Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Stad Lëtzebuerg erwächt zu neiem Liewen
International Neiegkeeten

D‘Stad Lëtzebuerg erwächt zu neiem Liewen

Och d‘Haaptstad huet massiv ënnert der Covid19-Pandemie gelidden, mee lues

USA verspären EU Zougang zu russeschem Gas
International Neiegkeeten

USA verspären EU Zougang zu russeschem Gas

Mat senger Ënnerschrëft ënnert den „FY20 NDAA“ (National Defense Autorization

135 Joer Escher Pompjeeën: D‘Buch zu der Geschicht
International Neiegkeeten

135 Joer Escher Pompjeeën: D‘Buch zu der Geschicht

Um Freideg Nomëtteg hunn d‘Auteure Michel a Jeanny Krieps-Dell dem

Venezuela: US-Marionett kann Erwaardungen net erfëllen

Esou einfach wéi de Juan Guaido sech et virgestallt hat ass et dann awer net

Venezuela: US-Marionett kann Erwaardungen net erfëllen

Obwuel de selwer ernannten Interimspresident Juan Guaido vun den USA, den Europäer an anere Länner nach ëmmer ënnerstëtzt gëtt, an weiderhi behaapt gëtt hie géif vum Vollek „gedroen“, de séieren Auswee aus der „Kris“ kritt och hien net hin.

Méi wéi en Opruff zum Protest um haidege Samschdeg huet de Juan Guaido den Ament net ze bidden. Venezuelaner déi hir Hoffnungen an déi vu Washington gesteiert Marionett gestach hunn, dierften entspriechend enttäuscht sinn. De „Coup“ mat de getierkten Hëllefsgidder ass gänzlech an d‘Box gaangen, dofir ass de Chinesen hir humanitär Hëllef ukomm. Wéi soll et elo weidergoen?

Ugesiichts de Problemer bei der Stroum- a Waasserversuergung – wou d‘Regierung net ganz onberechtegt vu Sabotage schwätzt – hunn d‘Leit aktuell aner Prioritéiten, wéi dem neie Messias nozelafen. Interessant ass dann och, datt sech déi grouss Mainstream-Medien drop accordéiert hunn, dem Juan Guaido d‘Zoustëmmung vun de sougenannt „politesch neutralen“ zouzegestoen.

Dat verhënnert net, datt déi sëlleche Stroumausfäll, déi schonn emol e puer Deeg dauere kënnen, de Venezuelaner op d‘Palm dreift, an dësen dovunner iwwerzeegt, datt mat enger gudder politescher Féierung d‘Problemer ze léise wieren. Wann et dach ëmmer esou einfach wier. Richteg awer och, datt, de „Chaos“ iwwerhand hëlt, a vill Produktiounsbetriber hir Aarbechter net beschäftege kënnen.

Wann et net esou leeft wéi e sech dat virgestallt huet

Am Kontext vun dëser „ugespaanter“ Situatioun dierf een dann emol op Verschiddenes hiweisen, wat och d‘Theorie vun der Sabotage bekräftegt. Esou hu sech vill Regimegéigner, a besonnesch all déi „am Ausland“ erhofft, datt wann et zu deeglaange Stroumausfäll kënnt, d‘Revolutioun géif ausbriechen an de Nicolas Maduro gestierzt kéint ginn. Dat ass wéi mir wëssen net agetrueden…

Dofir leeft am Hannergrond den Amerikaner hir Propagandamaschinn weider. Esou gëtt eng ganz interessant Behaaptung opgestallt: „iert d‘Mënschen op d‘Strooss goe kënnen, mussen si sech mat Liewensmëttel a Waasser versuergen. An Afrika wou esou Zoustänn den Alldag sinn, kënnen sech autoritär Regierungen un der Muecht halen“. Si ginn awer net un, wien déi Regimmer ënnerstëtzt.

Washington huet laang virum Trump, op der ganzer Welt mat Erfolleg versicht seng Marionetten un d‘Muecht ze bréngen. Dat hat emol geostrategesch Grënn, ass awer meeschtens ëm d‘Ofsécherung vum Zougrëff op d‘Ressource gaangen. D‘Welt huet et net besser gemaach, an et gëtt der esouguer déi iwwerzeegt sinn, datt d‘Migratiounskris och der US- an EU-Aussepolitik geschëlt wier.

mat indymedia/ccs/nyc

Foto: © Alex Yomare/Pixabay

Ähnlech Sujeten Juan Guaido, Nicolas Maduro, US-Marionett, US-Propaganda, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel