Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘ULC fuerdert absolut Transparenz vun de Pensiounspräisser an den Alters- a Fleegeheimer
https://moien.lu/free-soweto-dating-site/ Neiegkeeten

completely free dating glasgow

Opgrond enger parlamentarescher Ufro betreffend d‘Transparenz vun den Tariffer an

boyfriend has profile on dating site
https://moien.lu/free-soweto-dating-site/ Neiegkeeten

Tourismus: En zefriddestellenden Tëschebilan

Lëtzebuerg ass eng attraktiv touristesch Destinatioun, an de Secteur entwéckelt

Ëmwelt, Justiz a Steierreform: déi gréng ginn sech eng Bonne Note
https://moien.lu/free-soweto-dating-site/ Neiegkeeten

Ëmwelt, Justiz a Steierreform: déi gréng ginn sech eng Bonne Note

Datt déi gréng hire parlamentaresche Bilan am „Syriously“ virgestallt hunn,

Léisst sech d‘Kris vum Venezuela an Norwegen léisen?

Léisst sech d‘Kris vum Venezuela an Norwegen léisen?

Vertrieder vun der venezuelanescher Regierung an Oppositioun, hunn sech zu Oslo ënnert der Vermëttlung vun Norwegen, un de Verhandlungsdësch gesat an éischt Gespréicher gefouert, déi d‘Kris an dësem latäinamerikanesche soll beendegen. Wierklech Resultater gëtt et nach keng.

Eigentlech wollt den Dissident a selwer proklaméierten Interimspresident Juan Guaido, wéi hie virun engem zur Rebellioun opgeruff hat, net vill Wieder mam géigneresche Lager wiesselen. Eigentlech wollt hien nëmmen den Nicolas Maduro stierzen an eng Politik no amerikaneschem Muster installéieren. Et ass wuel zu Ausenanersetzunge komm, Mënsche goufe blesséiert oder ëmbruecht, mee déi vu Washington gefërdert „Revolutioun“ ass ausbliwwen.

Norwegen

A wann ee schëlleg ass, da mat Sécherheet déi Vereenten Natiounen.

D‘Norweger hu sech fir de politeschen Dialog agesat, a hu béid Fraktiounen iwwerzeegt kritt sech iwwert d‘Optiounen, déi et fir d‘Land gëtt ausenanerzesetzen. Zu Oslo gouf et éischt Gespréicher mat den eenzele Lager, fir d‘Gespréichsbereetschaft an déi ënnerschiddlech Positiounen ze beliichten. Elo hunn sech béid „Parteien“ dës Woch endlech direkt géinteniwwer gestanen. Datt den Dissident iwwerhaapt bereet ass ze verhandelen, ass fir dëse riskant.

E geféierlecht Spill

An elo stellt sech natierlech d‘Fro: „Kann de Juan Guaido vun der Distanz profitéieren?“ Ëmmerhi sinn net all seng Ënnerstëtzer erfreet iwwert dës „Verhandlungen“ an den Dissident selwer hat sech Gespréicher verwiert wa seng Bedingungen net erfëllt ginn. Sengen Unhänger huet de Juan Guaido erkläert: „Norwegen wëll vermëttelen an huet eis dozou agelueden. Dat heescht: dat ass keng Verhandlung an och keen Dialog. Mir dierfen d‘Rhetorik vum Regime net benotzen“.

Norwegen

De Versuch vun engem erkläerte Kapitalist Trump-Propaganda a Wierder ze faassen.

Et ass awer u sech egal, mat wéi enge Wierder Agitatioun bedriwwe gëtt. Wann der Zwee sech un engem Dësch géinteniwwer setzen a gespréichsbereet sinn, dann nennt een dat eng Verhandlung. An dësem Fall verhält et sech esou, datt de Juan Guaido déi Optiounen déi um Dësch leien an déi hie selwer abruecht huet, an de Mëttelpunkt vun der Entrevue stellt. An am Géigesaz zu de virechte Gespréicher kann den Nicolas Maduro hei dann och net méi „op Zäit spillen“.

Stécheleien am Hannergrond

Richteg ass et och, datt de Maduro d‘Gespréicher vun Oslo wëll notzen, fir ze demonstréiere wien déi gutt an wien déi béis sinn. Dozou kënnt dann och nach, datt op e neits d‘Immunitéit vun engem Oppositioun-Deputéierte vum ieweschte Geriicht opgehuewe ginn ass. De Vizepresident vum Parlament setzt am Prisong, eng ganz Rëtsch Deputéiert hu sech an auslännesche Vertriedunge verschanzt, well si ugeklot sinn dem Dissident säi Putschversuch ënnerstëtzt ze hunn.

Norwegen

Datt d‘Verhandlungen zu Oslo d‘Kris am Venezuela bäileeë sollen ass éischter onwahrscheinlech. Den Dissens deen d‘USA am Land ëm- an duerchgesat kritt hunn, ka kee Gewënner aus engem vun de presente Lager ervirbréngen. Et dréit awer derzou bäi datt e bewaffente Konflikt – zumindest fir den Ament – an/oder en militärescht Agräife vu baussen ausgeschloss ass. D‘Norweger gesinn et pragmatesch a sinn erfreet datt sech béid Parteien zumindest emol zu Gespréicher gesinn hunn.

mat indymedia/ccs/osl/ber/lon

Ähnlech Sujeten John Bolton, Juan Guaido, Nicolas Maduro, Norwegen, Oslo, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel