Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vun Abréch an enger brennender Wunneng wärend de Feierdeeg
International Neiegkeeten

Vun Abréch an enger brennender Wunneng wärend de Feierdeeg

Wéi d’Police matdeelt huet et och iwwert d’Feierdeeg am Land

Vandalismus an der Réidener Schwämm: D’Plainte ass gemaach!
International Neiegkeeten

Vandalismus an der Réidener Schwämm: D’Plainte ass gemaach!

Um 29. Juli huet d’Réidener Schwämm matgedeelt, datt zwee jonk

Brøndby Garden City: Eng gréng Dramwelt an Dänemark?
International Neiegkeeten

Brøndby Garden City: Eng gréng Dramwelt an Dänemark?

Fir déi ganz Schéinheet vun eisem Planéit a déi originell

Venezuela: Propagandisteschen Nationalfeierdag

Regierung an Oppositioun notzen Onofhängegkeetsdag fir Fangemeinschaften ze mobiliséieren

Venezuela: Propagandisteschen Nationalfeierdag

Am venezuelanesche Muechtkampf huet d‘Oppositioun bis ewell keng substantiell Victoire Opweises, an d‘Regierung vum amtéierende President steet an der Kritik vun der Weltgemeinschaft an deet sech wéinst den unhängleche Sanktioune schwéier. Logesch datt ënnert dësen Ëmstänn de venezuelaneschen Onofhängegkeetsdag propagandistesch ausgeschluecht gëtt.

Venezuela

Esou huet de selbsternannten Interimspresident Juan Guaido seng Unhänger zu Caracas zum Duerchhalen opgeruff: „Gitt net op! Mir wäerten dat packen! Hutt keng Zweiwel, mir wäerten erfollegräich sinn“. A sengem Appell huet den Dissident eng Fortsetzung vum Protest annoncéiert a versprécht dat ganzt Land ze mobiliséieren. Hie gëtt vun den USA an der EU ënnerstëtzt.

Venezuela

De President vu Venezuela, Nicolas Maduro, huet a senger Ried bekräftegt, datt hien d‘Beméiunge vu Norwegen ënnerstëtzt, déi sech zolidd beméien tëscht de Konfliktparteien ze vermëttelen. „Am Venezuela gëtt et Plaz fir eis all (…) Mir mussen alleguerten e bëssi op eppes verzichten, fir eng Eenegung ze fannen“. An engems huet hie fir de 24. Juli Militärmanöver ugekënnegt…

Vereenten Natioune werfen dem Maduro-Regimm Folter vir

E Freideg hat d‘Michelle Bachelet, déi héchst UN-Kommissärin fir Mënscherechter, d‘Regierung vu Venezuela der Uwennung vu Folter bezichtegt. Si huet zu Genève virum UN-Mënscherechtsrot behaapt „et géif Unzeeche vu systematescher Folter an den Internéierungslager“. Virwërf déi vum venezuelanesche Vizeausseminister William Castillo zréckgewise goufen.

Venezuela

De Kampf ëm d‘Muecht an dësem südamerikanesche Land mat gréissere Pëtrolsreserven, huet säin Ursprong an der US-Aussepolitik, déi d‘Interesse vu senger Industrie a Wirtschaft am A huet. Fir d‘Amerikaner kann et net ugoen, datt net si d‘Gestioun vun dëse Ressource an der Hand hunn. Et sinn dann och an éischter Linn d‘USA, déi den Dissident ënnerstëtzen a finanzéieren.

Venezuela

Den USA hunn sech mëttlerweil eng 50 Länner „ugeschloss“, dorënner eis däitsch Noperen, déi och wirtschaftlech Interessen a Venezuela hunn (Automobilindustrie). De Regimm vum Nicolas Maduro gëtt ënnert anerem vu Russland a Kuba gestäipt. Keng vun de mat Washington ofgeschwaten „Aktiounen“ hunn dem Juan Guaido bis ewell e Virdeel verschaaft an d‘Arméi ass weiderhi loyal.

mat indymedia/ccs

Foto: Während sech d‘USA hannert de Juan Guaido stellen, huet Russland bekräftegt, d‘Arméi vu Venezuela op de neiste Stand ze bréngen. D‘Bedreeung vun enger militärescher Interventioun mat UN-Mandat, gëtt no de Beschëllegunge vu Folter eppes weider reell. © Telesur (courtesy)

Ähnlech Sujeten Folter, Juan Guaido, Mënscherechter, Michelle Bachelet, Muechtkampf, Nicolas Maduro, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel