Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Leit aus dem Québec hunn sech fir de Nationalismus entscheet
https://moien.lu/lowestoft-dating-site/ Neiegkeeten

dating someone new after a breakup

Et war schonn esou eppes wéi e „politescht Äerdbiewen“ nodeems

30 too late to start dating
https://moien.lu/lowestoft-dating-site/ Neiegkeeten

No Bezéiungsdrama: Police sicht no méiglechen Zeien

Zu Wolz ass et um 2. Januar um 15.10 Auer

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert
https://moien.lu/lowestoft-dating-site/ Neiegkeeten

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert

Vum Hierscht u soll an alle Crèche souwuel Lëtzebuergesch ewéi

Vereenten Natiounen a Geldnout

UNO stécht matten an senger gréisster Finanzkris zanter gutt engem Joerzéngt

Vereenten Natiounen a Geldnout

An engem Communiqué huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres bekannt gemaach, datt déi Vereenten Natiounen zolidd Geldsuergen hunn. Well d‘Memberlänner hir Beiträg net bezuelen, geet der UNO d‘Geld aus an et wier elo ze befierchten, datt méiglecherweis keng Paie kënnen ausbezuelt ginn.

D‘Organisatioun wier bedreet an et kéint derzou kommen, datt d‘UNO seng Liquiditéitsreserve bis Enn vum Mount verbraucht hätt. Dat géif bedeiten, datt d‘Paien un d‘Mataarbechter net kënnen ausbezuelt ginn an d‘Rechnunge vun de Fournisseuren net méi beglach ginn. Dobäi hunn awer net manner wéi 129 vun den 193 Memberlänner hir Beiträg (ronn 2 Milliarden US-Dollar) iwwerwisen.

All déi aner, esou den Antonio Guterres sollten dat méiglechst zäitno elo och maachen. Dat ass e fromme Wonsch an op dee kann an Erfëllung goen, hänkt vu ville Facteuren of. Den Haushalt vun de Vereenten Natioune beleeft sech op gutt 3,3 Milliarden US-Dollar. D‘USA steiere ronn 22% vum Budget bäi, also zumindest um Pabeier. Zanter datt de Donald Trump agéiert ass deem net méi esou.

Laut de leschten Zuelen, wieren d‘USA der Staategemeinschaft ronn 380 Milliounen US-Dollar aus fréiere Budgete schëlleg, an och 670 Millioune fir 2019 wieren nach net iwwerwise ginn. Datt deem elo esou ass, huet och nees mam Donald Trump ze dinn, deen d‘UNO fir obsolet a vill ze giereg erkläert. D‘USA géifen e vill ze héije Beitrag leeschten heescht et, firwat Reformen néideg sinn.

Et géif zwar un allem gespuert an säit Januar hätt ee sech stramm Spuermoossnamen operluecht. Wier deem net esou, hätt een net emol de Goss gehat fir déi alljäerlech Generaldebatt ze finanzéieren. Wann net séier déi ausstoend Beiträg iwwerwise ginn, muss nach méi „gespuert“ ginn, wat sech negativ op de Fonctionnement vun den Institutiounen auswierke géif, esou d‘Fakten.

Nieft dem Fait datt déi nei „Austeritéit“ dozou féiert, datt d‘UN-Mataarbechter manner op d‘Rees ginn an esouguer Konferenzen net kënnen organiséiert ginn, sinn esou och wichteg Sommeten net méi méiglech. Esou wéi sech d‘Konten den ament duerstellen, kann et passéieren, datt déi 37.000 UN-Mataarbechter am November keng Pai ausbezuelt kréien. Ass d‘UNO nach ze retten?

mat indymedia/nyc

Foto: Edgar Winkler / Pixabay

Ähnlech Sujeten Antonio Guterres, Geldnout, UNO, Vereenten Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel