Search

You may also like

Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!
International Neiegkeeten

Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!

De Prozess deen d‘Regierung zu Madrid géint déi katalanesch Separatiste

money
Insolvenz Nobert Keller AG
International Neiegkeeten

Insolvenz Nobert Keller AG

Nodeems d‘Entreprise Nobert Keller AG vun Ëlwen, eng Entreprise déi

Kornischongswaasser amplaz Streesalz?
International Neiegkeeten

Kornischongswaasser amplaz Streesalz?

Am vergaangene Wanter huet déi bayresch Staatsbauverwaltung e Pilotprojet lancéiert,

Verbuet vum Eewee-Plastik: Ee positiivt Enn ass a Siicht!

Verbuet vum Eewee-Plastik: Ee positiivt Enn ass a Siicht!

An noer Zukunft solle sämtlech Eewee-Plastikartikel an der gesamter Europäescher Unioun verbuede ginn. Dozou gehéiere beispillsweis Stréihällem, Plastikgeschir a Wattestäbchen aus Plastik, sou wéi bestëmmt Liewensmëttelverpackungen.

Déi Deputéiert vum Europäesche Parlament hunn dëse Mëttwoch iwwert d’Resultat vun de Verhandlungen iwwert déi nei Richtlinn („Richtlinnevirschlag iwwert d’Verréngerung vun den Auswierkunge vu bestëmmte Konschtstoffproduiten op d’Ëmwelt“) ofgestëmmt.

Och déi gréng EU-Deputéiert Tilly Metz weist sech glécklech: „Nodeems d’EU-Kommissioun nach viru wéinege Joren all Noutwennegkeet fir Plastikverbueter bestridden huet, ass d’Eenegung ee groussen Erfolleg fir d’Ëmweltbeweegung a weist, datt mir mat Drock aus der Zivilgesellschaft a staarke Gréngen am Europaparlament ambitionéiert Ëmweltpolitik an Europa maache kënnen.

D’Enn vum Eeweeoffall ass de Startschoss fir eng Gesellschaft, déi manner Offall produzéiert an nohaltegt wirtschaft. Mat dem Verbuet vu verschiddene Plastikproduiten, den neien Informatiounsflichten op Plastikproduiten a mat ambitionéierte Recycling-Zieler setzt déi Europäesch Unioun ee staarkt Zeeche géint fahrlässegen an ëmweltverschmotzende Konsum. Den nächste Schrëtt ass eng Plastiksteier, fir esou Ureizer fir Innovatiounen an d’Entwécklung vun nohaltegen Alternativen zum Plastik ze schafen.“

Hannergrond

D’Richtlinn, op déi d’Institutiounen sech am Dezember gëeenegt haten, gesäit vir, datt Eeweeartikelen vollstänneg verbuede ginn. Donieft enthält si Bestëmmunge fir d’Propper-Machen an d’Entsuergung vun Zigarettestëmp duerch d’Tabakindustrie no dem Veruersaachprinzip, Sammelplaze fir Gedrénksfläschen a fir d’Hierstellung vun de Fläschestëpp. D’EU-Memberstaate kréien national Reduktiounszieler fir Becheren a Liewensmëttelverpackungen. D’Richtlinn trëtt am Fréijoer 2021 a Kraaft.

Related topics Eeweeplastik, EU-Parlament, Richtlinn, Tilly Metz, Verbuet
Next post Previous post