Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Atelier: Ganz vill Häerz, ganz vill Dean Lewis!
International Neiegkeeten

Den Atelier: Ganz vill Häerz, ganz vill Dean Lewis!

Et geet nees viru mam musikalesche Repertoire. Um Programm gëschter

Réckgang vum Drogekonsum zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Réckgang vum Drogekonsum zu Lëtzebuerg

De nationale Bericht zu der Lag vum der Drogeproblematik an

Eise Militärsatellit GovSat-1 ass elo prett fir den Asaz
International Neiegkeeten

Eise Militärsatellit GovSat-1 ass elo prett fir den Asaz

De lëtzebuergesche Militärsatellit GovSat-1, deen den 31. Januar erfollegräich an

Venezuela: OAS-Generalsekretär wëll militäresch géint de Maduro virgoen

Venezuela: OAS-Generalsekretär wëll militäresch géint de Maduro virgoen

Den OAS-Generalsekretär Luis Almagro huet e Freideg deklaréiert, datt een eng militäresch Interventioun am Venezuela, fir d‘Regierung ze stierzen, net ausschléisse soll. De Luis Almagro mécht de venezuelanesche President, Nicolas Maduro, verantwortlech fir déi humanitär a wirtschaftlech Kris am Land.

„Wat eng militäresch Interventioun, mam Zil de Maduro-Regimm ze stierzen ugeet, esou mengen ech, datt mir keng Optioun ausschléisse sollten“, esou de Luis Almagro bei enger Pressekonferenz an der kolumbianescher Grenzstad Cúcuta.

Den Nicolas Maduro, deen sech net méi wollt vun den USA virféiere loossen, hätt d‘Land an eng Humanitär- Wirtschaftskris gefouert, esou de Virworf. Richteg ass, datt Venezuela säit November 2017, déi finanziell Fuerderunge vu senge Creancieren net méi erfëlle kann. D‘Land ass faktesch faillite, an huet esouwuel vun den USA an der EU Sanktiounen operluecht kritt.

Sanktiounen déi verhaange gi sinn, wëll trotz den Awänn vun den USA an der EU, de Maduro am Mee vun dësem Joer op e neits am Amt bestätegt ginn ass. Wahlen, déi vum venezuelanesche President senge Géigner boykottéiert goufen, wat zu enger Abstentioun vun 52% gefouert huet.

Et ass dann och net nëmmen d‘Vereenegung vun den Amerikanesche Staaten (OAS), déi zur „US-Allianz“ gehéieren, mee och de „Grupp vu Lima“ déi sech der „Linn“ vu Washington ugeholl hunn. D‘USA, wou den Donald Trump schonn am August 2017, eng „militäresch Optioun“ géint de Venezuela ernimmt hat, fir, esou den US-President d‘Leide vun de Mënschen ze beendegen.

mat AFP

Foto: Den OAS-Generalsekretär, Luis Almagro, begréisst venezuelanesch Flüchtlinge bei sengem Besuch am Foyer „Divina Providencia“ zu Cúcuta, enger kolumbianesch Grenzstad. Dës Visite huet am Kader vun enger Staatsvisite stattfonnt. Den Uruguayer ass fir dräi Deeg a Kolumbien, wou sech iwwert déi venezuelanesch Migratiounskris berode gëtt. Laut der UNO, wier et „déi gréisste Migratiounskris vun der westlecher Hemisphär“. Säit der Wirtschaftskris, déi duerch Sanktioune vun den USA an der EU nach emol verstäerkt ginn ass, sollen 2,3 Millioune Venezuelaner hiert Land verlooss hunn. © Schneyder Mendoza/AFP

Ähnlech Sujeten Kolumbien, Luis Almagro, Migratiounskris, OAS-Generalsekretär, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel