Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG
Neiegkeeten

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider

Hues du en Iwwerbléck driwwer, wie mat wiem fusionéiert huet?
Neiegkeeten

Hues du en Iwwerbléck driwwer, wie mat wiem fusionéiert huet?

No an no fält d’Zuel vun de Gemengen am Land.

Wäert d’Hillary Clinton nach emol an d’Renne goen?
Neiegkeeten

Wäert d’Hillary Clinton nach emol an d’Renne goen?

De Stephen Colbert kann sech net grad iwwert e Mangel

Vereedegung vum Sëller Buergermeeschter an engem Schäffen

Vereedegung vum Sëller Buergermeeschter an engem Schäffen

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 8. Februar 2019 ass de Jean Konsbruck als neie Buergermeeschter vun der Gemeng Sëll ernannt ginn. Haut war et dunn um Jean-Paul Mousel fir no der ministerieller Veruerdnung d’Funktioun vum Schäffen zu Sëll zougedeelt ze kréien.

Vereedegung

(v.l.n.r.) Jean-Paul Mousel, Schäffe vun der Sëller Gemeng; Jean Konsbruck, Buergermeeschter vun der Sëller Gemeng; Taina Bofferding, Inneministesch; © MINT

Haut de Mueren hu si der Inneministesch Taina Bofferding hiren Eed ofginn. Nom virgeschriwwenen Artikel 6 vum Gesetz vum 13. Dezember 1988 hu si mam folgendem Saz hir Funktioun ugetrueden: „Je jure fidélité au Grand-Duc, d’observer la Constitution et les lois du pays, et de remplir avec zèle, exactitude, intégrité et impartialité les fonctions qui me sont confiées.“

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Jean Konsbruck, Buergermeeschter vun der Sëller Gemeng; Taina Bofferding, Inneministesch; Jean-Paul Mousel, Schäffe vun der Sëller Gemeng © MINT

Ähnlech Sujeten Buergermeeschter, Jean Konsbruck, Jean-Paul Mousel, Schäffen, Sëll, Taina Bofferding, Vereedegung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel