Search

You may also like

An Tëschenzäit an Nordkorea
Neiegkeeten

An Tëschenzäit an Nordkorea

Wärend op der (bal) ganzer Welt d‘Regierunge mam Coronavirus Covid19

geek
De Marvel Cinematic Universe, erkläert
Neiegkeeten

De Marvel Cinematic Universe, erkläert

Ween och nëmmen geleeëntlech e Bléck op de Kinosprogramm werft,

Naturpark Südeifel: dem Paschtouer säi Gaart am Gaisbachdall
Neiegkeeten

Naturpark Südeifel: dem Paschtouer säi Gaart am Gaisbachdall

Wien sech gären an der Natur ophält, trëppele geet an

Een neie Schäffen: Vereedegung vum Maurice Bauer

Gëschter ass de Maurice Bauer (CSV) vun der Inneministesch Taina Bofferding als Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg vereedegt ginn.

No der Demissioun vum Isabel Wiseler-Lima (CSV) vum Schäffeposten an duerch d’Europawahlen huet elo den Här Bauer dës Aufgab ugeholl. Elo ass et un him, fir sech ëm déi sozial Aktioun, eeler Persounen, de soziale Logement, d’Gläichheet tëscht Männer a Fraen, d’Integratiounspolitik an d’Jugend ze këmmeren. D’Isabel Wiseler-Lima bleift als Member vum Gemengerot erhalen.

Säin Eed huet hie mat der folgender Formuléierung vum Artikel 6 aus dem Gemengegesetz vum 13. Dezember 1988 ofgeluecht: „Je jure fidélité au Grand-Duc, d’observer la Constitution et les lois du pays, et de remplir avec zèle, exactitude, intégrité et impartialité les fonctions qui me sont confiées.“

Fotoen © VDL/Charles Soubry

Related topics CSV, Isabel Wiseler-Lima, Maurice Bauer, Schäffen, VDL, Vereedegung
Next post Previous post