Wéi gutt kenns du de Kanton Wolz?
[onionbuzz quiz-id=62][/onionbuzz] Nodeems mer eis lescht Woch de Kanton Klierf
[onionbuzz quiz-id=62][/onionbuzz] Nodeems mer eis lescht Woch de Kanton Klierf
D’Erkenntnis, dass de Virus sech och an de Schoule verbreet,
Als ADESP deele mer heimat eis Positioun zu verschiddenen Diskussiounspunkten
Um éischten Abrëllsdag goufen – an nee dat war kee Witz – goufen 2 Buergermeeschter a 5 Schäffen a Presenz vum Taina Bofferding verdeedegt.
No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 12. Mäerz 2019 ass de Jean Colombera zum Buergermeeschter vu Viichten ernannt ginn. De Jean-Paul Mathay ass no der groussherzoglecher Veruerdnung vum 21. Mäerz 2019 als Buergermeeschter vu Géisdref vereedegt ginn. Viru gaangen ass et mam Luc Recken an dem Paul Maréchal, déi ab elo Schäffe vu Viichten sinn. De Claude Gilson an de Marc Keilen sinn als Schäffe vu Géisdref verdeedegt ginn, de Serge Thein ass elo Schäffe vu Schëtter.
Bei der Inneministesch zou hu si hiren Eed ofgi mat folgendem Saz: „Je jure fidélité au Grand-Duc, d’observer la Constitution et les lois du pays, et de remplir avec zèle, exactitude, intégrité et impartialité les fonctions qui me sont confiées.“
Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Claude Gilson, Schäffe vun Géisdref; Jean-Paul Mathay, Buergermeeschter vu Géisdref; Marc Keilen, Schäffe vu Géisdref; Serge Thein, Schäffe vu Schëtter; Paul Maréchal, Schäffe vu Viichten ; Jean Colombera, Buergermeeschter vu Viichten; Luc Recker, Schäffe Viichten ; Taina Bofferding, Inneministesch © Inneministère