Search

You may also like

Tierkeschen Nationalist entscheet Stéchwahl op Nordzypern
Neiegkeeten

Tierkeschen Nationalist entscheet Stéchwahl op Nordzypern

Nordzypern gëtt zanter 1974 vun tierkeschen Truppe besat, gesäit sech

De Sozialplang vun der BEI-Crèche ass ënnerschriwwen
Neiegkeeten

De Sozialplang vun der BEI-Crèche ass ënnerschriwwen

Déi Europäesch Investitiounsbank (BEI) um Kierchbierg mécht Enn August definitiv

2. – 5. Mee: Luxembourg Street Photography Festival
Neiegkeeten

2. – 5. Mee: Luxembourg Street Photography Festival

Vum 2. bis de 5. Mee 2019 fënnt zu Bouneweg

Nach bis den 29. Mee: Verdeele vu Schutzmasken u Grenzgänger

Nach bis den 29. Mee: Verdeele vu Schutzmasken u Grenzgänger

Zënter dem 11. Mee 2020 si méi wéi 90.000 Këschte Schutzmasken un d’Grenzgänger gaangen. Zesumme mat der Post ginn nach bis de 24. Mee 2020 op alle Sitten, uschléissend just nach um Findel an um Belval Masken verdeelt.

D’Verdeele vun de Masken u Grenzgänger verleeft dobäi no engem bestëmmte Plang:

Op Christi Himmelfaart um 24. Mee 2020 sinn zwee Sitten vun 9:00 bis 17:00 Auer op:

  • Esch-Belval, Parking Square Mile um Boulevard du Jazz, L-4370 Esch-Uelzecht
  • Lëtzebuerg, Fluchhafe Parking E, rue de Trèves, L-2632 Findel

Um Freideg, den 22. Mee 2020 sinn all Sitten op.

Fir de Flux u Frontalieren op de verschidde Verdeelerplazen besser ze geréieren, si folgend Sitten um Weekend vum 23. a 24. Mee vun 9:00 bis 17:00 Auer op:

  • Beetebuerg, Parking Mäerchepark, route de Mondorf, L-3260 Beetebuerg
  • Iechternach, Parking eLake Festival, CR 378, L-6412 Iechternach
  • Esch-Belval, Parking Square Mile, boulevard du Jazz, L-4370 Esch-Uelzecht
  • Fréiseng, Park & Ride, chaussée Robert Schumann, L-5754 Fréiseng
  • Lëtzebuerg, Fluchhafen Parking E, rue de Trèves, L-2632 Findel
  • Mäertert, Park & Ride Wasserbillig/Mesenich, L-6617 Mäertert
  • Stengefort, Park & Ride, rue Collart, L-8414 Stengefort
  • Ëlwen, Gare, rue Staedtgen, L-9906 Ëlwen

An der kommender Woch, also vum 25. bis den 29. Mee, sinn da just nach d’Verdeelerplazen um Findel an um Belval operationel. Sollten d’Frontalieren hire Bong bis de 24. Mee net kritt hunn, solle si sech mat hirer Carte d’Identité an der Krankeversécherungskaart op engem vun dësen zwee Sitten afannen.

Related topics Esch-Belval, Findel, Fluchhafen, Frontalier, Grenzgänger, Post, Schutzmasken, Verdeedegungsminister, Verdeelerpunkten
Next post Previous post