Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

FDC: 545 Milliounen Euro an der Industrie vun de fossillen Energien
International Neiegkeeten

FDC: 545 Milliounen Euro an der Industrie vun de fossillen Energien

No de Rechnunge vun déi Lénk huet de Kompensatiounsfong (FDC)

Eng Campagne géint de schwaarze Freideg
International Neiegkeeten

Eng Campagne géint de schwaarze Freideg

Dee vun den Amerikaner initiéierte super Soldendag „Black Friday“ (schwaarze

Lëtzebuerger Lidder – Eis Kultur dierf net verluer goen!
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Lidder – Eis Kultur dierf net verluer goen!

Et muss sech méi fir eis Lëtzebuerger Traditioune, Bräich an

Venezuela: Den Trump verschäerft den Toun

Venezuela: Den Trump verschäerft den Toun

Eng militäresch Optioun géint de Venezuela gëtt vum amerikanesche President ernimmt. De Nicolas Maduro, sengersäits versprécht, enger US-Aggressioun „mat der Waff an der Hand“ ze begéinen.

Den US-President, zur Zäit a Vakanz op sengem „Golf“ zu Bedminster am New Jersey schéngt op Sträit aus ze sinn. „Mir hunn eng ganz Rei Optioune fir de Venezuela, abegraff eng militäresch, falls néideg“, esou den Donald Trump ee Freideg géintiwwer de Journalisten. Déi wollte Präzisiounen, ugesicht der Spannung mat Nordkorea, mee den Trump ass deem ausgewach.

„Mir hunn Truppen an der ganzer Welt, déi deels ganz wäit ewech sinn. De Venezuela ass net esou wäit an d’Mënsche leiden, d’Mënsche stierwen“, esou d’Äntwert vum Trump, dee sech an Begleedung vum Ausseminister Trump an der UN-Ambassadrice Nikki Haley entspaant gewisen huet.

De Pentagon, den op déi Ausso hin ugeschwat ginn ass, huet sech drop beschränkt matzedeelen, datt him an dësem Dossier keng Consigne virläit.

Diplomatesche „Black-Out“

Washington a Caracas hunn zanter 2010 keng Ambassadeure méi. D’Relatioun tëscht béide Länner haten sech awer zum Enn vum Barack Obama sengem Mandat verbessert. Déi wirtschaftlech a geschäftlech Verbindunge waren erhale bliwwen. Dat besonnesch um Niveau vun der Pëtrolsindustrie.

Ugangs August hunn d’USA dunn dem Venezuela Sanktiounen operluecht. De venezuelanesche President als och als „Diktator“ bezeechent ginn. Eng Reaktioun als folleg op déi kontroverséiert Wahl vun der Assemblée déi d’Verfassung soll erneieren. Eng Campagne déi vun Onroue begleet war a och Mënscheliewe gefuerdert huet.

Vun der Oppositioun an der internationaler Communautéit verworf, huet dës Assemblée eestëmmeg de Maduro a sengem Amt als „Konstitutionelle President vun der bolivarescher Republik Venezuela“ bestätegt.

D’schwaarz Lëscht vu Washington

Et ass net üblech, datt déi amerikanesch Regierung Sanktioune géint e Staatschef am Amt hëlt. De Nicolas Maduro ass dann och eréischt dee véierten, dee vu Washington sanktionéiert gëtt. De venezuelanesche President ass domadder op ee Niveau gestallt ginn, mam: syresche President Baachar al-Assad, dem President vu Simbabwe Robert Mugabe, an net ze vergiessen, dem nordkoreanesche Leader Kim Jong-un.

Géint aacht Responsabel, déi implizéiert sinn bei déi Asetzung vun der Assemblée am Venezuela, sinn dës Woch dann eng ganz Rëtsch nei Sanktioune geholl ginn.

De Staatssekretär vum Finanzministère, Steven Munchin hat an deem Zesummenhang och däitlech Wieder benotzt: „Dëse Regime ass inakzeptabel an d’USA wäerte weider op der Säit vun der Oppositioun stoen, déi sech géint d’Tyrannei stellt. Dat, bis datt de Venezuela eng friddlech a floréierend Demokratie erhält“.

D’Sich nom Gespréich

Um Donneschdeg huet de Nicolas Maduro matgedeelt, ee Gespréich mam Donald Trump ze sichen. „Wann hien esou um Venezuela interesséiert ass, ech sinn do, ech sinn de Chef vum deem wat hien interesséiert“ sot de Maduro an enger Ried virun der Assemblée.

E Gespréich um Telefon oder am Kader vun der UN-Generalversammlung, déi Mëtt September zu New York stattfënnt. Vum Wäissen Haus ass bestätegt ginn, datt de venezuelanesche President dat Gespréich ugefrot huet. Eng Ufro awer déi kategoresch verworf ginn ass.

„D’USA stinn op der Säit vum venezuelanesche Vollek géint déi permanent Repressioun déi vum Maduro-Regime ausgefouert gëtt. De President Trump schwätzt gäre mam venezuelanesche President, dat esoubal d’Demokratie nees agefouert ginn ass“, esou de Communiqué vum Wäissen Haus.

mam Jerome Cartillier/AFP

Foto: De President Nicolas Maduro virun der Assemblée déi eng nei Verfassung soll ausschaffen. Hien huet a senger Ried däitlech gemaach, d’Gespréich mam Donald Trump ze sichen, mee ass bereet sech enger militärescher Aggressioun ze stellen. (© Ronaldo/Schemidt/AFP)

Ähnlech Sujeten USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel