Search

You may also like

Bass du prett fir Black Panther?
Neiegkeeten

Bass du prett fir Black Panther?

All puer Méint begréisst eis en neie Superhelde-Film an de

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns
Neiegkeeten

18 äiskal Filmer, déi s de fir Chrëschtdag kucke kanns

Dir kennt et all: D‘Feierdeeg sinn do, et hockt ee

Déi nei Baby Info ass do!
Neiegkeeten

Déi nei Baby Info ass do!

Déi zweet Baby Info vun der Initiativ Liewensufank ass endlech

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp

Vereedegungsmarathon fir d’Gemeng Helperknapp

Um haitege Mëtteg sinn de Buergermeeschter, wéi och dräi Schäffe vun der Gemeng Helperknapp vereedegt ginn. Hiert Verspriechen hu si der Inneministesch Taina Bofferding ginn.

Nom groussherzoglecher Veruerdnung vum 11. Februar 2020 huet de Frank Conrad säin Eed als Buergermeeschter vun der Gemeng Helperknapp ofginn. Och de Jean-Claude Bisenius, den Henri Noesen an de Joske Vosman duerften, no der ministerieller Veruerdnung vum 6. Mäerz 2020, der Inneministesch hiert Versprieche ginn. Si iwwerhuelen d’Funktioun vun de Schäffe vun der Gemeng Helperknapp.

Folgendermoossen hu si hiren Eed ofginn:

„Je jure fidélité au Grand-Duc, d’observer la Constitution et les lois du pays, et de remplir avec zèle, exactitude, intégrité et impartialité les fonctions qui me sont confiées.“

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Jean-Claude Bisenius a Joske Vosman, Schäffe vun der Gemeng Helperknapp; Taina Bofferding, Inneministesch; Frank Conrad, Buergermeeschter un der Gemeng Helperknapp; Henri Noesen, Schäffe vun der Gemeng Helperknapp © Inneministère

Related topics Frank Conrad, Gemeng Helperknapp, Henri Noesen, Inneministère, Jean-Claude Bisenius, Joske Vosman, Taina Bofferding, Vereedegung
Next post Previous post