Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?
International Neiegkeeten

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?

D’Chamberwahle sti virun der Dier. Schonn e Sonndeg muss ee

Luxembourg Gaming Xperience 2019 – kënnt Game Of Thrones op Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

Luxembourg Gaming Xperience 2019 – kënnt Game Of Thrones op Lëtzebuerg?

D’Preparatiounen zur 4. Editioun vun der LGX – Luxembourg Gaming

DKV-Urban Trail Lëtzebuerg: d‘Stad Lëtzebuerg anescht entdecken
International Neiegkeeten

DKV-Urban Trail Lëtzebuerg: d‘Stad Lëtzebuerg anescht entdecken

Et gëtt vill flott Manéieren eis Haaptstad ze entdecken, a

Venezuela schéckt EU-Ambassadrice heem

Venezuela schéckt EU-Ambassadrice heem

Nodeems Bréissel weider Sanktioune géint dat südamerikanescht Land verhaangen huet (Decisioun 2017/2074 vum Conseil), huet de President Nicolas Maduro der EU-Ambassadrice Isabel Brilhante Pedrosa 72 Stonne ginn, hir Wallissen ze packen an d‘Land ze verloossen.

D‘EU huet sech der US-Aussepolitik ugepasst a setzt elo och Sanktioune géint Mandatsdréier an, deenen eng Bedeelegung un Amtshandlunge géint d‘Demokratie an d‘Rechtsstaatlechkeet zum Virworf gemaach ginn. Betraff sinn 11 Leit. Déi dierfen elo net méi an d‘EU areesen an méiglecht Verméigen an der Unioun gëtt „agefruer“. An d‘Virwërf decken sech mat deene vu Washington.

VenezuelaEsou sollen déi sech fir d‘Verfolgung vu Membere vun der Nationalversammlung, esou wéi och fir Beschränkung vun der Presse- a Meenungsfräiheet agesat hunn. Et sinn awer net déi éischt op Persoune bezunne Sanktiounen. Bis ewell ware 25 Leit aus dem noen Ëmfeld vum venezuelanesche President vun de Sanktioune betraff. Och den Export vu Waffen an/oder Ausrëschtung, déi géint d‘Zivilgesellschaft kënnen agesat ginn, ass verbueden.

Dat hat 2019 zur Ausweisung vum däitschem Ambassadeur gefouert. Deen ass awer mëttlerweil nees op sengem Posten. De ganzen Dissens berout um Muechtkampf deen sech den Nicolas Maduro mam selwer ernannten Interimspresident Juan Guaido liwweren. De Guaido gëtt vun den USA, deenen hir Satellitte-Staaten a Latäinamerika an enger Rei europäescher als de legitimmen Iwwergangspresident unerkannt.

VenezuelaOp där aner Säit gëtt de gewielte President Maduro vu China, dem Iran a Russland, esou wéi och de Südamerikanesche Staate Bolivien, Kuba an Nicaragua ënnerstëtzt. Och d‘Sécherheetskräfte stinn hannert dem President. Den Iran huet rezent géint déi vun den USA verhaange Sanktioune verstouss, wéi si fënnef Uelegtanker geschéckt huet, fir datt d‘Energieversuergung nees geséchert ass. Den Donald Trump war verhale veriergert.

mat indymedia/ccs/bru

Foto: Ech hu beschloss der Ambassadrice vun der europäescher Unioun zu Caracas 72 Stonnen Zäit ze ginn, fir eist Land ze verloossen. Et ass es deem europäesche Kolonialismus genuch!“, esou den Nicolas Maduro © Prensa Presidencial

Ähnlech Sujeten EU-Ambassadrice, EU-Kommissioun, Isabel Brilhante Pedrosa, Sanktiounen, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel