Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gault & Millau Lëtzebuerg – den beschte Kach vum Joer gouf ausgezeechent
International Neiegkeeten

articles on online dating scams

De bekannte gastronomesche Guide Gault & Millau huet gëschter d’Gewënner

quake quake dating site
International Neiegkeeten

Saudiarabien: Doudesstrof fir eng Mënscherechtsaktivistin

De Procureur vu Saudiarabien huet fir 5 Mënscherechtsaktivisten d‘Doudesstrof gefuerdert.

What the Fakt – Den internationale Kannerdag!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den internationale Kannerdag!

Den 1. Juni steet ganz am Zeeche vun de Kanner.

Venezuela: US-Marionett kritt Opstand net gemanagt

Schosswiessel tëscht Zaldoten, Krawall an de Stroosse vu Caracas…

Venezuela: US-Marionett kritt Opstand net gemanagt

No heftegen Ausenanersetzungen um Dënschdeg, ass nees eppes wéi Rou an der venezuelanescher Haaptstad opkomm. Nach um Owend hat sech de amtéierende President, Nicolas Maduro, an der Staatstëlee mam Verdeedegungsminister u seng Landsleit gewannt, an den Opstand fir gescheitert erkläert. Hien huet och bestätegt, datt de Gustavo Gonzalez nees Chef vum Geheimdéngscht ass.

De Juan Guaido versicht zanter Wochen d‘Arméi „ëmzestëmmen“ a behaapt sech drop, datt de Regime net méi vum Militär ënnerstëtzt gëtt. Hien huet dës dann och opgeruff, de Staatschef ze stierzen. Eng Rei jonk Zaldote sinn dësem Appell nokomm. E gréissere Grupp vun Zaldoten hat sech dem selwer ernannten Iwwergangspresident ugeschloss a virun engem Loftwaffestëtzpunkt mat de „Komeroden“ e Schosswiessel geleescht.

Venezuela

An der Haaptstad Caracas selwer, war et dem Juan Guaido gelongen e puer dausend Unhänger ze mobiliséieren. Och hei koum et tëscht heftegen zesummestéiss mat de Sécherheetskräften. Et ass rieds vu 36 Verletzte Persounen. D‘Autoritéiten haten d‘Situatioun am Grëff, a konnten – esou seet et sech – Schlëmmeres verhënneren. De Maduro huet a senger Usproch den Opstand fir beendegt erkläert an der Arméi fir hir Loyalitéit Merci gesot.

Ugespaante Situatioun

Um Dënschdegmuere war et dem Dissident Juan Guaido gelongen – virun allem jonk – Zaldoten ze iwwerzeegen sech him unzeschléissen. Deenen hir éischt Aktioun huet doranner bestanen, dee säit Joren ënner Hausarrest stoenden Oppositiounsleader, Leopoldo López, „ze befreien“. An engem zweete Schratt sollt sech der Militärbasis „La Carlotta“ ermächtegt ginn. Méi wéi e „Versuch“ war awer net dran, an elo kritt dat en Nospill.

Venezuela

Esou wéi et den Nicolas Maduro duergestallt huet, hätten déi meescht Zaldoten, wéi si gemierkt hätten ëm wat et géif goen d‘Kéier gemaach. Géint den „haarde Kär“ vun 20 opstännegen Zaldoten ermëttelt elo de Procureur. Hir Aktioun dierft hinnen als „Landesverrot“ ausgeluecht ginn. Dat awer bremst dem Juan Guaido säin Äifer net. Hien huet zu weidere Protester opgeruff, a fir den haidegen 1. Mee d‘Fortsetzung vun der „Operatioun Fräiheet“ deklaréiert.

US-Propaganda am Iertum

Datt d‘USA och weiderhin am Hannergrond un de Ficellen zéien, a sech eenegermoosse sécher gefillt hunn, datt dem Guaido seng „Operatioun Fräiheet“ erfollegräich géif verlafen, beweist sech an der Aart a Weis wéi op déi „verpasste Chance“ reagéiert gëtt. Esou gëtt d‘US-Regierung un, datt si iwwer Informatioune verfüügt, déi besoen, datt de Nicolas Maduro prett gewiescht wier, fir sech aus dem Stëbs ze maachen, wat vun de Russe verhënnert gi wier.

Venezuela

Et ass dann och den US-Ausseminister Mike Pompeo, deen sech zu enger Deklaratioun hiräisse gelooss huet an géintiwwer de Kollege vu CNN erkläert huet: „Et ass laang hir datt een de Maduro gesinn huet. Hien hat e Fliger parat stoen, an esou wéi mir et verstinn, war hie bereet d‘Land ze verloossen. D‘Russen hunn him awer ze verstoe ginn, datt hie sollt bleiwen“. Laut den USA hätt sech de Maduro a Richtung Kuba ofsetze wëllen.

Moskau „standhaft“

Während vill EU-Staaten – dorënner och Lëtzebuerg – den Dissident als „rechtméissege President“ vum Venezuela unerkennen, bleiwe China, Russland an d‘Tierkei, zesumme mat de Regierunge vu Bolivien, Kuba a Nicaragua dem bestoende Regime trei. Och déi vun den USA genannte Politiker, déi sech vum Maduro géifen ofwenne wann et zum Opstand kënnt, hu sech bis ewell net ze erkenne ginn. Moskau huet sech dann och geäussert.

Venezuela

Esou huet de President vum auswäertegen Ausschoss am russesche Federatiounsrot, Konstantin Kossatschow – ouni d‘USA mam Numm ze nennen – virun engem Agräife vu Bausse gewarnt. De kubanesche President, Miguel Diaz-Canel an de bolivianesche Staatschef, Evo Morales, hunn d‘Putsch-Beweegung schaarf veruerteelt, an d‘USA beschëllegt déi venezuelanesch Regierung stierzen ze wëllen. D‘UNO rifft zur Rou op…

mat indymedia/clt

Foto: Nom gescheiterten Opstand huet den Nicolas Maduro der Militärféierung fir hire „Mutt bei der Verdeedegung vum Fridden“ Merci gesot © Gov BRC

Ähnlech Sujeten Juan Guaido, Nicolas Maduro, Opstand, Putsch, Regimewiessel, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel