Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kongress a Wäisst Haus leien sech an den Hoer
International Neiegkeeten

Kongress a Wäisst Haus leien sech an den Hoer

Zu Washington geet d‘Gestreits tëscht dem Kongress an dem Wäissen

Tätowéierinne solidaresch am Kampf géint de Broschtkriibs
International Neiegkeeten

Tätowéierinne solidaresch am Kampf géint de Broschtkriibs

Mat der „Ladies Tattoo Convention“ an den Hale vun der

Confinement: D‘Police beklot de schlechte Beholl
International Neiegkeeten

Confinement: D‘Police beklot de schlechte Beholl

Eigentlech gëtt d‘Recommandatioun „Bleift Doheem!“ vun der grousser Majoritéit vun

Landminne-Rapport: Eigentlech verbueden an awer klammen d‘Afferzuelen

Landminne-Rapport: Eigentlech verbueden an awer klammen d‘Afferzuelen

De Verbuet fir Landminnen ass ëmfaassend: si dierfe weder hiergestallt, kaf oder verkaf, gelagert an agesat ginn. D‘Jody Williams, eng Schlësselfigur am Kampf géint d‘Landminnen erkläert: „Et ass déi Weltwäit erfollegräichst an am beschten ëmgesaten Ofrëschtungscampagne“. An awer huet 2018 ronn 6.900 Doudeger a Blesséierter duerch Minne ginn. Dat geet esou aus dem Rapport ervir.

Wann een et mat aneren Ofrëschtungscampagne vergläicht, ka festgehale ginn, datt de Verbuet fir Landminne besser duerch- an ëmgesat ginn ass, wéi beispillsweis den Atomspärvertrag, an deem et sëllechen Ausnahme fir déi „traditionell“ Atommuechte gëtt. Oder de Verbuet vu biologesche Waffen, wou d‘Texter ongenee formuléiert sinn an Schwieregkeete bei der Ëmsetzung d‘Norm ass.

Et muss och drop verwise ginn, datt de Verbuet fir Landminnen a Streebommen, keng „Erfolleger“ vu Staaten, jo nach net emol de Vereenten Natiounen (UN) ass. Nee dat ass der Zivilgesellschaft zouzeschreiwen, den Dosenden Netregierungsorganisatiounen – vum internationale roude Kräiz bis hinn zu Human Rights Watch -déi sech onermiddlech fir de Verbuet dovunner agesat hunn.

De Verbuet stëtzt sech op d‘Argument, datt den Asaz vu Landminne keen ënnerscheet tëscht den Zivilisten an den Zaldoten/Kämpfer mécht. Entspriechend dem „Krichsvëlkerrecht“ sinn déi Waffegattungen illegal, bei deenen et onméiglech ass zivil Affer ze vermeiden. Esou ass den 18. September 1997 zum „Ottawa-Accord“komm, deen den 1. Mäerz 1999 a Kraaft getrueden ass.

Iwwer 160 Länner hunn dësen Accord – den Anti-Persouneminne verbitt – ënnerzeechent, an déi meescht halen sech zumindest un de Moratoire, keng Landminne méi hierzestellen an anzesetzen. Vill Länner bedeelegen sech och um Fonds (dee brauch all Joers ëm déi 700 Milliounen US-Dollar) fir d‘Ënnerstëtzung vun den Affer an d‘Entschäerfung vun nach ëmmer verminnte Gebidder.

Landminnen

Därer gëtt nach Dosende Weltwäit, esouguer an Europa (Bosnien, Kroatien). Erfreelech datt an der tëscht, an engen 30 Staaten all d‘Minne konnten onschiedlech gemaach oder geraumt ginn. Déi Länner gëllen elo als „sécher“. Mee wéi et d‘Jody Williams bestätegt, et ass een nach wäit vun engem Enn ewech. D‘Tendenz ass zudeem net ermonterend, well et gëtt nees vill méi Affer.

Aus dësem Grond gëtt et déi nächst Woch zu Oslo eng Konferenz zur Iwwerpréiwung vum Landminneverbuet. 2018 sinn duerch Landminnen 3.059 Mënsche gestuerwen, 3.837 si verletzt ginn. Dräivéierel vun den Affer waren Zivilisten, an dovunner waren d‘Hallschent Kanner. Ze notéieren ass, datt zum enge Minnen aus längst vergaangene Kricher nach ëmmer déidlech sinn.

An zum aneren – wat aktuell den eigentleche Problem ass – elo net staatlech Acteure Minne leeën: Esou d‘Houthi-Rebellen am Jemen, verschidde Milizen an Afghanistan, Burma, Mali, Nigeria, Syrien oder der Ukrain. An dës „Acteure“ spillen an der moderner Krichsféierung eng ëmmer gréisser an déidlech Roll. Et ass och net esou, datt déi vëlleg onkontrolléiert géifen agéieren.

Bedenklech ass d‘Feststellung, datt ëmmer méi Regierungen zur Duerchsetzung vun Interessen op esou „Gruppen“ zréckgräifen. Dës militant Acteure sinn net ze kontrolléieren a stellen eng reell Gefor duer. Ob et déi nächst Woch zu Oslo zu Léisungsvirschléi kënnt. wéi deem ze begéinen ass, an ob et iwwerhaapt en Interessi gëtt, dat muss sech nach erweisen.

mat indymedia

Foto: Ee Minnefeld a Bosnien. (Gerald Simon / Pixabay)

Ähnlech Sujeten Landminnen, Oslo, Rapport, Verbuet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel