Frankräich verstäerkt seng Kontrollen op de Fluchhäfen
Bei eise franséischen Noperen si bannent 24 Stonnen iwwer dausend
Bei eise franséischen Noperen si bannent 24 Stonnen iwwer dausend
Si hu géint den Ausschloss vun der Oppositioun bei der
Wéi de CGDIS iwwert Twitter matgedeelt huet ass et um
En Dënschdeg, den 9. Juli goufen 263 Léierpersoune vereedegt, déi bis dohin nach am Stage waren.
100 Stagiairen si bei der Vereedegungszeremonie am Forum um Campus Geesseknäppchen als Professer am Enseignement Secondaire ernimmt ginn. Ganzer 163 kënne sech ab elo ganz offiziell als “Joffer” oder “Schoulmeeschter” bezeechnen – déi meescht vun hinne wäerten zur Rentrée an der Grondschoul aktiv sinn, woubäi et och eng Rei Kandidate gëtt, déi an de Régime Préparatoire goe wäert.
No de Primaner dierfen sech dann elo och déi “Grouss” iwwert hir Reussite freeën – war de Stage fir déi meescht ugoend Enseignanten dach eng a villerlee Hisiicht onnëtz Zousazbelaaschtung. Mat enger grousser Suerg manner dierft sech elo kuerz erblose ginn, fir ab September mat neiem Elan déi nei Etapp kënnen unzegoen.
Wien elo virwëtzeg ginn ass, wien dann eventuell deen neie Proff, respektiv déi nei Joffer oder deen neie Schoulmeeschter vu sengem Sprössling ka ginn, dee kann op dëser Lëscht mol luussen.
Mir wënschen dem neie Léierpersonal alles Guddes op hirem Wee!
© Melvin Hatto/moien.lu
Opmaacherfoto & Galerie: © Melvin Hatto/moien.lu