Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Zukunft vu Katalounien läit an den Hänn vun de Separatisten
International Neiegkeeten

D‘Zukunft vu Katalounien läit an den Hänn vun de Separatisten

Et hänkt un der Entscheedung vun de radikaalsten ënnert de

Klimawandel: Dem Boris säi Plang!
International Neiegkeeten

Klimawandel: Dem Boris säi Plang!

De Klimawandel schéngt och de britesche Premierminister Boris Johnson ganz

Jeremy Hunt dreet dem Iran mat Sanktiounen
International Neiegkeeten

Jeremy Hunt dreet dem Iran mat Sanktiounen

Fir unzefänke schéissen d‘Iraner eng US-Dron vum Himmel, da setzen

Venezuela: US-Arméi soll hëllefen de Regimm ze stierzen

Selwer ernannten Iwwergangspresident rifft no Geeschter déi hien net méi lass gëtt

Venezuela: US-Arméi soll hëllefen de Regimm ze stierzen

Am Venezuela, wou déi politesch Kris ufänkt sech geféierlech Zouzespëtzen, huet de Juan Guaido d‘Méiglechkeet an de Raum gestallt, de President Nicolas Maduro, falls noutwenneg mat der Hëllef vun der US-Arméi aus dem Amt ze dreiwen. Washington wëll sengersäits nei Sanktiounen aféieren.

Géintiwwer der Noriichtenagentur AFP, huet de Juan Guaido en Agrëff duerch d‘US-Arméi net méi ausgeschloss. Hien huet allerdéngs och gemengt, datt esou eng „Interventioun“ ee ganz gliddegt Eisen ass, firwat hien decidéiert alles Mënscheméigleches ze maache fir Liewen ze verschounen. No dëser Ausso, muss et erlaabt sinn dat schlëmmst ze befierchten, well Washington gefält dat.

Iwwerraschend kënnt dëse „politesche Schachzuch“ net. Och wa sech dee vun den USA an der EU unerkannten „Iwwergangspresident“ ëmmer zréckhalend iwwert eng militäresch Interventioun vu bausse geäussert huet, esou sinn et och d‘Amerikaner, déi him als éischt all Ënnerstëtzung zougesot hunn. Net ze vergiessen, datt den Donald Trump dem Nicolas Maduro säi Kapp gefuerdert huet.

Laut „Reuters“ soll dat Wäisst Haus zousätzlech Sanktioune géint Venezuela ausschaffen, fir den „Diktator mat friddleche Mëttel ze stierzen“. Un Drock op den demokratesch gewielte President feelt et net. D‘USA hu sech iwwert d‘Finanze vum Land hir gemaach, esou mat Sanktioune géint de staatleche Pëtrolskonzern PDSVA, deen d‘Amerikaner als hiert Eegentum betruechten.

Humanitär Kris?

Gewosst ass och, datt offiziell Vertrieder vun der US-Arméi an – net esou offiziell – Mataarbechter vum Auslandsgeheimdéngscht, Kontakt mat Offizéier vun der venezuelanescher Arméi opgeholl hunn. Heibäi geet et an éischter Linn dorëms, déi „ëmzedréinen“ fir datt si sech hannert de Juan Guaido stellen. Do gëtt et sécher Interessi, mee bis ewell stäipt d‘Arméi nach d‘Regierung.

Esou e Konflikt kann sech ouni Propaganda net halen, an dem Juan Guaido ass e kleng PR-Coup gelongen, andeems hien „Hëllefsgidder“ ugefuerdert huet fir der (provozéierter) humanitärer Kris ze begéinen. 100 Tonne Liewensmëttel, Hygiènesartikel a Medikamenter – déi ouni Sanktiounen nach ëmmer am Land disponibel wären – kéinten direkt ausgeliwwert ginn, wann d‘Grenz op ass.

Déi kolumbianesch Autoritéiten, déi aus ganz perséinleche Grënn d‘Spill vun den Amerikaner matmaachen, hu bestätegt, datt zéng Camione virun der Tienditas Bréck drop waarden, déi „Hëllefsgidder“ un dat leidend venezuelanescht Vollek ausliwweren ze kënnen. An de biergerleche Medie geet datt grouss opgezunn (propagandistesch) ouni sech den Hannergrënn unzehuelen.

Et geet net ëm d‘Mënschen

A fir de Nicolas Maduro gëtt d‘Loft dënn. Eng 40 Länner hunn sech der Positioun vu Washington – oft aus opportunisteschen Erwägungen eraus – ugeschloss, dorënner och Lëtzebuerg, dat ouni déi imminent wichteg Wirtschaftsbezéiungen zu Venezuela, net weider wuesse kann. Eppes méi am Eescht: Keent vun de Länner déi sech amëschen, ass un de Mënschen am Venezuela interesséiert.

Et kann ee vum Maduro hale wat ee wëll, mee an engem Punkt huet hie Recht: déi als „humanitär Hëllef“ deklaréiert Wueren, sollen der Welt verdäitleche wéi schlecht et ëm d‘Bevëlkerung gestallt ass, a firwat et noutwenneg ass, en Deel dovunner dout ze schéissen an de Regimm ze stierzen, fir datt hire „Messias“ de Venezuelaner d‘Land an den auslännesche Konzerner d‘Ressource ka ginn.

„Dat ass keng Hëllef, dat ass eng Damiddegung vum Vollek. Vu bausse gesäit de Pak wonnerschéin aus, awer bannen dran ass Gëft“, esou den venezuelanesche President um Freidegowend. Woubäi et nach emol wichteg ass ze wëssen, datt déi humanitär Kris zum gréissten Deel vun den USA gewollt a bewosst erbäigefouert ginn ass. Dat mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun der OAS an der EU.

Foto: (Archiv) Wann beim „Sträit ëm Venezuela“ tatsächlech ëm d‘Wuel vun der Bevëlkerung geet, wéi dat esou groussspuereg duergestallt gëtt, wéi ass et da mam Wuel vun de Mënschen am Jemen, Nordkorea, an iwwerall do wou entweder e Konflikt oder en Despot d‘Vëlker bedreet? De selektive Mënscherechtsverstand ass enk mam erhoffte „Profit“ verknäppt… © Fernando Llano

Ähnlech Sujeten EU, humanitär Kris, Juan Guaido, Nicolas Maduro, OAS, Petrol, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel