, Emmanuel Macron, dee selwer eng politesch Kris erdroe muss, dem Juan Guaido seng Ënnerstëtzung zougesot.

Ëmmer méi Opportuniste weisen sech

Et muss een am Zesummenhang mat Venezuela wëssen, wourëms et eigentlech geet: hei sinn déi natierlech Ressource vum Land, an éischter Linn de Pëtrol, de Mëttelpunkt. Datt et Mënsche gëtt déi do Wunnen a Liewen, dat ass eben esou. Datt dës Mënschen eigentlech e Recht drop hätten déi wierklech Notznéisser vun hire Ressourcen ze sinn… gutt et wëll een et net iwwerdreiwen.

Leider ass et awer genee dat, woufir sech unerkannten Demokratien (Dänemark, Éisträich, Estland, Finnland, Frankräich, Groussbritannien, Israel, Holland, Lettland, Lëtzebuerg, Litauen, Norwegen, Portugal, Schweden an Tschechien) asetzen, déi hei US-Politik bedreiwen. Mat „alternative Fakten“ gëtt sech hei engem Prozess ugeschloss, vun deem gewosst ass datt en an d‘Verdierwe féiert.

D‘Ausso: „D‘Land erdréit keng weider 90 Deeg méi“ ass reng Propaganda, mee esou offensichtlech datt jiddereen de Wuerm schléckt. Et gëtt och vill vun humanitärer Hëllef geschwat, déi een elo an d‘Land wëll eraloossen. Eng humanitär Hëllef déi nëmmen noutwenneg ass, well et Sanktioune géint de Venezuela gëtt, déi zum Zweck hunn d‘Wirtschaft an de Gesondheetssystem ze zerschloen.

Et ass erwisen, datt et d‘Sanktioune sinn, déi d‘Inflatioun ausgeléist, d‘Präisser fir Liewensmëttel an d‘Luucht gedriwwen an den Import vu Medikamenter verhënnert hunn. Amerika huet jidderengem, deen Handel mat den USA bedreift, mat Konsequenze gedreet, sollt deen och mat Venezuela eng Handelsbezéiung fleegen. D‘Kniecht hunn dee Message verstanen, an handelen elo entspriechend.

An ëmmer wann déi falsch Interesse verdeedegt ginn, ass si do: d‘Caritas. De laangen Aarm vun enger a Südamerika mächteger Kierch. Gutt déi ass wuel och als eppes méi Mënscheveruechtend (Pedophilie) entlarvt ginn, gehéiert awer zu de grousse Grondbesëtzer, an steet hannert allem wat fir e Muechtwiessel ass. A grad d‘Caritas wëll net datt dës Kris politesch instrumentaliséiert gëtt…

Ähnlech Sujeten Chrystie Freeland, Emmanuel Macron, Grupp vu Lima, Juan Guaido, Nicolas Maduro, Petrol, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel