Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Phil Live doheem: Programm fir d’Séil an d’Oueren
International Neiegkeeten

Phil Live doheem: Programm fir d’Séil an d’Oueren

Wärend de leschte Wochen ass et duerch Dir-wësst-scho-wat immens roueg

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser
International Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser

US-Ambassadrice bei der UNO, Nikki Haley, huet schonn um Donneschdeg

En Impfstoff géint Covid-19: D’EU-Kommissioun presentéiert seng Strategie
International Neiegkeeten

En Impfstoff géint Covid-19: D’EU-Kommissioun presentéiert seng Strategie

Gëschter huet déi Europäesch Kommissioun eng europäesch Strategie presentéiert, fir

Venezuela: Rout Kräiz bréngt humanitär Hëllef an d‘Land

Dissident Juan Guaido feiert d‘Verdeelung vu Waasser a Medikamenter als perséinlechen Erfolleg

Venezuela: Rout Kräiz bréngt humanitär Hëllef an d‘Land

An der venezuelanescher Haaptstad Caracas, huet den Internationale Rout Kräiz Comité (ICRC) fir d‘éischt säit Ufank vun der Kris, Drénkwaasser a Medikamenter (primär Tablette fir d‘Waasser ze rengegen) un d‘Mënschen a verschiddene Quartiere vun der Haaptstad verdeelt.

Wéi den ICRC via Twitter matgedeelt huet, war mat der Regierung en Accord fonnt ginn, fir déi benéidegt „humanitär Hëllef“ an d‘Land eranzeloossen. Eng Entscheedung déi am Uschloss un eng Visite vum ICRC-President gefall ass. Esou konnt en Dënschdeg e Frachtfliger mat Hëllefsgidder (Stroumgeneratoren, Waasser, Medikamenter…) zu Caracas Landen. Et soll net dobäi bleiwen…

Rout Kräiz

Esou wéi et vum ICRC virun e puer Deeg erkläert gouf, ass den „humanitäre Budget“ fir Venezuela vu ronn 9 Milliounen US-Dollar op 24,6 Milliounen US-Dollar ugehuewe ginn. Geld dat an éischter Linn an de Beräicher: Migratioun, Gesondheet, Waasser, Hygiène an Detentioun soll agesat ginn.

Dissident wittert e Virdeel

Interessanterweis, ass et den Dissident Juan Guaido, dee sech selwer zum Iwwergangspresident proklaméiert hat, vum Donald Trump an enge 50 weidere Länner „unerkannt“ gëtt, deen dës Hëllefsliwwerunge als „säin Erfolleg“ duerstellt. Eng „Meenung“ déi esou och vun de frëndlech gesënnte Medien iwwerholl ginn ass. De Juan Guaido huet dann och nees de Maduro kritiséiert.

E wier en Dag vum Erfolleg fir all d‘Venezuelaner an eng grouss Néierlag fir den Usurpator. Déi humanitär Hëllef wier agetraff, well hie mat senge Leit an de Venezuelaner, wéi ee Vollek, an de Kampf gezu wiere fir déi liewenswichteg Gidder an d‘Land anzeféieren. Elo misst séchergestallt ginn, datt d‘Hëllef och do ukënnt wou se am néidegsten ass. Detailer goufe keng genannt.

Dësen Aussoe widdersprécht de President vum venezuelanesche roude Kräiz, Mario Villaroel, an stellt richteg, datt d‘Verdeelung un 28 Spidäler streng nom Prinzip vun der Onofhängegkeet an der Neutralitéit stattfënnt. Hie appelléiert u „béid Säiten“ vun enger Politiséierung ofzegesinn…

mat indymedia/ccs/bog

Foto: Dat Rout Kräiz verwiert sech géint eng politesch Verklärung vun den Tatsaachen. Et géif ee sech strikt un d‘Prinzipie vun der Onofhängegkeet a Neutralitéit halen. © ICRC

Ähnlech Sujeten humanitär Hëllef, ICRC, Juan Guaido, Nicolas Maduro, Rout Kräiz, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel