Dausende Salariéeë vu Google protestéiere géint sexuell Belästegung
Vu Singapur iwwer London bis New York, an esouguer um
Vu Singapur iwwer London bis New York, an esouguer um
Beim Frankfurter Marathon konnten den pjuractive härztransplantéierten Ironman-Finisher Elmar Sprink
432 Deputéiert hunn am House of Commons, géint dee vum
Et ass dee Konflikt op der Welt, bei deem méi Mënsche verhéngere wéi duerch Waffegewalt ëm d‘Liewe kommen: de Biergerkrich am Jemen. E Konflikt an deem d‘Regierung vu Saudiarabien, d‘Houthi-Rebelle vum Iran ënnerstëtzt ginn an deen sech zu engem sougenannte Stellvertrieder-Krich entwéckelt huet. D‘UN-Friddensbeméiungen hu bis ewell keng Verbesserung bruecht.
Datt elo den UN-Welternährungsprogramm seng Hëllef an der Haaptstad Sanaa astelle wëll, hätt en direkten Impakt ob déi ronn 850.000 Awunner. Ënnerernierte Kanner, Mammen déi hiert Kand nach stëllen a schwangere Frae sollen awer weider vun den Hëllefsprogrammer profitéieren dierfen. De Grond: Hëllefsgidder ginn ëmgeleet fir Geld ze maachen, kommen net méi do un wou se sollten.
Virum Un-Sécherheetsrot huet de WFP-Direkter David Beasley missen agestoen, datt d‘Un net méi sécherstelle kann, datt d‘Hëllef och bei deenen ukënnt déi se am néidegsten hunn. Aus dësem Grond hätt hie geroden, d‘Liwwerungen auszesetzen. Et géif schlicht an ergräifend kee Sënn maachen sech anzesetze wann et net méiglech ass onofhängeg ze schaffen. Dat wier keng einfach Entscheedung…
Woubäi et och net ka sinn, datt deenen äermsten a vulnerabelste Mënschen d‘Kuuscht, souzesoen aus dem Mond geklaut gëtt. An dem David Beasley seng Virwërf ginn direkt un d‘Adress vun den Houthi-Rebellen. Si géifen d‘Liewensmëttel klauen, esou de WFP-Direkter, deen zudeem monéiert, datt et ënnert de Rebelle Gruppe gëtt, déi den Zougang verspären, Hëllefsliwwerunge blockéieren.
Mee och lokal Autoritéite wëllen e Wuert bei der Verdeelung vu Liewensmëttel matschwätzen, eng onofhängeg Auswiel vu Beneficiairen ass net méiglech. Dobäi ass déi humanitär Lag am Land generell katastrophal. 20 Millioune Jemenitte wiere reegelrecht um erhéngeren, an awer géif d‘UN massiv behënnert ginn, och wann et no „Gespréicher“ ëmmer nees Liichtblécker ginn huet.
Vun den Rebelle ginn d‘Virwërf kategoresch zréckgewisen. Si beschëllegen dogéint de WFP ofgelafe Liewensmëttel ze verdeelen. „Amplaz verduerwent Iessen auszegi sollt d‘Organisatioun de leit Geld ginn“, esou hire Standpunkt. D‘Houthi beschëllegen d‘UN dann och nach géint geltend Recht ze verstoussen. Si bezéien sech op déi biometresch Registréierung vun den Hëllefsempfänger.
mat indymedia/rom/nyc
Illustratioun: © Ammar Bamatraf/WFP