Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trump-Presidence a Gefor
International Neiegkeeten

Trump-Presidence a Gefor

Dem Donald Trump seng chaotesch Presidence huet gëschter ee neien

dislike
Big in Japan: Bréissel an Tokio mat JEFTA géint den Trump
International Neiegkeeten

Big in Japan: Bréissel an Tokio mat JEFTA géint den Trump

Bei engem „klénge“ Sommet haut zu Bréissel, wäerten d‘EU a

D‘Juli Zeh weist eis eng brutal éierlech Zukunftsvisioun an Leere Herzen
International Neiegkeeten

D‘Juli Zeh weist eis eng brutal éierlech Zukunftsvisioun an Leere Herzen

Dystopien sinn an der däitscher Literatur mëttlerweil in. Et ass

Vereenten Natiounen: De Jean Asselborn setzt sech fir d‘Kanner an

Vereenten Natiounen: De Jean Asselborn setzt sech fir d‘Kanner an

E Méindeg hat den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) zu New York um ëffentlechen Debat op de Vereenten Natiounen deelgeholl. Et ass heibäi ëm d‘Schicksal vun de Kanner a Krichszäite gaangen. E Schicksal dat Millioune Kanner trëfft, an un deem och de „Wuelstand“ schold huet.

Organiséiert gi war den Debat vun der schwedescher Presidence vum Rot, an huet sech ronderëm de Joresbericht vun der UNO zur de Kanner an de bewaffente Konflikter artikuléiert. D‘Resultater déi een erhalen huet, an wéi eng Aktioune konkret mussen ënnerholl ginn, fir d‘Gewalt géint d‘Kanner ze beendegen an och an Zukunft ze verhënneren, war d‘Häerzstéck vum Debat.

Gleeft een der Regierung, dann ass de Schutz vun de Kanner déi ënnert bewaffente Konflikter ze leiden hunn, e Problem dem Lëtzebuerg eng grouss Bedeitung zoukomme léisst. Si war iwwregens och eng vun de Prioritéiten, beim alleréischte Mandat am UN-Sécherheetsrot (2013/14).

„Vun der demokratescher Republik Kongo bis Syrien, vu Myanmar bis an den Afghanistan, vum Sudan bis an de Mali… Kanner ginn ëmbruecht a verstümmelt, gekidnappt oder zwangsrekrutéiert, vu staatleche wéi net-staatlechen Acteure vergewaltegt“, stellt de Jean Asselborn fest. An d‘Zuele ginn dem Ausseminister Recht: 2017 huet d‘UNO iwwer 21.000 Virfäll bestätegt.

De Schutz vun de Kanner dierf kee Lëpsebekenntnis sinn

„An engem Kontext vun sech widderhuelenden Iwwergrëff, muss de Schutz vun de Kanner e systematesche Charakter erhalen. (…) D‘Ënnerstëtzung fir d‘Programmer zum Schutz vun der Kandheet a Krichszäiten, muss esouwuel d‘Moyene wéi och d‘Kapassitéiten erhalen, fir dat séchergestallt gëtt, datt déi Kanner nees fräi kommen an zréck bei hir Famillje kënnen“:

Asselborn

Interventioun vum Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn, beim Debat op de Vereenten Natiounen, dee sech mam Schicksal vun de Kanner a Krichszäite beschäftegt huet. © MAEE

Fir de Jean Asselborn ass et dann och essentiell, datt d‘Beroder zum Schutz vun de Kanner, am Kontext vun hirem spezifesche Mandat, vun de Vereenten Natiounen an d‘UN-Missiounen integréiert musse ginn. Eng Fuerderung déi esou net nei ass, leider och nach net erfëllt gouf.

Mee et sinn net nëmmen déi Vereenten Natiounen, déi hei hirem Optrag musse gerecht ginn, och aner Organisatioune mussen hire Bäitrag leeschten. „Et ka keng Stroffräiheet fir déi ginn, déi sech engem Verbrieche géintiwwer Kanner schëlleg gemaach hunn“ betount den Ausseminister. Hie verweist op d‘Roll vum internationale Geriichtshaff, déi och entspriechend matschaffe misst.

Foto: De Jean Asselborn mat der Generaldirektesch vun der UNICEF, Henrietta H.Fore, an dem stännege Representant vu Lëtzebuerg op der UNO, Christian Braun. © MAEE

Ähnlech Sujeten Jean Asselborn, Kanner, Krich, Schutz, Vereenten Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    63

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0