Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Migrante viru Lampedusa: Roum dréit domatter se zréck a Libyen ze schécken
Neiegkeeten

Migrante viru Lampedusa: Roum dréit domatter se zréck a Libyen ze schécken

Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini, huet e Sonndeg domatter gedreet,

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?
Neiegkeeten

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?

Haut ass de Weltwaasserdag, an déi gesamt Weltgemeinschaft ass sech

Philharmonie: Een erfollegräichen Optakt fir den OPL virun der Südamerika Tour
Neiegkeeten

Philharmonie: Een erfollegräichen Optakt fir den OPL virun der Südamerika Tour

Den Optakt vun der neier Saison 2019/20 huet sech net

Verbuet vu Glyphosat: Hoffentlech just een éischte Schrëtt

Verbuet vu Glyphosat: Hoffentlech just een éischte Schrëtt

natur&ëmwelt begréisst d’Decisioun vun der Regierung, ab 2021 den Asaz vu Glyphosat komplett ze verbidden. Dëst Verbuet am landwirtschaftlechen an ëffentlechen, awer besonnesch och am private Secteur war dem Veräi scho laang een Uleies. Dëst ass ee wichtegen a richtegen Entschloss, an natur&ëmwelt wëll alle Bedeelegten an Involvéierten, déi dëse Schrëtt mat Souveränitéit a Verantwortungsbewosstsinn matgedroen hunn, gratuléieren.

Dës begréissenswäert Moossnam kann awer just den éischte Schrëtt an déi richteg Richtung duerstellen an duerf op kee Fall duerch alternativ Pestizid ersetzt ginn. Dëst Verbuet muss soumat een Deel vun enger konsequenter Phasing-out-Strategie sinn, déi sech den integrale Verzicht vu Pestiziden zum Zil setzt.

Apropos pestizidfräi Landwirtschaft: Och wann nach ëmmer vill Matbierger behaapten, dass eng pestizid- an herbizifräi Landwirtschaft kee realisteschen Usaz fir d’Ernierung vun der Weltbevëlkerung an der Zukunft ass, huet schonn eng 2017 verëffentlecht Etüd de Géigendeel beluecht. Wëssenschaftler vum Fuerschungsinstitut fir biologesche Landbau (FiBL), vun der Universitéit Aberdeen, der ETH Zürech an der Alpen-Adria Universitéit Wien hu mat engem nei entwéckelte Modell vum globalen Ernierungssystem bewisen, dass een 2050 souguer 9 Milliarde Mënsche weltwäit mat enger 100 % biologescher Landwirtschaft nohalteg erniere kéint.

Dëst erfuerdert eng Rei, awer duerchaus realiséierbar Moossnamen: D’Reduzéierung vum Konsum vun déieresche Produiten, d’Reduzéierung vum Liewensmëttelverloscht a -verschwendung an déi naturgeméiss Fidderung vun de verbleiwenden Notzdéieren. Een ëmwelt- a klimaschoundende Landwirtschaftssystem an eng nohalteg Ernierungsweis sinn also méiglech a soumat sollten eis Gesellschaft an d’Regierung dës aktiv a verstäerkt ënnerstëtzen an ustriewen.

Falls d’Lëtzebuerger Regierung wierklech entschloss ass, sech fir den Ëmwelt- a Klimaschutz, a soumat eng liewenswäert Zukunft fir eis an déi nächst Generatiounen anzesetzen, dann ass et elo Zäit ze handelen. Et gëtt keng Ursaach Pestiziden nach méi laang ze dulden an doduerch d’Biedem, d’Frëschwaasser an d’Biodiversitéit weiderhin ze degradéieren.

natur&ëmwelt wäert weiderhin duerch Berodung a Sensibiliséierung bei der Ëmsetzung vun dëse Schrëtt seng Hëllef ubidden. D’Natur an d’Biodiversitéit, mee och eis eege Gesondheet seet Merci.

Quellen: Muller, A., Schader, C., El-Hage Scialabba, N. et al. Strategies for feeding the world more sustainably with organic agriculture. Nat Commun 8, 1290 (2017) doi:10.1038/s41467-017-01410-w

Matgedeelt vun natur&ëmwelt – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Biodiversitéit, Ernierung, Gesondheet, Glyphosat, Glyphosatverbuet, Herbizid, natur&ëmwelt, Pestizid, Verantwortung, Verbuet, wëssenschaftlech Etüd
Nächsten Artikel Virrechten Artikel